Een „Coup de gueule“ vum Raquel:

HomeSCHOOLing an Zäiten vu Lockdown

Elo geet d’Schoul erëm lues a lues un, wat mech a meng Kanner net grad begeeschtert, och wann den HomeSCHOOLing alles aneschtes als flott ass. 

Ech hunn 2 Kanner, een am Fondamental an een am Lycée. Duerch di aktuell bal onrealistesch “Coronasituatioun“, hu meng Kanner an ech ganz staark ugefaang driwwer nozedenken Instruction en Famille ze maachen an dofir d’ALLI asbl ze kontaktéieren, well hei zu Lëtzebuerg huet een tatsächlech d‘Méiglechkeet d’Kanner äus der Schoul ze huelen. 

Ech gebräuchen hei net gären dat Wuert HomeSCHOOLing, well de Sënn vun der Instruction en Famille net deen ass einfach nëmmen de schouleschen Programm doheem ze maachen, mä vill méi d‘Kanner sech och fräi entfalen ze loossen. Dee forcéierten HomeSCHOOLing hei ass d’Fortsetzung vun der „normaler“ Schoul, mam Ënnerscheed, dass a punkto Quantitéit dësen HomeSCHOOLing nach schlëmmer ass wi di “normal” Schoul.

Et héiert een ëmmer rëm d‘Quarantän wir

eng gutt Geleegenheet fir erofzekommen, fir d‘Hektik vum Alldag ze bremsen, fir Zäit ze hunn sech mat Saachen ze beschäftegen di engem Spaass maachen.

1. mol misst dat net nëmmen an enger Quarantän méiglech sinn an 

2. ginn et vill Leit di net entspanen kënnen. Déi Leit hu Suergen, well se ëm hir Existenz färte mussen!

An eis Kanner gehéieren och net zu deenen, deenen et erlaabt ass erofzekommen mat déër Quantitéit un Hausaufgaben. Si hunn et och nach derbäi schwéier an dëser Zäit wou mer gezwonge ginn Consignen vun der Regierung anzehalen di méi wi fragwürdeg sinn. Si hunn d’Flemm well se hir Kollegen net gesinn därfen, hir Grousselteren net besichen därfen, hire Lieblingssport net äusüben därfen zesummen mat hire Kollegen, asw…Dat ass eng grouss Belaaschtung fir si. Mä well mer agetriichtert kréien d’Schoul wir esou wichteg, gëtt den HomeSCHOOLing dann bis op d’Spëtzt gedriwwen. A well vill Elteren et gewinnt sinn, dass d’Kanner Stonnen a Stonnen do sëtzen fir Hausaufgaben, gëtt dat als normal ugesinn.

Den Dag huet nach ëmmer net méi wi 24 Stonnen, och net zu “Coronazäiten“. Et bräuch een keng Angscht ze hunn, dass d’Kanner sech langweilen. A wat ass dann wann se mol eng Kéier näischt ze dinn hunn? An eiser hektescher Gesellschaft ass dat verpönt an ass gläichgestallt mat faul sinn. An dofir gëtt een dru gewinnt dauernd eppes ze dinn ze hunn, well sou huet een och keng Zäit sech selwer ze fannen, ze wëssen ween een ass a wat ee wirklech wëll. 

Mä d’Kanner sinn jo souwisou dauernd am Entdecken an nei Saachen äusprobéieren. Et ginn esou vill flott an interessant Beschäftegungen, wou d’Kanner dran opbléien a sech verwirkleche kënnen. Schoul steet do net op der Lëscht. Mir bräuchen och keng Mailen vun der Regierung oder der Schoul wou drasteet wat een alles mat senger Fräizäit ufänke kann. Si mer wirklech sou ofhängeg ginn vun Drëtten, dass mer mol net mi selwer wëssen, wéi mer eis Fräizäit selwer gestallte sollen?

Den HomeSCHOOLing setzt d‘Kanner ënner Drock an si hunn esou vill ze maachen, dass hir Fräizäit staark drënner leid. Ech weess net ob de Staat an d’Léierpersonal sech selwer oder géigesäiteg wëllen iwwertreffen a weisen wi gutt se dat Ganzt am Grëff hunn andeems se de Schüler eng Aufgab no déër anerer opdrummen. Wëll Lëtzebuerg als Musterschüler do stoën? Als Musterschüler vu wat dann eigentlech? „Et ass net vill“, kréien d’Kanner dann berouegend gesot wann se eng Aufgab an engem Fach kréien. Mä d’Léierpersonal schéngt ze vergiessen, dass d’Kanner vill déër Fächer hunn, an net vill hei an net vill do, henno awer en décke Koup entsteet. Dann mussen natiirlech och strikt Delaiën agehale ginn. 2 Minutten ze spéit an et ginn direkt Minuspunkten!! Jo sou ass et! Wann een eng Aufgab um 14h02 ofgëtt amplaz um 14h00 kritt ee gesot, dass een a Verspéidung ass an dofir mat bis zu 10 Minuspunkten rechne muss!! 

Et kann ee sech elo froën firwat een eng Aufgab 2 Minutten ze spéit ofgëtt. Di Fro ass awer och einfach a séier beäntwert: et ass zevill an d’Kanner hunn keng Zäit sech virzeschaffen. Fir richteg ze sinn, misst d’Léierpersonal dann net och Delaiën anhalen? D’Kanner mussen oft laang op e Feedback vun hirer Aufgab waarden a kréien da gesot et wir well si, d’Léierpersonal, nach vill aner Schüler hätten a Reuniounen, an dass se och Roudeeg ze gutt hunn. Ma d’Kanner och!! An si hunn och nach aner Proffen an nach aner Fächer an all Dag e ganz wichtegen Rendez-vous an zwar mat hirer Fräizäit a Spillzäit.

Ech wëll lo hei d‘Léierpersonal net ugräifen (ech kennen selwer ganz léif Jofferen oder Proffen, déi och anescht denken) well si sinn, sou wi mir alleguerten, bis op e gewëssenen Punkt gefaangen an deem ganzen System. Ech fannen et awer wichteg drop hinzeweisen, dass d‘Kanner och d’Rad schloën. Et muss een si also och verstoën an net einfach dee ganzen Drock, deen vun uewen erofkënnt, op d‘Kanner iwwerdroën.  

Et hätt ee missen elo wärend dëser “Coronazäit“ d’Geleegenheet ergräifen, de Kanner mol Zäit ze loossen endlech einfach mol Kanner ze sinn. Endlech fräi vun Hausaufgaben a fräi vu Schoul fir sech fräi entwéckelen ze kënnen! D’Schoul oder de schoulesche Programm ass net dat wat e Kand weiderbréngt a senger Entwécklung a motivéiert. Wat hätt een ze verléieren gehat? Et hätt een héchstens festgestallt, dass d’Kanner wonnerbar eens ginn ouni Schoul a sech prächteg weiderentwéckelen an hirem eegene Rhythmus ouni Zwang an onnéideg Aufgaben di souwisou net kannergerecht sinn, well se net dem individuellen Rhythmus entspriechen. Hir Fähegkeeten géifen dann an de Virdergrond kommen an nei Ideeën géifen entstoën. Natiirlech misst dat sech lues a lues apendelen, well d’Kanner all zevill un den schouleschen Rhythmus gewinnt sinn an dorunner, dass se dauernd gesot kréien wat se ze maachen an ze denken hunn, sou dass d’Kanner net méi gewinnt sinn selwer Initiativ ze ergräifen an hir eegen Ideeën gutt ze fannen, oder iwwerhaapt Ideeën ze hunn.

E Kand géif awer ni op d’Idee kommen stonnelaang do ze setzen an eppes ze maachen wat him kee Spaass mécht. An der grousser Vakanz bleift de Kanner hir Entwécklung jo och net stoën, nëmmen well keng Schoul ass. D’Kanner hu sech jo och weider entwéckelt bis zu deem Zäitpunkt wou se räif waren fir di 1. Kéier an d’Schoul. Firwat soll dat ab e bestëmmtenen Alter ebeemol anescht sinn? Am sturen Schoulsystem ass keng Plaz fir Kreativitéit an nei Ideeën, keng Plaz fir Kanner di selwer denken a Saachen hannerfroën.

Et gëtt een sou manipuléiert, dass een u sech selwer zweifelt, dass een mat der Zäit d’Fähegkeet selwer ze denken verléiert, well alles genormt a gereegelt an no feste Musteren oflafe muss, an enger Welt wou alles ëmmer méi séier goë muss an ee keng Zäit fir sech huet. Et muss een mathale kënnen mat déër ëmmer méi digitaliséierter Welt. Kee Wonner also, dass d’Kanner dann geléiert ginn konform ze sinn an zu Robotteren äusgebild ginn, well di doten nei Welt op déi mer histeieren, bräuch Mënschen déi wi Maschinnen fonktionnéieren a keng Mënschen mat Vernunft an Empathie.

Mir reegen eis iwwer Kanneraarbecht op an verschidden aner Länner. Mä wat ass dat dann aneschtes wat mir hinnen all Dag opzwéngen? D’Schoul ass schlëmmer wi d’Aarbecht vun den Erwuessenen, well d’Kanner am Géigesaz zu den Erwuessenen sech net wiere kënnen an dierfen. Si musse roueg sinn oder kréien eng Strof. An net nëmmen an der Schoul ginn d’Kanner gestriitzt, nee, och nach no der Schoul geet et da weider mat den Hausaufgaben, wou d’Kanner oft nach stonnelaang derbäi sëtzen, alt erëm roueg op engem Stull sëtze mussen a sech net fräi bewegen därfen! 

D’Schüler, an d’Elteren, traue sech net eppes ze soën, dass et zevill ass, äusser deen een oder aneren, deen dann leider och nach net vun de Kollegen ënnerstëtzt gëtt. Dorunner mierkt een och schonn wi gutt d’Schoul hir Aarbecht mécht an d’Kanner, an d’Elteren, gutt am Grëff huet, well d’Kanner, an d’Elteren, léiere ganz séier, dass se roueg ze sinn hunn, d’Schoul net a Fro ze stellen hunn, an einfach ze maachen hunn wat se ugestallt ginn ouni ze muksen, egal wivill Quantitéit et ass. 

Kee Wonner also, dass wann een an der Schoul sou gutt virbereed gëtt alles z’acceptéieren wat vun uewen erof kënnt, dass spéiderhinn jiddereen och blannemännches einfach alles unhëllt wat vun der Regierung kënnt, sou wi dat elo de Fall ass. Jiddereen hällt sech un all Mesure di de Pappa Staat fir richteg hällt, egal wéi skurril an onsënneg se ass. All di Mersurë ginn a Rekordzäit gesetzlech verankert an di Meescht fannen dat och nach gutt. Dat kann jo nëmme méiglech sinn, well mer alleguer esou programméiert gi sinn vu Klengem un, alles gutt a richteg ze fannen wat mer vun engem Drëtten, deen an enger Positioun ass an eng Funktioun äusübt, déi vun der Gesellschaft als dichteg a wichteg ugesi gëtt, gesot kréien!

Dofir klappt och di ganz Angschtmaacherei an Testeritis wat de Corona ubelaangt – hei zu Lëtzebuerg zumools – esou gutt. Et gëtt een jo schonn an der Schoul geléiert, dass just en Test engem beweist wat ee kann a wat ee weess, een also net op sech selwer läuschtere soll, mä en Test äusschlaggebend ass, fir ze wëssen wou een drunn ass mat sengem Wëssen a senger Intelligenz, ob een spéiderhinn eng gutt bezuelten Aarbecht kritt oder net.

An a punkto Gesondheet soll ee genau wi an der Schoul op kee Fall säi gesonden Mënscheverstand aschallten! Well nëmmen den Coronatest ass äuschlaggebend derfir wi een sech ze fillen huet, egal ob een sech krank fillt oder net. Selwer denken an op säin eegent Empfannen ze läuschteren, kënnt hei genausou wéineg an d’Tut wi an der Schoul. Den Coronatest ass deen dee weess, dass ee krank ass, egal ob een sech wuelfillt oder net. Wat den Test seet, ass äusschlaggebend ob een a Quarantän muss, an d’Spidol an ierjendwelch Pëllecher schlécken muss oder souguer intubéiert gëtt!

Komesch, dass een sou ofhängeg ginn ass vun Tester, an iwwerhaapt der Technologie méi vertraut wéi sengem eegenen gesonde Mënscheverstand… Bräuche mir tatsächlech esou Tester di engem an der Schoul soën wat ee kann an engem a punkto Gesondheet soën wéi ee sech ze spieren huet?

Do gesäit een jo gutt, dass d‘Schoul net fir Bildung steet, mä fir Indoktrinatioun. A wéi geet dat am Beschten? Mat Quantitéit! Well dann hunn eis Kanner keng Zäit selwer ze denken oder Saachen ze hannerfroën. Esou bréngt een et färdeg systemkonform Kanner ze formen, kleng virprogramméiert Robotteren, mat vollgestoppte Käpp wou keng Plaz ass fir nei Ideeën a Kreativitéit a wou d’Selbstvertrauen einfach zerstéiert gëtt. Esou gëtt een geléiert, dass een ze domm ass selwer ze denken an dass een nëmme virukënnt am Liewen wann een säi Wee virgeknat kritt, dass een Drëtten ëmmer am Beschte weess, wat gutt oder schlecht fir een ass. 

Di jetzeg geféierlech Situatioun, di leider vun deene Meeschten net als solches ugesi gëtt, an di awer riskéiert ganz séier riicht op eng offensichtlech Diktatur hinzesteieren, wou mer guer keng Rechter a Fräiheeten méi hunn, hätte mer net wa mer net sou gutt virbereed gi wiren do drop. An di Virbereedung geet an der Schoul un. Dofir kréien eis Kanner och net d’Méiglechkeet opzeootmen wärend dem HomeSCHOOLing an esou enger Situatioun di alles anescht wi einfach ass fir eis Kanner. D’Kanner fillen sech doutsécher net wuel e ganzen Dag virun engem Bildschierm ze hänken a Schoulbicher ze drummen amplaz an d’Natur ze goën a Kollegen ze treffen. 

Et läit jo op der Hand, dass Fräientfalung net erwënscht ass, mä dass gebrachen Individuën gebräucht ginn, déi einfach di indoktrinéiert Matière erëmkatzen, déi keng eege Meenung därfen hunn, fir dass eben esou eng Situatioun zustane komme kann wi elo am Moment. Wann d‘Kanner an der Schoul géifen geléiert ginn selbststänneg ze denken, hätt de Staat nimools di doten Mesurë kënnen duerchsetzen. Dann hätten d‘Regierung an d‘Massemedien keng Chance gehat d‘Leit fir domm ze verkafen!

Et gesäit een also, dass mer an der Schoul sou erzu gi sinn, keng Froën ze stellen an einfach nëmmen ze maachen wat mer ugestallt ginn egal wéi onlogesch a falsch di Uerdere sinn. Mir maachen dat jo alleguerten och weiderhinn am Beruff a verstoppen eis hannert der Excuse, dass de Chef dat vun eis verlaangt a mir duerfir fräi sinn vun all Responsabilitéit.

Fir dass di Indoktrinatioun dann och weiderhinn gutt klappt an net jiddereen der Schoul ebeemol fortleeft, ginn d’Kanner opgefuedert d’Schoulbänk nach séier virun der grousser Vakanz ze drécken. Si därfen sech jo schliesslech net zevill vun der Schoul entfriemen a ginn nach séier getest, ob se och schéi brav de schoulesche Programm duerchgaangen sinn an intus hunn. Schliesslech ass et wichteg di ganz Matière agetriichtert ze kréien, well wat an der Schoul geléiert gëtt, jo der Wourecht entsprécht. Dat kréie mer zumindest ëmmer rëm esou verkaf. Dofir ass fir eegen Interpretatioun och keng Plaz do. Selwer kann een keng Idee mat erabréngen oder souguer Saachen a Fro stellen. Firwat eppes a Fro stellen wat jo schwaarz op wäiss an engem Buch steet wou jiddereen sech eens ass, dass dat der Wouerecht ëntsprécht? Et gëtt ganz einfach keng aner Interpretatioun geduld, well alles als Fakt präsentéiert gëtt. Et därf een z.Bsp. folgend “domm“ Froën net stellen:

Existéiert iwwerhaapt ierjend e Virus?

Sinn Impfungen wirklech sënnvoll?

Ass de Klimawandel tatsächlech mënschegemeet?

Entsprécht d’Evolutiounstheorie der Realitéit?

Asw…

Esou ass et dann och mam Coronavirus. D‘Kanner gi just eesäiteg informéiert a kréien Mainstream”wëssen” iwwer den Corona vu riets a lénks agetriichtert. Ëmmer rëm kréien se dat selwescht erzielt. Firwat d’Kanner net ermonteren hir eege Recherchen ze maachen iwwer deen “Virus“, wou se och aner Quellen kënnen erunzéien amplaz nëmmen den Mainstream oder de Gesondheetsministär? Do géifen bestëmmt ganz interessant Informatiounen zum Virschäin kommen…

A wéi eng Zukunft kënne mer iwwerhaapt kucken esou wéi et de Moment leeft

Esou Villes huet geännert säit deem angeeblechen Coronavirus! Alles steet op der Kopp, Kontrollen riets a lénks, alleguer lafe mer mat engem Mäulkuerf ronderëm, keng Kanner di dobäusse matenee spillen, kee schwätzt méi mat deem aneren, jiddereen fir sech… an dat soll di nei Solidaritéit sinn?! Wat kréien d‘Kanner iwwerhaapt mat op de Wee elo vu Klengem un an esou enger Situatioun wi déi di mer elo hunn? 

Dass et geféierlech ass aner Mënschen ze treffen?

Dass elo méi wi jee, dat wat de Staat an d’Massemedien soën wouer ass an unzehuelen ass? Dass mir selwer net wëssen wat gutt fir eis ass? 

Solle mer dru gewinnt ginn vu Klengem un, dass mer agespaart besser iwwerliewe kënnen, dass fräi sinn a sozial Kontakter geféierlech sinn? 

Gesäit di nei Solidaritéit esou äus, dass een seng Léifsten net mi an den Aarm huelen därf, di al a krank Leit eleng stiewe loosse soll, dass Elteren vun hire Kanner getrennt ginn, dass Kommunikatioun eppes ass, wat nëmme sécher ass iwwert e Schierm, dass een nokuckt wi aner ëm hir Existenz struewelen an Depressiounen kréien? 

An dat alles am Numm vun engem angeebleche Virus?! 

Ass dat di nei Solidaritéit di d’Kanner bäibruecht kréien an als normal ugesi sollen? Dat eenzegt wat een op déi Manéier färdeg bréngt, sinn Individuën, di nach méi gebrach sinn a krank ginn.

Jiddereen huet seng Stärkten a Schwächten an dofir sollte mer eis géigesäiteg hëllefen. Et ass net wichteg wee wat BESSER kann, mä et ass wichteg dass jidder Eenzelnen weess WAT e gutt kann fir dass jiddereen jidderengem hëllefe kann an enger Gesellschaft wou jiddereen zoueneen hällt amplaz dass jiddereen jidderengem säin Däiwel ass! Dat ass Solidaritéit! Mënschen sinn net gemeet fir einfach nëmmen ierjend welch Uerderen äuszeféieren. Jiddereen vun eis ass intelligent a kann eegestänneg denken a responsabel handelen. Dofir bräuche mer keen deen eis seet wat mer ze maachen hunn a wat net.

Kënne mer iwwerhaapt sécher sinn, dass mer erëm ierjendwann eis Fräiheeten zréckkréien wou mer dach dauernd agetriichtert kréien, dass mer musse léieren mam “Virus” ze liewen an dass en normaalt Liewen nëmme méi nach méiglech wärt sinn wann de “Virus“ ënner Kontroll ass? Wat bedeit dat fir eis all? Dass mer musse léieren di nei Situatioun sou z’acceptéieren ouni se därfen ze hannerfroën an dass nach méi streng Gesetzer op eis duerkommen di eis zwéngen all skurril Mesure anzehalen fir eis virun deem angeebleche Virus ze schützen? 

D’Kanner sinn net gefrot ginn wat se vun all deene Mesuren halen. Vu sech äus spiere si, dass do ierjendwéi eppes faul un der Saach ass. Hätten eis Kanner vu sech äus de Kontakt ënnerbrach mat hire Kollegen wéint engem angeeblechen Virus? Firwat gleewen d‘Kanner un d‘Geféierlechkeet vun deem “Virus“? Well d‘Elteren an d‘Schoul hinnen Angscht maachen. An d‘Elteren hunn Angscht well d‘Regierung an d‘Medien Angscht verbreeden. Et ass net de Virus dee geféierlech ass fir eis Gesondheet, mä di grouss Angscht di derzou bäidréit net mi logesch denken ze kënnen an all Brach ze gleewen!

D’Schoul ass elo méi wi soss sou zweetrangeg ginn (war jo nach ni sënnvoll), wéint enger Zukunft di elo méi wi jee ganz onsécher ass. Duerfir dinn ech mer schwéier di Hausaufgaben do z’acceptéiren, di einfach kee Sënn hunn, an iwwerhaapt dee ganzen Schoulsystem, deen einfach kee Sënn mécht! Fir wéi eng Zukunft? Entweder eng Zukunft an enger kompletter Diktatur oder eng Zukunft mat enger neier Gesellschaft, mat erwächte Leit.

Weder fir di eng nach fir di aner Zukunft, spillt d‘Schoul eng Roll… Well an enger kompletter Diktatur si mer all Sklaven an an enger erwächtener Gesellschaft, ass dat fräit Léieren no sengem eegene Rhythmus a sengen eegene Besoinën, an ouni Tester an Zwang, selbstverständlech!

A souwisou wat ass dat iwwerhaapt fir e Witz deen op eis Kanner duerkënnt wann d’Schoul erëm un ass? D’Kanner mussen eng Distanz halen vun 2 Meter zu den Kollegen an e Mäulkuerf unhunn, an de Gäng ginn et Sens Uniquen, keng Paus, an, an, an. Wat ass et dann wat nach Spaass mécht un der Schoul? De wichtegsten Facteur an di gréisste Motivatioun déi d’Kanner ëmmer uginn fir an d’Schoul ze goën, sinn d’Kollegen. Elo sti se dauernd ënnert der Opsiicht vun den Erwuessenen fir dass se och ganz sécher all di fragwürdeg Mesuren anhalen. Si mussen an engem Sall sëtzen an eng verpeschte Loft anootmen, well alles desinfizéiert ginn ass mat gudden staarken Chemikalien fir den angeebleche Virus emzebréngen! Am Bus fir an d’Schoul därfen se och net beienee sëtzen an de Mäulkuerf mussen se och do unhunn. Si sinn och nach a Gruppen agedeelt ginn, dat heescht, dass se deemnowéi hir bescht Kollegen trotzdeem net erëmgesinn! Wow! Super! Einfach genial Konditiounen!

Ech gesinn den Alldag schonn an der Schoul wou méi Zäit drop wärt goën all di Mesuren ze rappeléieren wéi soss eppes…

D’Kanner därfen ob jiddefall net di leiddroënd sinn vun enger Situatioun di mat den Hoër erbäigezu gouf a fir déi si sécherlech net responsabel sinn.

Mä wéi e Recht huet ierjend e System eise Kanner ze soën wat a wéi si denke sollen? Firwat erlabe mir Elteren dat? D‘Kanner ginn duerch d‘Schoul gebrach an hir Fähegkeeten di do derduerch verluer ginn, sinn immens schwéier erëmzekréien. Dat ginn onzefridden Erwuessener ouni ze wëssen firwat. Mä d‘Äntwert läit op der Hand: hinne feelt dat wichtegst Stéck, dat hir ganz Perséinlechkeet äusmécht, well se dat äusgedriwwe kruten an all deenen Schouljoëren!

Wir et elo net un der Zäit sech op wesentlech Saachen ze konzentréieren, elo wou souvill Froën opstinn a kee weess wéi et anZukunft weidergeet amplaz sech mussen op eppes wi den HomeSCHOOLing ze konzentréieren? Sollten d’Leit elo net éischter op de Stroosse sinn an hir Fräiheet a Rechter zréckfuederen? Sollten d’Leit sech net wéinstens Gedanken driwwer maachen wat elo wirklech leeft an doriwwer dass di momentan Situatioun net normal ass?

Firwat gi mir dann einfach eis Responsabilitéit esou of? Wou ass eist Selbstvertrauen a Selbstbewosstsinn? Wéi wäit loosse mer eis nach manipuléieren an loosse mer et zou, dass eis Rechter a Fräiheetenan déi vun eise Kanner mat Féiss gerannt an ofgeschaaft ginn?

Trotzdeem gleewen ech un d‘Guttheet vun de Mënschen, an dass mer alleguer amstand sinn eise gesonde Mënscheverstand ze gebräuchen. Alleguer zesummen kënne mer et färdeg bréngen eng besser Welt ze schafen, wa mer et léieren onofhängeg ze ginn vun engem System deen just bestoë bleift, well mir en all Dag selwer fidderen an mir net méi wëssen wee mer sinn a wat mer kënnen, duerch di joerhonnertelaang Indoktrinatioun. 

D‘Léift an d‘Wourecht wärten sech duerchsetzen!

Raquel, 11.05.2020

(Bild: Shutterstock)

4 thoughts on “Een „Coup de gueule“ vum Raquel:”

  1. LUCIEN REDING sagt:

    Dann Ganzt passt genau an de Schema, vun der Regierung, eis Kanner ërem méi domm ze machen. Well een dommt Volek, paréiërt besser. Dëst Schouljoër ass komplett an de Sand gesat. Wat verluer ass, ass verluer. Déi Eltëren déi nët déi néideg Fähegkeet hun, an dat sin déi meescht, fir mat hire Kanner doheem Schoul ze halen, hate ebe Pech. Ouni emol un deeër geeschteger Begabung, vun den Elterëren ze zweifelen. Och wann een an engem Fach gutt ass, bleiwen déi aner Fächer irgendwéi “hintenvor”. Ouni emol vun deene néidege pädagogesche Kenntnissen ze schwetzen, déi een onbedingt bräich, fir Schoul ze halen. Téléschoul schéin a gutt, mee ët ersetzt keng Schoulklass, wou Éiërgäiz an Fläiss gefrot sin, fir virbäi ze bleiwen. (Eng gutt Ersatzléisung, sollt ee Kand emol krank sin, kann hat evt. ower um Unterrecht deelhuelen) Op Pandemie oder nët, eis Kanner sin sou wéi sou, déi Leidtragend un deeër Geschicht. Keng Bewegungfräiheet, keng Erfahrung sammelen dobaussen, Kanner wëlle bei Kanner sin, a spillen, nët 24 Stonnen a 4 Wänn agespart sin. Glecklech déi nach Geschwester hun, an vläicht och nach Platz ëm d’Wunneng hun. Ët ass esou gewollt, vun uewen erof. Installéiër, Angscht an Onwëssen, am Verstand vun de Kanner, de mechst du se fir ee ganzt Liewen gefügig. (Ass d’Methode vun deen meeschte Reliounen, bis virun epuer Joër och nach hei) Ween ët nët gleewt, muss spéider mat de Konsequenze liewen. Déi meescht Politiker wëssen emol nët, wat si do mat droën. Ech sin och kenn Expert, mee ech denke mir wat se welles hun, well wéi de Schoulsysteem elo esou opgebaut ass, dat, dat automatesch duerzou féiërt.

  2. JaganM sagt:

    Super op den Punkt bruecht. Merci Raquel.
    Et gett Zaït dat d’Menschen d’Aen opmaachen an sech net méi alles gefaalen loossen vun onsren Medien (Zeitung, Radio an Télé) politëscher Klass (sief dat op EU Niveau oder national) a Banken.
    CETA huet et bewisen: Profit viru Mensch, deen just nach als dommen Konsument betruecht gët.

    Iergendwann geet et duer. Maer hu elo lang genug nogekuckt.
    Un autre monde est possible, an dat ass deen wou dei do owen net fir ons wellen, obwuel mier si gewielt hun, si finanziell beraïcheren oder hiere Propoganda-Schéiss ons an den Kapp scheisse loossen.
    Dei Corona-Gruppe huet et bewisen: méi eng besser a gewalteg Massemanipulatioun gëtt ët net.
    An dobai sin ons Kanner déi eischt déi drënner leiden.
    Y’en a marre! Ya basta!

  3. Flammang René sagt:

    Ech fäerte ganz wann d´Wourecht sech duerchsetzt ginn der e puer an de Prisong.

  4. Mandy Hofmann sagt:

    Bravo, villmols merci fir den guten Artikel.

Schreibe einen Kommentar zu Mandy Hofmann Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.