Archives

Vu manipuléierten Zuelen, dubiéisen Impfungen an ahnungslosen Journalisten

(e Commentaire vum René Flammang)

Et ass interessant ze gesinn, wéi d´Fallzuelen duerch onsen Ministère kennen manipuléiert ginn. Hei ass elo e Beispill, dat beweist, wéi een duerch d´Unzuel vun den Tester den Taux vun den soug. Infizéierten kann an d´Luucht drécken, oder senken. Wat nees eng Kéier de Beweis bréngt, dass dat alles vun der Regierung esou gewollt ass an absolut näischt mat enger Krankheet ze dinn huet. An der haiteger Zeitung vum Letezb. Wort steet nämlech, dass d´Neiinfektiounen géifen erofgoen. Si wären vun 246,60 Fäll op 202,04 Fäll pro 100.000 gefall. An dat innerhalb vun enger Woch. Wéi konnt dat Wonner geschéien?

  • 12

Plandemie an déidléchen Impfdesaster Deel zwee

(Vum René Flammang)

Am Wort gëtt 1 Joer Plandemie reegelrecht gefeiert. Ganzer 5 Säiten ginn deem ganzen Desaster geopfert. Di ganz Covid Protagonisten ginn nach emol ganz genee virgestallt. Natierlech eis Kanéngchen (gemengt ass hei d’Gesondheetsministésch, déi ugangs des Joëres 2020 wéi eng Kanéngchen aus dem Hut gezaubert gouf – M.D.) un éischter Platz, mat hirem neie Frënd dem Xavier. Wann ech dogéint op déi 12 Méint zeréckkucken, ass et mir net fir Feierleches ze schreiwen. Am Géigendeel, et war e Joer wou ons praktesch all Grondrechter a vill anerer einfach oferkannt goufen.

  • 6

Déidléchen Impfdesaster weltwäit!

Den René Flammang hëlt am Kader vun sénger „Corona-Chronik“ déi aktuell Ëntwëcklungen a puncto Impfungen ënnert d’Lupp, déi daat dokumentéieren, waat kritésch Zäitgenossen aus allen Beräicher zënter laangen viraussoën; een eenzégen Desaster, deen scho ville Mënschen d’Gesondheet an zum Deel och d’Liewen kascht huet!

  • 1

D’Wuert zum Sonndég

E weideren Extrait aus dem René Flammang sénger Corona-Chronik, mat gewinnt spatzer Fieder geschriwen, en Extrait, deen eigentléch schon sollt de leschte Weekend hei op dëser Plaatz publizéiert gin, vu sénger skurriler Aktualitéit awer nach näischt verluer huet. D’Oprégung an d’Polemik ronderëm den oppenen Bréif war awer dank eise Staatsmedien dun dertëscht komm…

  • 12

Fallzuelen – oder wéi déif kënne mer nach falen ?

Aktuellen Auszuch aus dem René Flammang séngem Buch, wou en zënter dem Ufank vun der „Kris“ dru schreiwt an selbstverständlech ëmmer nach virun dru schreiwt, vu dass besote „Kris“ jo partout keen Enn wëll fannen, och wann eigentlech keen esou richtig ze wësse schéngt, firwat. Mat spatzer Zong a mat der néideger Portioun bëssegem Humor beschreiwt de Produzent vu opklärende Filmer wéi „Lëtzebuerg am Krich“ oder „ARDENNEN Wanter 1944-45“ doran, wéi absurd d‘Ëmstänn ronderëm déi sougenannten Corona-„Pandemie“ sinn a berifft sech dobäi virun allem op déi „offiziell“ Quellen à la ‚Luxemburger Wort‘‚ ‚RTL‘ a Konsorten.

  • 4