Vu manipuléierten Zuelen, dubiéisen Impfungen an ahnungslosen Journalisten

(e Commentaire vum René Flammang)

Zuelen-Wirrwarr

Et ass interessant ze gesinn, wéi d´Fallzuelen duerch onsen Ministère kennen manipuléiert ginn. Hei ass elo e Beispill, dat beweist, wéi een duerch d´Unzuel vun den Tester den Taux vun den soug. Infizéierten kann an d´Luucht drécken, oder senken. Wat nees eng Kéier de Beweis bréngt, dass dat alles vun der Regierung esou gewollt ass an absolut näischt mat enger Krankheet ze dinn huet. An der haiteger Zeitung vum Letezb. Wort steet nämlech, dass d´Neiinfektiounen géifen erofgoen. Si wären vun 246,60 Fäll op 202,04 Fäll pro 100.000 gefall. An dat innerhalb vun enger Woch. Wéi konnt dat Wonner geschéien? E Puer Zeilen drënner gëtt dann d´Ursaach vun deem Wonner genannt, nämlech vill manner Tester. Sinn déi Woch virdrun nach 80.000 Tester gemaach ginn, esou waren et der an der Woch vum 5ten op den 11ten Abrëll nëmme méi 54621.

Wat seet dat aus? Dat seet aus, dass ons Regierung duerch hir Teststrategie d´Zuelen esou kann veränneren, wei si et well.

Hei ass elo ganz däitlech de Beweis erbruecht, dass et genee esou ass wei ech séit Méint schreiwen. Wann héich Zuelen gebraucht ginn, fir nei Gesetzer duerchzebréngen, oder aner Konschten ze rechtfäerdegen, geet een einfach hin an fiert mat den Tester an d´Luucht an schonn kritt een dat, wat een gären hätt. Wann een esou e gutt Handwirksgeschirr wéi den PCR Test huet an elo nach besser, Schnelltester, déi nach méi onzouverlässeg wéi PCR Tester sinn, ass dat e ganzt einfach Verfaren.

Et ass just komesch, dass dat bis haut keen Mënsch schéngt duerchkuckt ze hunn. Oder wëllt een et net duerchkucken, well dat zu der Strategie hannert deem Ganze gehéiert?

Hei beweist et sech jo ganz drastesch, gi manner Tester gemaach, hunn mer manner soug. Infizéierter. Besser kann een dat jo net beweisen. Eppes dat un sech jo ganz normal ass, well positiv Getester jo gläichgesat ginn mat Infizéierten. Et kann een sech jo elo virstellen, wéi dat mat deenen neien Schnelltester funktionéiert, déi jo nach e gutt Stéck méi onzouverlässeg sinn wei d´PCR Tester.

Dorunner kann een ganz kloer gesinn dass et onser Regierung net drëm geet, manner Infizéierter ze produzéieren, mee genee de Géigendeel. Wann elo statt 54521 PCR Tester nach 15- oder 20000 Schnelltester dobäi kommen, geet „d´Infizeiertenzuel“ deementspriechend an d´Luucht. Hei geet et also net drëm manner Infizéierter ze fannen, mee genee am Géigendeel. Dorunner kann een sech op zwee Fangeren ofrechnen, wat dann dorobber erfollegt. Fir dat Spill do ze hannerkucken, brauch een wierklech keng Uni gemaach ze hunn. Dat versteet schonn jiddereen, deen eent an eent zesummerechne kann.

Et geet hei also guer net em d´Gesondheet vun de Kanner, mee villméi drëm, nëmme genuch positiv Getester ze kréien, dass een déi desastréis Verbuetspolitik esou laang kann virun feieren, wei een se brauch. A wei laang dat ass, bestëmmen déi Läit, déi am Hannergrond   d´Fiselen zeien. Dat sinn ganz bestëmmt net déi Läit, déi ons op der Bün hir nei Empfeelungen presentéieren, well dat sinn Hampelfraen a -männer. Déi feieren nëmmen Uerderen aus déi se vun Hannermänner geflüstert kréien.

Dat ganzt do leeft no engem genau ausgeklügelten Plang of. E Plang deen schonn 2010 am Rockefeller sengem Covid-Plang festgeluecht gouf. An déi ganz Operatioun, well em näischt aneschtes handelt et sech hei, leeft genee esou of wei se an dësem Plang virginn gëtt. Esouguer bis op den Datum genee.

An een, deen dee Plang do kennt, weess och dass dat schlëmmst nach virun eis leit an et net esou ass wei déi meescht elo mengen, dass dat alles mat den Impfungen um Enn wier. Nee, elo fänkt den Doudesdanz erreischt un. Elo kennt no an no eraus dass een sech, wëllt een „sécher“ sinn, all puer Méint muss impfe loossen. E Verfaren, wat een vun elo un also soll e ganzt Liewen begleeden.

Dorunner ass ze gesinn dass hei Läit um Wierk sinn, déi wëlles hunn, eist weidert Liewen komplett ënner hir Kontroll ze bréngen. Et géif Zäit ginn, dass d´Läit sech dat bewosst géife ginn an net wei Lemmingen hannert deem ganzen do hir stolperen, richt an hiert Verdierwen. Dat awer wäert wuel Wonschdenke bleiwen.

Ech hunn gëschter mat enger jonker Fra geschwat, där ech alt ëmmer Informatiounen zoukommen loossen. Et ass eng Frau, déi aktiv am Beruff steet an eng eegen Agence bedreift. Ech muss soen, dass déi Näiviteit vun dëser Fra mech schockéiert huet. Mee et gesäit een och, dass et net duergeet, d´Läit mat Informatiounen ze versuergen, well déi meescht hunn Problemer dat ganzt iwwerhaapt ze gleewen.

Et war ganz kloer ze mierken, dass et net méi weess, wat dann elo richteg a wat falsch ass. Dat heescht mat aneren Wieder, dass déi Method vun der psychologescher Krichsféierung, déi hei ganz offensiv agesat gëtt, beim Vollek säin Nidderschlag fënnt. D´Läit wëssen net méi, wat se sollen gleewen a gleewen dann léiwer den Mainstreammedien, well se dat nach ëmmer esou gemaach hunn. Eng Tatsaach, déi och weist, dass hei nach e ganz anere Kampf am gaangen ass, nämlech de Kampf tëscht den al hirbruechten Mainstreammedien, déi bis virun der Covid-Kris d´Medielandschaft praktesch komplett beherrscht hunn an den alternativen Medien, déi mat der Covid-Kris eréischt hiren richtegen Wäert bewisen hunn.

Ech muss fir mech selwer agestoen, dass ech och nëmme ganz seelen an des Medien siche gaange sinn, wann ech meng Recherchen gemaach hunn. Duerch déi Covid-Kris, déi Ligegeschichten a Widdersprechlechkeeten an déi sklavenhaft Verfollgung vun Staatsziler, déi een am Laf vum leschte Joer ëmmer méi an de Mainstreammedien konnt fannen an ausserdeem nach all déi Noriichten vun de finanzielle Verstréckungen vun dëse Medien mat staatlechen Institutiounen a Figuren wei Gates, Rockefeller a Schwab huet een zousätzlech  gemierkt, dass se alleguerten hoergenee dat selwecht verzielt hunn, egal aus wat fir engem Land ze koumen. All dat huet och mech dann lous a lous ganz staark un der Wourecht vun dëse Medien zweiwelen gelooss. Och déi Milliouneschwéier Zouwendungen déi des Medien ëmmer nees vum Staat zougeschoustert kruten, hunn net derzou bäigedroen, dass een dësen Läit nach iergendeppes konnt gleewen.

Medienpluralismus à la luxembourgeoise

Mir waren en Donneschden Owend den 22.4. op engem Event, wou et em den Medienpluralismus hei zu Lëtzebuerg gaangen ass. Do waren dann 5 Journalisten zesummekomm, fir iwwert de Medienpluralismus hei zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Wat si dovunner gehalen hunn, huet een schonn wärend der Diskussioun héieren. Bei hinnen ass Medienpluralismus eppes dat nëmmen si eppes ugeet. Si an hir Problemer stoungen am Mëttelpunkt. Do sëtzen e puer Läit, deenen et haaptsächlech drëm gaangen ass, sech ze beweihräucheren. Ze erklären, wei schwéier et hei an deem Land wär un Informatiounen ze kommen. Et koum dann och eraus, dass se sech net esou sécher waren wat eigentlech recherchéieren wier. Een hat eng kéier eppes vun investigativ recherchéieren gesot, dat dann der Madamm vun 100,7 schlecht eropgestouss ass. Si hätt dat Wuert net gären, huet si gemengt, si géifen jo alleguerten investigativ recherchéieren. Eleng dass si déi puer Saachen zesumme géifen droen, déi si fir hir Sendung bräichten, wär schonn investigative Journalismus. Dofir bräicht een dat net extra ze betounen.

Eleng dorunner huet een schonn gesinn, wei weit mer hei am Land mam Journalismus komm sinn. Hei ass een ganz offensichtlech der Meenung ,dass all dat wat si hei ofliwweren, investigativ genuch wär. Do bräicht een net och nach extra Recherchen ze maachen. Et huet een gemierkt, dass déi Läit un sech ganz zefridden mat deem sinn wat si dem Bierger servéieren an sech doriwwer net all ze vill Gedanke maachen. Intressant war och, dass den Här F. A. vun RTL net fäerdeg gouf ze erwänen, dass hien sech an sengem Beruff ganz fräi géif fillen. Dat schéngt an Wierklechkeet net esou ze sinn, soss hätt en dat net e puer mol mussen widderhuelen.

Da koum och nach eraus, dass de Staat de Medienenterprisen 30.000 € pro Joer an pro Journalist bezilt an et huet een gemierkt dass dat deene Läit net duer gaangen ass. Dat heescht mat aner Wieder dass si un sech elo schonn Staatsbeamten sinn. Well de Gros vun hirer Pai gett vum Staat, also vun ons finanzéiert. Wei héich si sech selwer aschätzen, huet een dorunner gesinn, wéi gerengschätzeg a mannerwäerteg iwwer dësen Hongerbeitrag vum Staat un all eenzelen Journalist geschwat gouf. Et huet een gesinn, dass si der Meenung waren dass de Staat do nach roueg kennt nobesseren.

Ausserdeem war ze mierken, dass all Hiewel a Beweegung gesat gouf déi momentan Kris nëmmen net ze beréieren. Et war esou gutt gemaach, dass een wei ech sech d´Fro gestallt huet, wat dat alles mat Medienpluralismus ze dinn huet. Dass och aner Läit dat esou emfont hunn, huet een dunn an der allgemenger Diskussioun gemierkt, wei eng Fra a bemol e Stéchwuert vum Här F. A., nämlech dass si den Optrag hätten de Läit d´Angscht ze huelen, dozou benotzt huet, d´Situatioun op hir Mediepolitik wärend der momentaner Kris ze steieren. D´Fra huet d´Situatioun erkläert, esou wei elo jiddereen deen dat Ganzt nëmmen e wéineg verfollegt huet, wärend eppes méi wei engem Joer muss gesinn. Nämlech, dass eis Medien de Läit d´Angscht net geholl huet mee villméi d´Angscht produzéiert hunn.

Do war elo natierlech e ganz wonne Punkt ugeschnidde ginn. Direkt huet de Rockefeller Syndrom agesat an et gouf versicht, d´Fra lächerlech ze maachen. Hir Argumenter goufen nëmme méi diffaméiert. Den Här J-L S. huet direkt versicht d´Fra an den Eck vun de Verschwierer ze stoussen an hir virzegeheien, si géif an den Internet nosiche goen, do kennt een natierlech seiteweis esou Verschwierungstheorien fannen, mee dat wären alles Ligegeschichten. Den Här F. A. huet dono dat opgegraff a gemengt, wann si Läit wei engem Ioannidis ( huet dobäi eng Beweegung mat der Hand a mam ganze Kierper gemaach, esou wei wann den John Ioannidis e Koup Dreck wier) géif gleewen… Mir ass de Kolli geplatzt op esouvill Onverfruerenheet an hunn mech an d´Gespréich agemëscht a gemengt, et géif elo duergoen, Läit wei en Ioannidis duerzestellen wei wann et Dreck wier. Dat ass deene Läit natierlech guer net gaangen an et huet een gemierkt, dass se ugefaangen hunn nach méi déif an d´Verleumdungskescht ze gräifen an voller Roserei nëmme méi mat Dreck ronderëm sech geworf hunn.

D´Fra war an der Tëschenzäit roueg ginn. Well den Här J-L. S. esou richteg a Faart komm war a well een gemierkt huet dass deen Mann net ganz vill Anung hat vun deem, wat en geschwat huet, hunn ech geduecht, dass et elo de Moment wär fir en op d´Glateis ze feieren. Well keen Mënsch vum Podium méi geduecht huet, iergendengem nach d´Wuert ze erdeelen, hunn ech mer et selwer geholl. Ech hunn ganz einfach d´Fro gestallt, op iergendeen vun deenen ganzen Ringkämpfer géif wëssen, wat de Rockefeller Plang wier. Direkt ass den Här J-L. S. ugesprongen an huet versicht dat ganzt mat deem üblechen Bla Bla ënnert den Teppech ze kieren, den Här F. A. huet gemengt, en hätt schonn emol eng Kéier eppes dovunner héieren.

Et huet een ganz kloer gemierkt, dass mat esou enger Fro kee Mënsch gerechent hat an se elo zimmlech hëlleflos do sutzen. Ech hunn dunn nach eng Schëpp drop geluecht an se gefrot, op se géifen wëssen wat den Event 201 wär. Du waren se komplett platt. Si waren alleguerten einfach sproochlos, et huet een gemierkt dass kee Mënsch wosst, vun wat ech eigentlech géif schwätzen. Esouguer déi Fra, d´Madamm H., déi dat ganz gefouert huet, sutz do wei wann se vum Blëtz getraff wier. Den Här C. C., deen bis dohinner guer net un deem ganzen deelgeholl huet, huet d´Situatioun direkt erkannt an huet de Kommando iwwerholl. Et géif elo net méi vun Covid geschwat ginn, mee et géif een elo nach e wéineg Bla Bla schwätzen. Domadder war dann déi ganz Equipe déi grad drun war mat der Maul wiedert d´Mauer ze lafen, gerett.

Esou vill zum Medienpluralismus an der Demokratie hei zu Lëtzebuerg. Et ass am Fong geholl genee esou ofgelaf, wei ech mer et virgestallt hat. Hei däerfs de de Mond nëmmen opmaachen, wanns de dat selwecht denks wei all déi aner. Demokratie eben.

Et huet een et ganz kloer gesinn, mat anere Meenungen doen eis Journalisten sech einfach schwéier. Mee wat seet Medienpluralismus dann eigentlech? Mee genee dat, dass och aner Meenungen musse gelauschtert ginn. Déi läscht puer Minutten vun der ganzer Veranstaltung hu bewisen, dass eng normal Diskussioun hei zu Lëtzebuerg net méi méiglech ass. Op alle Fall net mat esou enge Läit.

Well dat awer keng nei Erfarung ass an ech déi ganz Entwécklung schonn iwwert e Joer verfollegen, sinn ech lous a lous derzou iwwergaangen, mech net eleng op ons Press, mee och op déi alternativ Press ze konzentréieren. No deem wat ech deen Donneschden Owend iwwer Medienpluralismus hu musse leieren, sécher déi richteg Entscheedung. Well vun esou enge Läit kann een keen objektiven Journalismus méi verlaangen.

Lous a lous huet een ugefaangen, sech bei alternativen Medien mat Informatiounen ze versuergen. Dat schéinst dat war, dass een bis dohinner ëmmer geduecht huet, dass bei all deem, wat een an den Mainstreammedien servéiert krut, eppes net kennt stemmen. Nodeem een emol méi dacks an den alternativen Medien nogekuckt , gelauschtert a gelies huet, koum a bemol dat Bild eraus, dat een sech schonn éischter konnt virstellen wei deen seide weechen Brach, deen een all Dag vum Mainstream verzielt krut. Elo a bemol huet de Krees sech geschloss, déi Peselstecker déi e ganzen Zäit gefeelt hunn waren elo a bemol do. D´Bild huet ugefaangen sech ze komplettéieren.

Mee och aus eisen Mainstreammedien kann een vill erausliesen, et muss een et just richteg wëssen anzeuerdnen. Haut steet z.b.en Hiweis am letzb. Wort wourunner een kann gesinn ,dass déi Plandemie nach laang net eriwwer ass. Do ass nämlech ze liesen dass d´Madamm Von der Leyen Verhandlungen mat BionTech/Pfizer féiert, wou et em d´Liwwerung vun 1,8 Milliarden Impfdosissen geet, déi an de Joren 2021-23 sollen geliwwert ginn.Do gëtt vun Opfrëschungen geschwat, déi een misst maachen. Zousätzlech huet een och wëlles, eis ganz Kanner mat deenen Impfungen ze beglécken.

Wei een aus dëse Verhandlungen gesinn kann, ass dat ganzt nach laang net eriwwer. Mir kennen also roueg domadder rechnen, dass dat ganzt Spill nach e puer Joer weider soll gespillt ginn. Si stielen eis eis lescht Liewesjoren. A méi jonke Mënschen stielen se dat ganzt Liewen.

Et ass schonn komesch, dass just des Kanner nach virun kuerzem op d´Strooss jeize gaangen sinn, dass mir, duerch eist Behoulen, hiert Liewe an hir Zukunft géifen zerstéieren. Hai gëtt hiert Liewen an hir Zukunft wierklech zerstéiert a keen Mënsch schéngt eppes ze mierken. Sinn des zukünfteg Bierger schonn esou indoktrinéiert an ofgeriicht, dass se nëmme méi op Kommando denke kennen? An dann och nëmme méi dat, wat een hinne virsetzt an wat een hinnen virdenkt? Et geséit ganz esou aus. Et reecht emol keen sech méi doriwwer op, dass hinnen dat, wat ons fréier esou helleg war, nämlech d´Nuetsliewen, duerch d´Ausgangsspär komplett verbuede gëtt. Och dass si sech nëmme méi mat enger Persoun treffen däerfen, schéngt hinnen alles näischt méi auszemaachen. Si schéngen sech domadder offonnt ze hunn, dass hir ganz Entfaalungsmeiglechkeet vum Staat mat fadenscheinegen Argumenter zerstéiert gëtt. Keen Opbegieren, wéi ‘68 bei ons, nee en Erdroen vun all deem, ouni Opmucken. Vun dëser Generatioun huet de Staat wierklech näischt ze fäerten, wéinstens emol hei zu Lëtzebuerg.

Mee et ass genee dat, wat deene Läit, déi dat ganzt gidéieren, virschwieft. Si zéien gären wellelos Sklaven erop, déi nëmme méi funktionéieren. Komplett wellenlos Kreaturen, déi si manipuléieren kennen, grad esou wei et hinnen an de Kapp oder an den Algorithmus passt. Well et ass jo net ze iwwersinn ,dass et ëmmer méi déi kënschtlech Intelligenz ass, déi d´Muecht iwwerhëlt.

Mee net iwwerall sinn d´Bierger esou handzaam wéi hei zu Lëtzebuerg. Nom Urteel vun Bréissel begieren an der Belsch ëmmer méi Läit op a wëllen sech net méi un déi widderechtlech Virgaben vun der Regierung halen. Vill Restaurateuren wëllen hir Betriber fir den 1te Mee opmaachen, egal wat d´Regierung derzou seet. Mam Urteel am Réck villen sech der ëmmer méi staark der Regierung ze weisen, dass dat Spill esou net méi weider geet. Menger Meenung no ass dat déi eenzeg Méiglechkeet, dësen Terror ze briechen. Mat esou engem Urteel am Réck ass dat natierlech méi einfach ze maachen wéi dat hei bei ons méiglech ass. Well hei gëtt et esou en Urteel net, wat seet, dass all déi Moossnamen déi d´Regierung bis zu deem Moment geholl huet widderrechtlech sinn.

Esou en Urteel wäert et och hei zu Lëtzebuerg net ginn. Dofir ass ons Justiz ze vill Regierungslaschteg.

Dass dat mat den Impfungen net esou klappt wéi dat vun de Regierungen gären duergestallt gëtt, gesäit een dorunner, dass an Amerika vun den 250 Milliounen Amerikaner sech der ongeféier 65 Milliounen net wëllen Impfe loossen. Do kennt dem Fauci seng Prognos vun der Herdenimmunitéiet, déi bei mindestens 85% Geimpfter vun der Populatioun géif leien, e kräftegen Dämpfer kréien.

Et ass schonn komesch dass elo a bemol a ganz ville Länner iwwerall déi selwecht Moossnamen getraff ginn, fir an den nächsten Deeg verschidden Coronavirschrëften ze lockeren. Esou gëtt genee wei bei ons, elo iwwerall dovunner geschwat, Terrassen vun de Restauranten nees opzemaachen, an der Belsch soll och d´Reesbeschränkung opgehuewe ginn. Frankräich mécht dat selwecht. Och an Holland gëtt dovunner geschwat, d´Virschrëften fir Enn Abrëll méi labber ze maachen. Et misst een jo schonn zimmlech beschränkt sinn fir dohannert net e kompletten Plang ze erkennen.

Et kennt och elo eraus, wat et mat der Persoun op sech huet, béi där vun engem Untersuchungsriichter  eng Autopsie ugeuerdent gouf. Des Aktioun goung vun engem Dokter aus, deen en Zesummenhang vun der Impfung mam Doud vun där Fra hiergestallt huet. Doropshin gouf vum Untersuchungsriichter eng Autopsie gefuerdert. Do schéngen sech zwee Läit net un déi allgemeng Richtlinn gehalen ze hunn. Bis elo ass jo all Hiewel a Beweegung gesat ginn, dass esou eppes net géif passéieren. Elo ass d´Saach allerdéngs um Lafen a wéi een weess ass esou eppes bal net méi ze bremsen. D´Äntwert vun onser Regierung op déi ganz Saach ass, dass elo a bemol Informatiounen iwwer Niewewierkungen an Doudesfäll duerch Impfungen un d´Ëffentlechkeet kommen. Eppes, wou bis elo opgepasst gouf, dass dat net sollt geschéien. Elo ass allerdéngs d´Katz aus dem Sack. Et kann een gespaant sinn, wéi d´Reaktiounen vun der Politik heirobber sinn.

Do ass eppes geschitt wat an hiren Aen net hätt däerfen passéieren. 

Wei wichteg et ass, dass bei verschidden Doudegen emol gekuckt gëtt un wat se dann elo wierklech gestuerwe sinn, gesäit een nees um Pensum, deen ons haut vun der Santé presentéiert gëtt. D´Zuel déi genannt gëtt, ass erschreckend; 7 Läit sollen erëm un oder mat Covid gestuerwe sinn. Et géif emol héich Zäit, dass dësem makaberen Spill, vun der Justiz, en Enn géif gesat ginn.bDat selwecht ass och bei den neien „Infektiounen“ de Fall, wat näischt aneschtes ass wéi positiv Getester. Mat deenen feelerhaften Schnelltester déi elo jo och an de Schoulen agesat ginn,wäerten des elo wei eng Rakéit an d´Luucht goen. Op dat sech elo schonn op des Zuelen auswierkt, kann ech elo net soen, mee et ass ganz gutt méiglech. Well et ginn erëm 272 Infizéierter (also Positiver) op 9510 Tester gemellt. Wat en enorm heegen Prozentsaz vun 2,86% wär. Also bal em d´Hallschent méi héich wéi elo an deenen leschten Deeg. An erëm muss een sech déi Fro stellen, wéi dat alles eigentlech mat deen deeglechen Meldungen vun den Geimpften kann iwwerteneen stemmen. Fir den haitegen Dag ginn ganzer 141.352 Impfdosissen gemellt, déi schonn verimpft ginn sinn. Wei ass et bei esou enger grousser Zuel un Impfungen dann méiglech, dass d´Zuelen net ufänken erof ze goen, mee am Géigendeel nëmme méi no uewe ginn? Do muss jo all normal nodenkende Mënsch un Zweiwelen kommen.

Och an Däitschland ginn verschidde Riichter op d´Barrikaden. Esou huet de Ex-President vum Bundesverfassungsgericht ganz kloert gesot, dass dat, wat d´Merkel elo virhätt, nämlech d´Grondrechter praktesch komplett ausser Kraaft ze setzen, widderrechtlech an e Schlag géint Demokratie wäer. Hei géif et net méi drëm goen, Rechter ze schützen, mee villméi eng Agenda ëmzesetzen. Dat ganzt wäert d´Merkel awer net dovunner ofhalen, säin Projet ëmzesetzen. Well Gesetzer intresséieren hat jo schonn laang net méi…

René Flammang 24.04.2021 (Bilder: Shutterstock)

12 thoughts on “Vu manipuléierten Zuelen, dubiéisen Impfungen an ahnungslosen Journalisten”

  1. Skrijelj sagt:

    Wier et dann eng Idee, wann een géif net nemmen op dem Blog bléiwen mee och mat Spenden vun den Lait hei en Printmedium schaafen. Een waat mei Informativ an mei fundéiert Recherchen publizéieren géif.
    Inhaltlech och regelmäßeg eng Sait mat Opklärung vun den individuellen Rechter liwwert…asw.

    Wat meng dir ?

  2. Paul K sagt:

    Merci fir den gudden Artikel. Zum Stechwuert “Naivitéit” wollt ech mol eppes posten waat deenen meeschten net bekannt ass. Ech zitéieren hei mol een Text vun “Wissensbewahrung” déi beschreiwen wéi den Här Jacques Attali deemols geduecht huet (nozeliesen an sengem Buch l’économie de la vie)

    Das schrieb Jacques Attali, 1981, damals Berater von François Mitterrand: „In Zukunft wird es darum gehen, einen Weg zu finden, die Population zu reduzieren. Wir fangen mit den Alten an, denn sobald sie 60-65 Jahre überschreiten, lebt der Mensch länger als er produziert und das kommt die Gesellschaft teuer zu stehen.

    Dann die Schwachen, dann die Nutzlosen, die der Gesellschaft nichts bringen, weil es immer mehr von ihnen geben wird, und vor allem schließlich die Dummen. Euthanasie, die auf diese Gruppen abzielt ;Euthanasie wird ein wesentliches Instrument unserer zukünftigen Gesellschaften sein müssen, in allen Fällen. Natürlich werden wir nicht in der Lage sein, Menschen hinzurichten oder Lager zu errichten.

    Wir werden sie los, indem wir sie glauben machen, dass es zu ihrem eigenen Besten ist. Die Überbevölkerung, und meist nutzlos, ist etwas, das wirtschaftlich zu kostspielig ist. Auch gesellschaftlich ist es viel besser, wenn die menschliche Maschine abrupt zum Stillstand kommt, als wenn sie sich allmählich verschlechtert.

    Wir werden auch nicht in der Lage sein, Millionen und Abermillionen von Menschen auf ihre Intelligenz zu testen, darauf können Sie wetten !Wir werden etwas finden oder verursachen, eine Pandemie, die auf bestimmte Menschen abzielt, eine echte Wirtschaftskrise oder nicht, ein Virus, das die Alten oder die Fetten befällt, es spielt keine Rolle, die Schwachen werden ihm erliegen, die Ängstlichen und Dummen werden daran glauben und sich behandeln lassen. Wir werden dafür gesorgt haben, dass die Behandlung vorgesehen ist, eine Behandlung, die die Lösung sein wird.

    Wissensbewahrung:
    Die Selektion der Idioten erledigt sich dann von selbst: Sie gehen von selbst zur Schlachtbank.” [ Die Zukunft des Lebens – Jacques Attali, 1981 ] Interviews mit Michel Salomon, Sammlung Les Visages de l’avenir, éditions Seghers. “…

    Jacques Attali: „Euthanasie“ als „eines der wichtigsten Instrumente für die Zukunft der Gesellschaften“ – Forum Naturrecht und Humanismus

    1. Tom Müller sagt:

      De Jacques Attali gehéiert jo och zu déier berühmt berüchtegter Clique déi seit Joerzengten doru schaffen d’Länner vun der Welt an déi nei ‘Weltuerdnung’, also déi total Sklaverei ze féieren! Aus deem Grond setzt hien sech jo och onermiddlech fir ‘Flüchtlingsstréim’ aus Afrika an dem Noen Osten no Europa an. Déi sougenannte Flüchtlingskris war/ass jo genau esou eng inszenéiert Kris wéi déi Corona-Plandemie déi zwar op ennerschiddlecher Ebene wierken awer dat selwecht Zil verfolgen a wou selbstverständlech déi selwecht kriminell, menschefeindlech Schreifdesch-Täter aus deem selwechte Clibbchen hannendru stiechen!

    2. Tom Müller sagt:

      P.s et ass och eng Aart Selbstschutz vu ville Menschen deene Verantwortlechen ‘Naivitéit’ z’ennerstellen well soss misste si sech agestoen dass mir een onbarmhäerzege Feind hunn deem sain Zil et ass eis ze zerstéieren a mat déier Erkenntnis léisst et sech net esou ‘bequem’ liewen

  3. Verstinn net wei een gudden seriösen alternativen Medium wei NUES AM WAND esou oninformeiert iwwert dei letzeboier presselandschaft an d’pressehellef ka sinn? dobäi stoung dat an allen mainstream-medien. komesch datt een hei esou schlecht recherchéierten artikel fennt!
    ech si wierklech enttäuscht
    hert b.

    1. René Flammang sagt:

      Moien Här Boscheit
      Dat wat ech a mengem Artikel iwwert d´Press geschriwwen hunn, hunn ech esou geschriwwen wei ech dat op deem Unesco Event gehéiert hunn. Ech hunn dofir net brauchen grouss Recherchen ze maachen, dat gouf mer einfach esou servéiert.Dat ganzt huet och näischt mat der” Nues am Wand” ze dinn, dat eis einfach dat dat ech deen Owend erlieft an et den aneren Mueren opgeschriwwen hunn.

  4. Zedommfirzeliesen sagt:

    Eis Gesetzer sinn iwwregens ëffentlech. Et kann een se noliesen. Wann all Informatiounen op dem Blog esou “gutt” recherchéiert sinn wéi de Kaabes, deen hei zur Pressehëllef steet, dann Gutt Nuecht. Ech fäerte just, datt hei ausnahmsweise mol eng Kéier eppes steet, wat bal richteg ass.

  5. Christiane Zeimes sagt:

    All Prospekt fir Äre Courage, Här Flammang, beim Presseclub 👍👍👍
    Ech liesen Är Artikelen an der Nues am Wand gären.
    Pointéiert op de Punkt bruecht.
    Lo sinn ech och schon 60 Joer. Op der Plëss op enger vun den Demoen war ech a gudder Gesellschaft : vill Leit mat Falen a groen Hoer.
    Wou bleiwen déi Jonk ?
    Si si jo nach méi betraff wéi mir.
    Wat meng Dir ?

    1. René Flammang sagt:

      Si brauchen méi wéi secher e Grengen deen hinnen de wee weist.

  6. Thilges sagt:

    Villmols merci fir den Artikel. Ech mengen et sin mein Leit erwäscht wei mer mengen, nemmen hei zu Letzebuerg schlofen nach vill, et geet eis eben net schlecht genuch. Jo mir sin een Deel vun der Leisung, mol eng Keier muss ech soen huet eis Regierung vill Subtiliteit gewissen am Slogan vun der Pandemie. Ech perseinlech droen mein Deel bei dass bei mir Large Scale Tester direkt an Dreckskescht fleien an dei vun menger Kannet och. Ech muss soen bravo un OMS an di verschidden Staater dei et faerdeg bruecht hun aus virdrun gesonden Leit elo potentiel krank Leit ze machen . Respekt oder och net…

    1. René Flammang sagt:

      De Problem ass dass déi meescht Letzebuerger sech net trauen de Mond opzemaachen.

  7. Chantal sagt:

    E grousse MERCI un Iech, Här Flammang, fir desen neien Artikel.
    Et ginn nëtt mei vill “normal denkend” Mënschen – leider. Ech selwer mierken dat all Dag, wann ech esou e Gespréich aleeden oder och nëmmen ganz viersichteg eng kritesch Positioun anhuelen. Mier haalen eis 100% un dat , wat eis MSM seet, dat muss jo richteg sinn. Alles anescht ass “Verschwörungstheorie”….

    Wei waar een vun de Sätz deen mer öfters erem an d’Gediechtnis keint: Ëm dei 5% wärten wuel ni erwächen! Schengt wei wann dei Zuel nach stark ënnerdriwen as.
    Just fir dei wou nach irgendwann wëllen erwächen an sech op manst Froen stellen sollen oder hier eegen Recherchen maachen, it’s now or maybe never!!

Schreibe einen Kommentar zu René Flammang Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.