„Tëschent den Zeilen“

En Zäitdokument … op verschiddene Niveauen

„Tëschent den Zeilen“, sou heescht de neitste Roman[1] vum Schrëftsteller Jhemp Hoscheit.[2]  Et ass e literarescht Zäitdokument iwwer d’Méint März bis Juni 2020, während dem sougenannten „Confinement“ an der Coronakris. Eng kleng Famill (Mamm, Papp an Teenager Duechter) probéiert sech mat der Situatioun ze arrangéieren. De beschtbekannten Lëtzebuerger Auteur versteet et, wéi gewinnt, op eng gekonnt Manéier, Fiktioun, Poesie a Realitéit schrëftstellerech ze verschaffen a verschidde Geschichten ze verbannen, déi zum Schluss vum Buch matenee verschmëlzen. Mir wëllen eis zesummen ukucken, wat hei nach esou tëschent den Zeilen ervirgeet.

Op der éischter Bannesäit gi mer schon eppes gewuer vum Plot:

„De Papp ass am Homewriting. Mee dat ass de Schrëftsteller Laurent Gelser am Fong ëmmer. E stécht zurzäit an enger Romanfiktioun, an där e Vertrauensbroch eng Bezéiung zerstéiert. Wat wär, wa sech eng änlech Situatioun a säi Liewe géif aschläichen? Gespréicher mat engem Virusleegner, deen de Laurent an e Verschwörungsnarrativ verwéckelt, si keng wierklech Oflenkung. Dofir verschaaft d‘Schreiwe vu Gedichter him e bëssche Loft.“[3]

Et ass an engem Sënn och en Zäitdokument iwwer d’Spaltung an der Gesellschaft, déi beschriwwe gëtt iwwer de Wee vun de „Sträitgespréicher“ tëschend dem Schrëftsteller Gelser an dem Här Reischel, deen d‘Pandemie kritesch hannerfreet an dofir als „Virusleegner“ duergestallt gëtt. Et ass deen Aspekt, deen eis hei haaptsächlech wäert beschäftegen. Dräi mol am Roman begéinen sech déi zwee Kontrahenten ronderöm e Béier oder Kaffi fir en intensiven Austausch zum Thema „Verschwörungstheorien“. Mer wëllen eis ukucken, wat hei, net nëmmen „tëschent den Zeile“ gesot gëtt, um Hannergrond vun der Bio-Logik a vum Zirkelschluss.

Loosse mer eis drun erënneren,  dass mer psychologesch Wiesen sinn. Mir reagéieren opgrond vun eise Gefiller, vun eise Prägungen, vun eiser Geschicht, vun eiser Erzéiung. Erwähnt sief an deem Kontext de Professer a Psycholog Mattias Desmet, deen eng fundéiert Analyse gemaach huet vu Leit an hirem Verhalen während der Coronakris. Graff gesinn deelt hien d’Leit an 3 Kategorien an: déi Erwächt oder immun géint Manipulatioun sinn, eng passiv Mass vu Matleefer an eng 3. Kategorie, déi „hypnotiséiert“ sinn. E nennt e puer Grondviraussetzungen, dass dat ka fonktionéieren, ënnert anerem d’Angscht, dann eng gewëssen Onzefriddenheet oder Frustratioun, vläit och e Mangel un Urvertrauen. D’Weltbild ass éischter geprägt vun enger biologistesch, mechanistesch, materialistescher Siicht. Des Leit fannen e neien Halt am „Kollektiv“, verbonnen duerch e klore Feind, engem Virus, pflegen eng gewësse Solidaritéit a schiirmen sech of géint Leit, déi anescht denken. Et ass ze vergläichen mat enger Art Kult, Leit verbannen sech an engem „Glawen“ un de Virus mat engem Erkennungszeechen, enger Mask. [4]

Den Auteur vum Roman schneid deen Aspekt och un, a verbënd et mat de „Verschwörungstheoretiker“: „Nëmme sie hu Recht. Wéi an enger Sekt … an där se sech wuelfillen, eng Sekt, an där se sech géigesäiteg bestätege mussen a profiléiere kënnen.“ (S.43)

E Grupp mat enger Sekt ze vergläichen geet an d’Richtung vun der „ad hominem“ – Attack an dingt der Ofgrenzung zu desem Grupp.[5]  

Ech inspiréiere mech och un den Analysen vum Johann Siegfried Mohr[6], dee verschidde bekannte Personagen opgrond vun hiren „Konstellatiounen“ (Wesensverännerungen duerch e Konflikt an den 2 Gehirhalschenten) beschriwwen huet. Wéi zum Beispill d’Bernadette vu Lourdes, oder de Rudolf Steiner.[7]

Den Auteur vum Roman verschafft d’Onsecherheeten vun där Period a sicht no Äntwerten. 

„Dacks, wann en d’Aktualitéit verfollegt an op der Tëlee, op Facebook an op Youtube déi ënnerschiddlechsten Usiichten zu der Pandemie ugekuckt a gelauschtert huet, huet e sech gefrot, ob de Reischel net Recht hätt mat deem Virus, dee just duerch d’Angscht ausgeléist gëtt.“ … Bei dem Facebook-Gebraddels huet sech de Laurent selwer bei der Fro ertappt, wéi et da wär, wann dat Ganzt en Täuschungsmanöver wär, fir vun de wierkleche Problemer ofzelenken, en international orchestréierte Plang an e grousse Schwindel.

Dat huet e sech awer séier nees aus dem Kapp geschloen.

E konnt net zouloosen, datt dem Reischel seng sougenannten Erkenntnisser an Erzielungen, déi op kenger faktescher Basis berouen, sech wéi eng Gehirwäsch op hien auswierken an doduerch säin eegent Urteelsverméigen ënnerwanderen.“ (S. 88f.)

„A wann et wouer wär …“ Firwat huet en sech dat séier nees aus dem Kapp geschloen? Där Fro wëlle mer an deser Analyse nogoen. Mir wëllen eis an desem Artikel op Aussoen aus dem Roman baséieren a se an de Kontext setzen vun der Bio-Logik.

Déi ganz Diskussioun geet eigentlech net an d’Déift oder un de Fong vun der Saach, z.B. ob e Virus verantwortlech ass fir eng Krankheet a wéi eng Ausléiser et kéint ginn fir Krankheet, wann et net e Virus ass. Sie dréint éischter ronderöm den Aspekt, wéi ech mech ka schützen viru Verschwörungstheoretiker oder wéi ech méng Identitéit ka schützen.

„Tëschent den Zeilen“

En interessanten, mysteriösen Titel. E gëtt e puermol erwähnt am Buch. Zum Beispill op der Säit 248 wou den Här Reischel dem Här Gelser no hirem läschten Treffen norifft:

„Ech hoffen, Här Gelser, eis Gespréicher waren net emsoss. Iergendwéi bleiwt ëmmer eppes hänken. A vergiesst net: Wann Der eppes driwwer schreift, versteet een och villes tëschent den Zeilen.“

Tëschent den Zeile gi mir och eppes gewuer iwwer d’Astellung an d’Weltbild(verteidegung) vum Auteur. Dat wëlle mer verdéiwen.

An der Germanescher Neier Medezin heescht et, dass et ganz schwéier ass säi Weltbild opzeginn, well een domat séng Identitéit, an domat séng Existenz géif opginn. Dat ass déidlech. An dofir wiert sech den Organismus automatesch géint esou Attacken mat engem biologesche „Sonderprogramm“. D’Identitéit ronderöm mäi Weltbild muss geschützt ginn. Dat ass bio-logesch sënnvoll, verständlech.

Den Auteur beschreiwt et selwer wonnerbar, am Kontext vun „Meenungsverschiddenheeten“, andeems en sech muss mat engem däitschen Term zefridde ginn:

„… Eng Zort Selbstschutz. Jidderee pocht op seng Meenung, och wa se falsch ass. Meng Meenung ass ëmmer richteg. Denen aneren hir ass falsch. A wann déi vläicht awer – et kann ee jo nie wëssen, et kéint jo mol sinn? – richteg wär, da gëtt se net zougelooss. Dat war beim Reischel och esou. Dee muss sech verdeedegen a säi Standpunkt mordjës bäibehalen, soss verléiert en séng „Daseinsberechtegung“. Sorry fir dat däitscht Wuert!“ (S. 221).

Op der Säit 195 hat e scho bemierkt:

 „Awer deem séng Wourecht besteet aus Hallefwourechten an aus Spekulatiounen.“

Gëtt emol esou hei behaapt. Angeblech och ouni Fakten an ouni Beweiser. [8] Mais hunn se sech déi zesummen ugekuckt? Nee, dat war angeblech keen Thema. Well Verschwörungstheorien (typeschen Zirkelschluss) kuckt een sech net un. Well Verschwörungstheoretiker hunn eng Taktik …

Déi si jo Spezialisten am Oflenken, am Erfannen, am Bluffen.“ (S.287)

Wéi sënnert een Informatiounen? Den Auteur stellt et spillerech duer:

„D’Informatiounen an des Tut. D’Desinformatiounen an déi aner Tut. Ween deelt déi richteg Tuten aus? Wee seet engem, wat an déi eng Tut kënnt, wat an déi aner? De Reischel mecht sech et einfach. Et gëtt nëmmen zwou Tuten. D’Tut mam Schwindel an d’Tut mat senger Wourecht. Eng schwaarz an eng wäiss.“ (S. 194)

Hei erkennt een erem den Zirkelschluss an d’Virverurteelung.

Aus der Siicht vun der Bio-Logik muss ech déi Attacke vu baussen op méng Identitéit ofwieren. Wéi maachen ech dat? Andeems ech mech schützen an de Géigner verdäiwelen. Sou wéi am Krich de Géigner ëntmënschlecht gëtt fir et besser fäerdeg ze bréngen, en emzebréngen. Dat Muster ass bekannt.

Den Auteur benotzt 2 Techniken. Eischtens: De Géigeniwwer gëtt mat Antisemitismus an enger ënnerschwelleger Holocaustrelativéierung a Verbindung bruecht.

„Wat mech stéiert, dat ass, datt aktuell e Mix aus Corona-Schwindel an antisemitesch Elementer gemaach gëtt.“ … Wat ech soe wollt, dat ass, datt ech et skandaléis fannen, datt bei den Adepte vum Corona-Schwindel dacks antijüdesch Ressentimenter matspillen.“ (S. 179)

En zitéiert de Stefan Lanka[9], dee behaapt „Impfe wär Völkermord a mam Holocaust  ze vergläichen.“ (S.181) an den Dr. Tal Schaller, dee vun engem „génocide planétaire“ am Kontext vun den Impfunge schwätzt an den Hitler am Verglach dozou als „enfant de choeur“ bezeechent huet.[10] Sou Aussoen a Vergläicher si natierlech ëmmer méi wéi onglécklech a wat de Romanschreiwer hei mecht, nennt een „Cherry picking“. Et sicht een eng eenzeg Ausso vun engem eraus, déi deejéinegen an engem schlechte Liicht erschénge léisst. Och hei fanne mer déi beléift Technik erem vun der „ad hominem“- Attack. Et mecht een d’Persoun schlecht a geet net op d‘Argumentatioun selwer an.

Ween de Biolog Dr. Stefan Lanka, den Dr. med.Tal Schaller, den Dr. med.Wolfgang Wodarg oder den Dr. med Claus Köhnlein kennt, weess, dass déi absolut näicht mat Antisemitismus um Hutt hunn. Dem Professer Sucharit Bhakdi haten d’Medien et och probéiert ënnerzejubelen. Judden stellen sech an engem oppene Bréif[11]  hannert hien a betounen, dass: „Die Lehre aus dem Holocaust ist, dass man nicht zusehen und nicht mitmachen darf, wenn eine Minderheit verfolgt wird. Sie haben den Holocaust für das Gegenteil instrumentalisiert: um den Menschen den Willen zu nehmen, sich gegen Unrecht zu wehren. Und auf diese gottlose Weise haben Sie einen neuen Holocaust vorbereitet und sind dabei, ihn umzusetzen.“

Zweetens: Déi berüchtegt „Antisemitismus-Keul“[12] schéngt him och nach net duerzegoen fir richteg Distanz zum Kontrahent Reischel ze gewannen.

„Hie muss en aus séngem Liewe sträichen. An zwar net méi iwwer weider ustrengend Emweeër mat Argumenter géint säi Virusschwindelnarrativ a seng Komplottfantasien. An deem Labyrinth geet ee séier verluer.“ (S.284)

Den Auteur fënd den Dréi fir en zu engem „Rival“ ze erklären mat enger literarescher Technik an der Kombinn vu der Geschicht mam Friemgoen aus dem Roman selwer, an engem Roman, deen d’Schrëfsteller-Figur am gaang ass ze schreiwen. E wiesselt dem Géigespiller séng Identitéit, och duerch e neie Numm. Den Auteur inspiréiert sech un der Literatur vum autobiographesche Roman mat Fiktioun.[13] Sou kritt en säin Dilemma an dee vu sénge Figuren op ee Coup geléist.

„Grad elo an dëse speziellen Zäiten, denkt de Laurent Gelser, ass eng Fiktionaliséierung vum Liewen, dat geféiert gëtt, liewenswichteg.

Sech nei erfannen.

Grad elo an enger erfonnter Wierklechkeet liewen, besonnesch wou déi reell Wierklechkeet sou onsécher ass. Wann hien sech des nei Geschicht erfënd, gëtt déi Verfriemung zu enger Befreiung.“ (S. 286)

Viktor R. 09.05.2022 (Bild: Shutterstock)


[1] https://kremart.lu/bicher/teschent-den-zeilen/

[2] https://www.autorenlexikon.lu/page/author/510/5107/DEU/index.html

[3] https://www.ernster.com/de/detail/ISBN-9789995939533/Hoscheit-J/Tëschent-den-Zeilen-Kanephora-13

[4] Ausféierlech gëtt dest Thema behandelt an desem Artikel: https://nues-am-wand.lu/hypnotisiert-oder-aufgewacht/

[5] Den Dr. Tom Cowan erklärt de Phänomen och wonnerbar an desem Interview, ab Minut 36: https://odysee.com/@katie.su:7/kateinterviewstomcowan:0; Och an desem Artikel geet rieds vun der „Virenleugner-Sekte”, den Auteur, och angeblech am Zirkelschluss gefaang, gëtt eng Uleedung u wat een déi kann erkennen: https://report24.news/gelenkte-opposition-irre-psychosekte-attackiert-prof-bhakdi-und-spaltet-den-widerstand/; Coronafakten hat schonn op en Artikel vum Auteur reagéiert: https://telegra.ph/Die-Degeneration-Oder-der-tiefe-Fall-von-Report24-04-30

[6] https://www.wplus-verlag.ch/de_DE/p/buy/die-quellen-des-gottlichen

[7] https://amici-di-dirk.com/?product=der-meister-und-sein-mythos&lang=de

[8] Loosse mer hei erwähnen, dass Corona_Fakten an de läschten 2 Joer iwwer 100 wëssenschaftlech a gutt recherchéiert Artikelen publizéiert hunn, déi sech mat de Fakten auserneesetzen, eng Fundgrube fir deen, deen der Wourecht wëll méi no kommen; https://telegra.ph/Corona-Fakten-Liste-der-wichtigsten-Artikel-09-08

[9] Et gëtt ugespillt un d’Buch vum Karl Krafeld a Stefan Lanka aus dem Joer 2007: „Impfen und AIDS: Der neue Holocaust“, aus dem deemolege klein-klein-Verlag.

[10] E bezitt sech op dem Tal Schaller säi Buch «Vaccins, un génocide planétaire», woubäi ze bemierken ass, dass an der éischter Versioun nach e «Fragezeechen» am Titel war; https://www.editionsmarcopietteur.com/testez/241-vaccins-un-genocide-planetaire-9782874610622.html

[11] https://www.mwgfd.de/offener-brief-holocaustueberlebender-und-nachfahren-an-die-medien/

[12] http://de.pluspedia.org/wiki/Antisemitismuskeule; déi inszenéiert Angscht viru „Riedsextremismus“, déi säit Jorzingten an de Käpp implantéiert gouf, huet och nach eemol am zweeten Tour bei de Präsidentschaftswahlen a Frankräich vum Abrël 2022 séng Wierkung gewisen

[13] https://www.seuil.com/ouvrage/est-il-je-roman-autobiographique-et-autofiction-philippe-gasparini/9782020589338

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.