Onrouhen zu Santiago de Chile – “toque de queda”

Bericht vun Bekannten op der Plaz – 20. Oktober 2019

News äus dem Chile. “De Militärchef huet lo grad offiziell declaréiert dass am Chile vun 22:00-07:00 Auer “toque de queda” as: Ausgangssperre!! Dest sin diktatoresch Zoustänn. D’Militär ass op de Stroossen, d’Helikopteren fléien iwert d’Staat, Busser gi verbrannt, 41 Metro Statiounen sinn zerstéiert gin, Supermarchéen ginn iwwerfall an äusgeraumt. Metrosvagonen gi verbrannt an d’Manifestanten kréien d’Schold, obwuel desen Vandalismus wahrscheinlech vun infiltréierten Polizisten provozéiert gett. Ee Student ass an de Kapp geschoss gin an leider em d’Liewe komm! D’chilenescht Vollék ass erwecht an manifestéiert op de Stroossen géint déi emmer méi héisch Tarifer vum Metro, Waasser, Stroum, de mangelnden öffentlechen Schoulsystem, déi inhuman Renten, de Mangel u Waasser etc etc. Santiago ass a Flamen. Virun allem déi Jonk ginn op d’Strooss. Säit 37 Joer gouf et keng Ausgangssperre méi. 1973 war am Chile en Militärputsch…2019 ennert der Regierung vum Präsident Piñera ass am Chile neess en ähnlechen Zoustand wéi während der Diktatur. Feier kann een net mat Benzin läschen. Chile as am Erwechen!” – Weider Infos

Weider Korrespondenz vum 25. Oktober 2019

Chile no se rinde. De Chile gett net op!


Santiago, 5 Deeg nom éischten Militärasaatz. Den Helikopter flitt emmer nach iwert mäin Häus. Wann een Dagsiwer duerch d’Stroosse geet, géif ee jo op den 1. Bléck mengen et wär alles in Butter. As et awer net. Iwerall hänken Plakater an op de Stroossekräizungen sin d’Äschen vun de Barrikaden, déi all Owend Santiago opliichten loossen. Militär virun de Metrostatiouen, déi mettlerweil transportfäheg sin. D’Leit gin vereenzelt erem op d’Arbecht, verschidden Schoulen maachen en 1. Versuch neess zur Normalitéit zeréck ze kommen. Ouni groussen Erfolleg. Och haut den Owend versammelen sech virun der Dir d’Noperen, fir mam Bräiläffel op d’Kachdeppen ze schlooen. Dat as jo déi chilenesch Art a Weis fir friddlech ze demosntréiren. Me haut si just e puer Noperen dobäussen. Et as och e bessen kaal. Oder sin d’Leit einfach och midd? D’Madame vun vis a vis schléit mat aller Kraaft op d’Leitplank, dat kléngt méi haart wéi just op d’Deppen schloen. Sie as als Kand während der Militärdiktatur mat hierer Famill an Norwegen geflücht. Als Jugendlech koum sie awer zeréck an de Chile an kruut nach e puer Joer vun der Diktatur mat. Sie schléit a schléit ouni Paus. Ech kommen och mat méngem klengen Deppen bei si a soen ”moien Nopesch, haut sin awer net vill Leit versammelt”. Sie äntwert ouni mech ze kucken: ”dofir awer méi Leit verschwonn!” Mettlerweil sin 2.410 Menschen festgeholl gin an 18 Menschen em d’Liewen komm. Kann een sech dat virstellen? Den Noper kennt mat séngem klengen Meedchen derbäi a bréngt en Lautsprecher mat. Revolutionell Lidder vum Victor Jara gi gespillt. Lues a lues kommen nach méi Nopeen derbäi. Eng Fra freet, vu wou ech kéim. Wou Letzebuerg läit, weess sie net. An ech berouegen si, well ech wosst och nii wou genau de Chile läit. Mir kommen an d’Gespréich. Jiddereen kuckt onroueg op net irgendwou e Militärwon em den Eck gefuer kennt. Vue que dass Ausgangssperre as, si mir an desem Moment Gesetzesverbriecher a kéinten theoretesch festgeholl gin. Mee d’Chilenen sin gudd organiséiert. Jidderen kuckt an eng aaner Richtung. Op eemol taucht wäit ewech d’Silhouette vun enger Camionette op. Schäiss. As dat lo d’Police, d’Militär oder just eng Ambulanz? Uff, Feelalarm. Eng Ambulanz fiert lues laangscht an de Chauffeur laacht frendlech äus der Fenster. Schnell bréngen d’Noperen äus hieren Haiser Kartong, Holz, futtis Miwelen, aal Häusdieren an riichten eng Barrikade an der Mett vun der Strooss op. Mir gett et sou lues mulmeg am Bäuch. D’Nopesch seet eis bescheed, dass mer am Noutfall all bei sie an d’Häus rennen sollen. An kuerz drop as et och sou wäit: d’Militär kennt ugefuer, e riesege Camion mat Zaldoten hannendran. ”Schnell, schnell, fort, an d’Häus eran”, jäitzen se all an zesummen rennen mir drop lass. Zu 10 sti mer zesummen am enke Gang, maachen schnell d’Dier zou. Se fueren laangscht. Uff. Et as gudd äusgaang. Mir décidéiren léiwer elo all schloofen ze gon. Ech gin schnell iwert den Trottoir bei mech heem. Dobäussen as et wéi doud. Keen een Auto op der Strooss, keng eenzeg Menscheséil. An dat an enger 7 Millioune Staat. Mee et as net den silence vu Letzebuerg, deen ech emmer esou genéissen, wann ech am Ländche sin. Et as de silence vun der Ennerdréckung an der Angscht. Ech stin hannert dem Rideau a kucken heemlech eräus. D’Feier vun der Barrikad brennt nach. D’Zeechen vun der Hoffnung. Muer as am Chile déi gréissten Demo äus der Welt ugesoot. Et bleiwt näischt aaneschters, wéi d’Angscht ze vergiessen an op d’Strooss ze gon.
Chile no se rinde. De Chile gett net op!

Léif Gréiss op Lëtzebuerg.

Diane

Fortsetzung hei

One thought on “Onrouhen zu Santiago de Chile – “toque de queda””

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.