Archives

De Pass Sanitaire, hei an a Frankräich

(Vum René Flammang)

A Frankräich gëtt elo de Pass Sanitaire agefouert. Eppes, dat bei ons scho laang Wierklechkeet ass a wou ausser mir kee Mënsch sech drun gestéiert huet. Wou méi wéi sécher déi mannste Lëtzebuerger sech der Drowäit vun dësem Covid Check iwwerhaapt bewosst waren. Hei ass een an dëse Saachen jo zimmlech einfach gestréckt an denkt net gären ze vill no. Dofir ass déi ganz Affär bei ons esou gutt wéi net bemierkt ginn.

  • 4

1ten Juli 2021

(Vum René Flammang)

Den 1te Juli 2021 ass en denkwierdegen Dag. Et ass deen Dag wou eis ënnert dem Label vun enger neier Fräiheet ons total Ënnerwerfung a komplett Ennerjochung ennerbreet gëtt. Et ass ons e grousst Flugblat an d´Haus geschneit, op deem déi néi Lièwenskonditiounen ganz genee festgeschriwwen sinn.
An dësem Kontext ass ganz nièwebäi e reegelrecht Bürokratiemonster geschafe ginn.
Dat wat hei steet muss een sech emol firdéischt ganz lous zu Gemitt féieren. Ouni deen neien Covid Check-Zertifikat ass vun elo un praktesch näischt méi méiglech. Esou wéi d´Saach ausgesäit, muss een vun elo un iwwerall- wuer een wëllt higoen- den Covid Check- Zertifikat parat hunn…

  • 8

387ten Dag

(Vum René Flammang)

Esou zimmlech iwwerall an der EU ass ze mierken, dass d´Spill vun den Regierungen esou lous ufänkt op en Enn ze goen. Iwwerall ass ze mierken dass d´Justiz anscheinend wëlles huet, d´Heft nees an d´Hand ze huelen an de Regierungen iwwerall ufänkt ze weisen, dass et net méi esou virun geet, wie dat elo iwwert e Joer gehandhaabt gouf, nämlech dass praktesch Gesetzer op d´Schinn gesat goufen déi sech em d´Rechtsstaatlechkeet net déi Boun gekëmmert hunn.

  • 2