Revolt am Chile

En Aënzeiebericht vum Diane Catani – Liest dozou och dësen Artikel!

Ee Mount laang Revolt am Chile. Eisen Alldag. Méng Sichtweis.
(19. November 2019 – Santiago, Chile)

D’Zeechen vum Fridden am Chile geet em d’Welt.


Schéin, gell? Nodeems d’Politiker jo lo en ”Friddensakt” ennerschriwen hun, haaten se jo Meteren a Meteren wäissen Stoff instaléiert, moies fréi op der ”Plaza Baquedano” (déi jo lo ”Plaza de la Dignidad” heescht, d’Plaatz vun der Dignitéit.). D’Leit sollen gleewen, dass erem alles an der Rei as. D’Revolte am Chile gett am Äusland esou beschriwen, wéi wann lues a lues alles erem enner Kontroll wier. Dat as awer net esou.

D’Chilenen hun d’Saach duerchkuckt a wessen genau, dass d’Politiker eis wellen fir domm verkaafen. D’Fro as just, wéi laang mir et nach äushaalen, all Dag protestéiren ze gon? All eis privat an geschäftlech Pläng hänken an der Loft, et as kee gudd Gefill. Mir sin midd, d’Ereignisser iwerschloen sech. D’Biller an d’Videoen an de soziale Medien sin ergräifend: massiv Gewalt géint Fraen, Studenten an mettlerweil och Kanner. Säit engem Mount si mir elo schon äus der Alldgasroutine eräus gerappt. Et as ustrengend, wanns de moies um 6 duerch eng Ambulanzesiren statt vum Wecker erwecht gess, oder wanns de owes Schess héiers an déng Kanner versichs ze iwerzeegen, dass dat Freedefeier as. Ech sin och am Moment e bessen erschloen vun dem Ganzen a versichen emol ebessen op de Buedem ze kommen. Am Projet Teatro Bus, wou mir säit 10 Joer fir Kanner am Armevéirel Theaterateliers ubidden, hu mir eis Ofschlosspräsentatioun missen oofsoen. E ganzt Joer prouwen em soss? Mat der aktueller Kris am Land sin vill Theaterfestivals oofgesot gin. Zimmlech enttäuschend fir eis jonk Theatermeedercher. Sie kréien déi ganz Gewaltwell natirlech mat. De ganzen Dag schwätzt jo jidereen vun den schockéirenden Norichten. Sie sin opgedréint a gestresst. D’Gewaltwell hei am Chile huet also och bei de Kanner hier Folgen hannerlooss. Déi läscht Prouw hu mir dofir psychopädagogescht Material verwendt, fir dass sie hier Erliewnisser kennen opschaffen. Mir loossen sie an den Prouwen improviséiren: sie spillen Szenen vun verletzte Menschen, vu Widderstand an vun der Police, déi Kanner verschleeft!


Wéi geet et elo weider? Mäi Meedchen huet schon e Mount keng Schoul méi. Fir en Donneschden 21. Nov. as erem Nationalstreik ugesot. Well Friddenspakt hin oder hier, de Präsident huet bis elo nach keng vun den Chilenen hieren Fuerderungen eescht geholl. D’Vollék well an där neier Verfassung mat abezunn gin. Mir bleiwen um Ball.
Santiago, an de Rescht vun de chilenesche Stiedt, steet also weiderhin a Flaamen. Trottoiren gin zerschloon, fir äus dem Betong déck Steng ze kréien, fir sech géint déi bewaffnet Police ze verteidegen. Stroosseschelder gin vun den Manifestaten als Schutzwappen emfunktionnéiert. Organiséiert fräiwelleg Medizinstudenten riskéiren hiert Liewen, fir matzen an den Protester, Verletzter ze retten. Eng ganz Strooss am Zentrum vu Santiago as mettlerweil als Stroosse-Spidol emfunktionéiert gin. Aanerer verdeelen gratis Iessen a Waasser fir déi vermummten Rebellen. Sie sin eis Nationalhelden, déi an der éischter Rei géint massiven Tréinegaas a Schess Widderstand leeschten. Emmer erem gin Polizisten an Zivill tescht de Manifestanten entdeckt. Längst as bekannt, dass sie sech gezielt ennert d’Manifestanten meschen, fir d’Onrouen unzeheizen.


Wann hei net villes verbrannt a futti geschlo gi wier, hätten d’Politiker nii réagéiert. Schued, dass et esou wäit muss kommen. Och déi ganz solidaresch Aktiounen vu Chilenen an Kanada, Moskau, Barcelona, Berlin, Freiburg, Holland, etc….gi Kraaft a bewierken eppes. Et besteet Hoffnung. Déi Energie, déi hei ze spieren as, hat ech bis elo nach net erliewt. Et rappt dech äus dénger Seefebloos an där een geliewt huet. D’Revolt huet d’Solidaritéit an eis erwecht. Mir kucken dem Noper erem an d’Aan. Mee de Kampf as nach net gewonn. D’Menscherechtsverletzungen gi weider. E puer Aktivisten an Präsidenten vun de Schülerkommissiounen si schon spuerlos verschwonnen. Aanerer tauchen no e puer Deeg verbrannt op. Dat as grad hei wéi deemols an der Diktatur (1973, ënnert dem Pinochet). Net ze gleewen. An nodeems se weltwäit de Friddenspakt publizéiren, schéisst d’Police weiderhin de Menschen an de Protester riicht an d’Aa an de Wasserwerfer ziilt riicht op d’Secouristen, déi grad versichen, en Manifestant ze retten. E Kolleg vu mir, den en sozialen Zirkusprojet huet, kruut mat der Schrootflënt e Schoss oof, deen d’Sproochzentral am Gehir verletzt huet. Jonk Polizisten gin als ”Manifestanten” verkleed an dozou gezwong, weiderhin Kirchen a Banken ze verbrennen. Ett gett genug Videoen, déi dat beweisen. De Fernseh kemmert sech drem, dass fir des Schandtaten d’Vollék verantwortlech gemaach gett. Ett geet jo drem, d’Vollék géint d’Vollék opzehetzen, fir déi aktuell Unioun ze schwächen. A während dessen huet de Präsident Piñera säi Miliouneverméigen op auslännesche Konten, eventuell och zu Lëtzebuerg plazéiert an a Secherheet bruecht. Et bleiwt spannend.

Viva Chile
Diane

One thought on “Revolt am Chile”

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.