„Tëschent den Zeilen“
„Tëschent den Zeilen“, sou heescht de neitste Roman vum Schrëftsteller Jhemp Hoscheit. Et ass e literarescht Zäitdokument iwwer d’Méint März bis Juni 2020, während dem sougenannten „Confinement“ an der Coronakris. Eng kleng Famill (Mamm, Papp an Teenager Duechter) probéiert sech mat der Situatioun ze arrangéieren. De beschtbekannten Lëtzebuerger Auteur versteet et, wéi gewinnt, op eng gekonnt Manéier, Fiktioun, Poesie a Realitéit schrëftstellerech ze verschaffen a verschidde Geschichten ze verbannen, déi zum Schluss vum Buch matenee verschmëlzen. Mir wëllen eis zesummen ukucken, wat hei nach esou tëschent den Zeilen ervirgeet.
Europe, and in Ancient Russia
Nimools hätt ech geduecht, dass dat Thema nees géif op d'Tapéit kommen. Neen, mir hu keng Kanner an d'Welt gesat…
D'EU ass soss näischt gewierscht wéi d'trojanëscht Pärd vum Globalismus, fräi nom Motto: geschaffen um zu knechten. Vill vun eise…
Eis Hoffnung fir Fridden war d'EU. Si war do fir eis Sécherheet ze verdeedegen. Wat ass aus där EU ginn?…