Plandemie an déidléchen Impfdesaster Deel zwee

(Vum René Flammang)

Am Wort gëtt 1 Joer Plandemie reegelrecht gefeiert. Ganzer 5 Säiten ginn deem ganzen Desaster geopfert. Di ganz Covid Protagonisten ginn nach emol ganz genee virgestallt. Natierlech eis Kanéngchen (gemengt ass hei d’Gesondheetsministésch, déi ugangs des Joëres 2020 wéi eng Kanéngchen aus dem Hut gezaubert gouf – M.D.) un éischter Platz, mat hirem neie Frënd dem Xavier. Wann ech dogéint op déi 12 Méint zeréckkucken, ass et mir net fir Feierleches ze schreiwen. Am Géigendeel, et war e Joer wou ons praktesch all Grondrechter a vill anerer einfach oferkannt goufen. Mir sinn an e Stadium eragerëtscht, deen ech mer ni hätt kennen virstellen. Dat ganzt huet mech dozou beweegt, en Dagesbuch iwwert dat ganzt ze verfaassen. E Buch, dat an der Tëschenzäit 539 Säiten ëmfaasst. Dat Joer huet mir Ablécker an d´Politik bruecht déi ech ni fir méiglech gehalen hätt. Mee et huet mer awer och Ablécker an d´lëtzebuergesch Populatioun bruecht, déi ech och ni fir méiglech gehalen hätt.

Dat Joer huet mir eng Populatioun gewisen, déi ech ni esou kenne geleiert hätt ouni des Kris. Ech konnt eng Eefällegkeet an eng Ennerwerfegkeet feststellen, déi ech net fir méiglech gehalen hunn. E reegelrechten Kadavergehorsam koum zum Virschäin. Dann eng richteg Loscht zur Denonciatioun. E richtegt Iwwerwaachungsféiwer ass ausgebrach a jiddereen huet sech ermächtegt gefillt, dir ze soen, weis de dech ze verhalen hues. Ech hunn ëmmer nees un de Kriepse Mill missten denken. Hien sot ëmmer, méi léiwen Ren, wann mir hei am Land net esouvill Verréider gehat hätten, wären vill Lëtzebuerger net an de Prisongen an an den KZter verschwonnen.

Dat Joer huet awer och gewisen, wat een mat Propaganda alles uriichte kann. An wat een alles mat Tester kann maachen, déi nach net emol zougeloust sinn fir dat firwat se agesat ginn. Onser Regierung ass dat awer zimmlech egal, ass et dach just dat Handwirksgeschirr, wat gebraucht gëtt fir deen ganzen Covid Zauber ze rechtfäerdegen. Well ouni des Tester géif et keng Plandemie ginn. Deen Numm Plandemie muss een leider gebrauchen, well dat ganzt ass eng komplett fingéiert Affär. Déi vun e puer Milliardären aus der Davos Clique gesteiert gëtt. Déi dat dann och nach ganz ëffentlech zouginn an esouguer Bicher iwwert dat ganzt verëffentlecht hunn. Bicher déi jiddereen, deen sech dofir intresséiert, kann kafen. En aneren och Bill Gates genannt, téint all zweeten Dag ganz öffentlech op alle meigelechen Senderen iwert séng Wonner-Impfstoffer.

Als en Haptsteierungspunkt an deem ganze Spill huet sech elo d´WHO erausgestallt, zesummen mam Här Wieler vum RKI. Vun do ginn all Fiedem gezunn. Ech kommen méi weit a dësem Buch nach op dat ganzt zeréck. Mee ech kann elo schonn soen, dass dat wat ech do konnt opdecken et an sech huet.

Lous a lous kennt ëmmer méi zum Virschäin, wat fir e Verbriechen hei un Milliarde vun Mënschen gemaach gëtt. Mam Hannergrond fir dat, wat den Här Schwab an sengem Buch beschreift, an d‘Dod ëmzesetzen. Nämlech den Great Reset. D´Ganz Welt soll an eng totalitär Diktatur ëmgemodelt ginn. All Eegentum soll dem Bierger ofgeholl ginn an an de Besetz vum Staat oder dëser Clique iwwergoen.

An dat si keng Verschwierungstheorien, nee den Här Schwab schreift dat ganz deitlech an sengem Buch iwwert de Great Reset.

An der Tëschenzäit ass en Trend ze mierken, deen drop hiweist, dass d´Jugend ufänkt d´Gedold ze verléieren. Si fänken un sech net méi un d´Reegelen ze halen. Iwwerall geséit een op de Stroossen oder an Parken jonk Läit déi sech net méi em Maskeflicht an net méi em Ofstandsregelen këmmeren. Di bis elo geschlof hunn, schéngen erwächt ze sinn. Zwar e wéineg spéit, mee ëmmerhin. Et geséit ganz esou aus, wie wann de Regierungsligen net méi géif gegleeft ginn.

An der Tëschenzäit stellt sech och eraus, dass déi ganz Kris generalstabsméisseg geplangt ginn ass. An dass un dëser Planung esou zimmlech alles deelgeholl huet. Dat heescht déi ganz Regierungen zesummen mat der Davos Clique, der EU Kommissioun, der WHO, déi e Stéck vun der UNO ass, asw.

Een, deen bei der WHO d´Fiedem zitt, ass den Här Wieler, de Véidokter vum RKI. Hannert dem Här Wieler stin d´Madamm Merkel an den Här Spahn. Dat sinn alles Asiichten, déi Schwaarz op Weis mat Dokumenter vun der WHO  ze beleeen sinn. Dat ganzt leeft also ganz genee no engem Plang of. An sämtlech bedeelegt Regierungen hunn sech an Ofkommen, déi se mat der WHO geschloss hunn, derzou verflicht d´Reegelen vun dësem Ofkommen genee ze befollegen. Dat sinn Tatsaachen, déi duerch Nofuerschungen vun enger Juristin mam Numm Dr. Silvia Berendt opgedeckt goufen. Des Juristin huet op der Uni vun Sankt Gallen iwwert dest Thema promovéiert.

Dëst alles koum elo eraus bei der 41ter Sëtzung vum Corona Ausschoss. Ech kommen méi spéit nach méi ausféierlech op des opgedeckten Verbriechen ze schwätzen. Ech hunn hei en Dokument vun 38 Säiten virleien, dat e ganz geneeën Abléck an déi ganz Machenschaften gëtt.

Et huet sech elo dat bestätegt, wat ech schonn ganz am Ufank vu mengem Tagebuch festgestallt hunn, nämlech dass dat alles vun enger zentraler Platz aus gesteiert gouf. Des zentral Platz stellt sech elo als WHO eraus. Eng WHO, déi mat duerch den Lothar Wieler vum RKI gesteiert gëtt. Elo kritt meng Feststellung, dass een géif mengen den RKI géif d´ganz Welt dirigéieren, e ganz aneren Hannergrond a beweist wie richteg ech mat mengen Feststellungen louch. D´Beweiser dofir sinn an deem 38seitegen Dokument erëm ze fannen.

Mee no dësen Feststellungen kritt och dat absolut Festhalen um PCR Test eng ganz aner Bedeitung. Den PCR Test, deen duerch den Drosten an d´WHO uechtert der ganzer Welt als deen, wie se soen, Goldstandard ugesinn gëtt, ass en Handwirksgeschirr dat nëmmen agesat gouf, fir genee dat ze erreechen, wat domadder erreecht gouf, nämlech Panik an Angscht ze verbreeden. Deen PCR Test ass Mëttel zum Zweck. Elo gëtt dat onbedéngt Festhalen un dësem Test besser verständlech, hien gehéiert zum Plang.

Di Fro, déi een sech elo muss stellen, ass wivill vun all deem, war bei féierenden Persoune gewosst? Wien ass Täter an wien ass Opfer? Wie weit ass deen ganze Komplott gaangen? Wien war Matwessenden a wien war d´Marionett? Dat sinn alles Froen, déi an de nächste Joren virun Gerichter wäerte musse gekläert ginn. Mee och do stellt sech d´Fro, wie weit ons Justiz mat an dat ganzt agebonne war an nach ëmmer agebonnen ass? Eng fréier Riichterin huet jo schliisslech bei deem Ganzen, hei am Land, eng féierend Roll gespillt.

Eppes ass op alle Fall sécher, ons Mainstreammedien waren mat agebonnen. Dat wat hei opgedeckt gouf stellt allerhand Froen op. Mee et beweist och, wie verlugen an äiskal geplangt dat ganzt Plandemiegeschéien ofgewéckelt gouf. An all eis féierend Läit sinn dra verwéckelt. Wat natierlech allerhand Froen fir ons Zukunft opwerft. Do wierken féieend Läit un enger internationaler Mafiastruktur mat. Bedeelegen sech drun, en internationalen Mafiastaat opzebauen. Wossten also vun vireran genee bescheed, wie dat ganzt do sollt oflafen. Hunn domadder och hiren Eed gebrach deen se op onse Staat geleescht hunn.

Dat ganz ass esou irreell dass et kaum ze gleewen ass. Leider ass et Tatsaach, bewisen duerch d´Aussoen vun honnerten vun Wëssenschaftler, Juristen, Dokteren, Virologen,asw. An all Dag kommen nei Beweiser derbäi. Mir sinn op engem Point of no return ukomm.

Et ass net virstellbar, wat dat doten fir ons alleguerten bedeit. Eppes steet op alle Fall fest, en zeréck an déi doten Zoustänn kann et net méi ginn. Et muss eng nei Uerdnung hir an dat ass ganz bestëmmt net déi, déi Läit wie Schwab, Gates, Rockefeller an Konsorten sech virgestallt haten.

Iwwerdeems réckelt och den Impfpass ëmmer méi no. Verschidde Länner aus dem Süden wëllen domadder hir Tourismus Branche fir de Summer nees ukuerbelen. Et kennt sech emol erausstellen, dass dat e Schlag an d´Waasser kennt ginn. Duerch déi ëmmer méi optriedend Doudesfäl,l oder de schwéieren an schwéiersten Niewewierkungen no den Impfungen, kennt et derzou feieren, dass ëmmer méi Läit eng Impfung strikt ofleenen.

Dat ganzt gläicht jo an der Tëschenzäit méi engem russeschen Roulette wie enger Impfung. No all deem wat an de leschten Deeg un d´Effentelchkeet koum, sinn ëmmer méi Läit, déi sech net mat deen liewesgeféierlechen Produkter déi d´Läit do sollen agesprëtzt kréien, impfe loossen. Domadder verzichten der och ëmmer méi op eng Impfung an dann och en eventuellen Impfpass. Domadder däerfen se dann och net an esou Länner reesen déi esou e Pass zur Flicht maachen. Déi ganz Saach kennt emol zum Bumerang ausaarten. Dat géif een dann nennen, sech selwer an de Knéi schéissen.

Well wat Doudezuelen sech méi heefen an och nach publik ginn, wat der ëmmer manner bereet sinn, deen Impfrisiko anzegoen. An déi Noriichten sinn jo net méi opzehalen. An der Tëschenzäit kommen esouguer an de Mainstreammedien des Noriichten ëmmer méi op d‘Dagesuerdnung, well et ganz einfach net méi ze verstoppen ass.

An dësem Zesummenhang mussen sech allerdéngs déi Läit, déi sech bis elo esou vehement fir ons Gesondheet agesat hunn, sech froen loossen, wie dat dann ass, dass mer all Dag déi neisten Doudeszuelen, déi ganz dacks och nach op falschen Ënnerlagen berouen, em d´Oueren gehaen kréien, an vun deenen doten Doudezuelen gi mer näischt gewuer, oder et gëtt wéinstens all Hiewel a Beweegung gesat, se erofzespillen oder einfach komplett ze ignoréieren.

Wie kennen Läit, déi sech bis elo als Warer vun onser Gesondheet opgespillt hunn, all Kontakter verbueden hunn an ons all Dag mindestens 10 mol un dat alles erënnert hunn, ganz strikt drop geuecht hunn, dass all des Reegelen skrupellos agehalen goufen, et elo verantworten, dass Impfungen duerchgefouert ginn wou Mënschen schwéierst krank ginn an e ganzen Deel vun dëse Mënschen esouguer stierwen?

An dass just des Gesondheetsappostelen, dat wat si mat hirer Impfungen uriichten, mat alle Mëttelen wëllen vertuschen. Dat sinn schonn ganz komesch Froen, déi sech hei opdoen an et geséit esou aus, wie wann des Froen nach méi schwéier ze beäntwerten wären. Well déi Läit, déi se missten beäntwerten sinn elo schonn deeglaang am gaangen ze verschleieren an ze maueren. Et ass komesch, dass elo abemol d´Gesondheet vun onse Matbierger guer net méi esou am Virgrond steet.

Do muss een sech dach onweigerlech d´Fro stellen, wat hei eigentlech gespillt gett?

Dat sinn natierlech Froen, déi een an der Politik net esou gären héiert. Déi sinn jo och net onbedéngt zum Jubelen geduecht. Wat waren dat dach Zäiten, wei een sech an der Sonn vum éischten Ausnamezoustand konnt sonnen. Jiddereen war zefridden mat der Aarbecht vun onse Ministeren an deen, deen en Hoer an der Zopp fonnt huet, war en Rietsextremist oder e Verschwierungstheoretiker. Haut hunn déi Verschwierungstheorien sech leider als Realitéit erausgestallt, jo sinn vun der politescher Realitéit esouguer nach iwwertraff ginn.

Well dat wat an de leschte Méint alles erauskoum, hätten déi schlëmmsten Verschwierungstheoretiker sech net am Dram kennen ausdenken.

An och d´Warnungen virun deem Impfstoff, deen do aus dem Aarm gezaubert ginn ass, hunn sech an der Tëschenzäit als wouer erausgestallt. D´Ausmoossen vun deem Skandal, deen sech ubannt, sinn nëmme méi mat extremen Noutligen ze verdecken.

An och dat geléngt elo schonn net méi. Och Diffameirungscampagne vun onser Press an onse Ministeren kréien mam Hannergrond vun deem Impfdesaster e ganz fade Geschmaach. Och wann onse Premier sech virum Hinzerter Kräiz verbitt, dass sech Läit, déi sech géint de Covid Wansinn zur Wier setzen, sech mat der Resistenz aus dem zweete Weltkrich vergläichen.

Mee och deen klengen Ausrutscher kann net doriwwer ewechtäuschen, dass d´Situatioun all Dag méi brenzlech gëtt. Well vun iwwerall trëndelen d´Noriichten an, dass et ëmmer méi Doudeger ze bekloen ginn, déi op d´Impfungen zeréck ze feieren sinn. Och wann mat alle Mëttelen versicht gëtt, dat ganz ze verstoppen. Et hëlleft näischt méi. Wann et och onse Medien an onser Regierung fir de Moment nach geléngt, den Deckel op deem ganzen ze halen, esou ass den Dag ofzegesinn, wéini dat ganz aus dem Rudder leeft.

Well an internationale Medien heefen sech an der Tëschenzäit d´Beweiser, dass mat den Impfungen a ville Fäll Doudeger ze bekloen sinn. Esou stierwt en 89järegen zu Göttingen direkt um Heemwee no der Impfung. Zu Emsteke stierwen 5 Senioren no der Impfung an 13 Patienten erkranken no der Impfung um „Covid Virus“. Zu Berlin sinn an der Tëschenzäit vun 31 Patienten der 8 gestourwen an 11 hunn schwéierst Symptomer, esou dass dermadder gerechent muss ginn, dass och vun dëse Läit der nach e puer wäerten stierwen.

Zu Emden goufen vun Klinikpersonal, déi geimpft goufen, der 29 esou krank, dass se net méi schaffe konnten. Zu Hamburg ass e Rettungssanitäter no der Impfung geläämt ginn, 21 weiderer haten schwéierst Niewewierkungen. Zu Osnabrück sinn 14 Senioerenheembewunner no der Impfung schwéier krank ginn.

Wie schreift eng auslännesch Zeitung. De Wee vum Impfstoff ass mat Läichen, Invaliden a Schwéierkranker geseemt. An iwwerdeems déi ganz Regierungen nach ëmmer versichen, dat ganz erofzespillen, warnt elo esouguer d´WHO virun den Impfstoffer. Si  schwätzt dovunner, dass den Covid Impfstoff 40 mol méi geféierlech wär wie den Impfstoff géint d´Influenza.

 An England sinn no amtlechen Feststellungen an nëmmen zwee Méint 236 Mënschen no den Impfungen gestuerwen.Do kennt nach dobäi, dass 8 Fraen no der Impfung hiren Fötus verluer hunn. Am Géigesatz zu hei ginn des Fäll an England ganz genee ënnersicht an deementspriechend vun der Regierung festgehalen. Esou goufen do bis zum 18.2.2021 am ganzen 24.207 Zweschefäll vun Pfizer festgehalen an 20.428 Fäll fir Astrazeneca.

Mee iwwerall ass festzestellen, dass mat alle Mëttelen versicht gëtt d´Opfer vun deem ganzen Desaster mat Ëmschreiwungen aus dem Donstkrees vun den Impfungen erauszekréien.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt wie ëmmer bloen Himmel gemoolt.

4 Deeg no deem bloen Himmel, sollten awer och bei ons méi donkel Wolleken opzéien, fir net ze soen schwaarz Wolleken. An engem Seniorenheem zu Nidderkuer sinn no der Impfung 94 Persounen u „Corona“ erkrankt, 5 dovunner sinn gestuerwen, dréi weiderer leien am Spidol.

Wat schonn ganz intressant bei dëser ganzer Affär ass, dat ass dat daat ganzt schonn op den 23. Februar zeréck geet, wou déi éischt Läit krank goufen. Si waren alleguerten den 18ten Februar déi éischte Kéier geimpft ginn. Wien elo gemengt huet, déi zweet Impfung géif doropshin gestoppt ginn, muss feststellen, dass en sech geiert huet. Di ass nämlech fir den 18ten Mäerz ugesat.

Wat elo nach ganz intressant bei der ganzer Saach ass, dat ass, dass et net den éischte Fall an engem Seniorenheem ass.

Am St. Elisabeth am Park an der Stad ass genee esou eng Saach schonn ugangs Februar ofgelaf. 80 Persounen sinn krank ginn an 8 dovunner sinn gestuerwen an dat ouni dass ee Wuert dovunner an onse Medien bekannt gi wär.

Et muss een sech d´Fro stellen, wat hei nach alles verheemlecht gëtt. An dat alles duerch Läit, déi bis elo Läit hannendru gelaf sinn, wann se keng Maske gedroen hunn.

 Schummt dir iech eigentlech net? Oder wësst der schonn net méi wat dat ass?

René Flammang (Bild: Shutterstock)

P.S.: Do ass mer nach eppes agefall: Firwat se iwwerall ofstreiden, dass déi ganz Läit un der Impfung gestuerwe sinn, ass ganz einfach ze erklären. Déi hunn alleguerten ennerschriwen, dass d´Impfstofffirmen net kennen a Regress geholl ginn. Deen dann fir dat alles muss opkommen, ass de Staat. Do leit d´Kromm an der Heck!

6 thoughts on “Plandemie an déidléchen Impfdesaster Deel zwee”

  1. Monique sagt:

    Bravo Ren…. ech brauch hei jo net vill ze schreiwen, mär kommunizéieren jo vill als Noper…. mach weider esou.

  2. Isabelle Schmit-Mines, Capellen sagt:

    Merci Här Flammang fir Ären ausféierlechen Text, deen villes opklärt. Mee, et begéint een nach vill Mënschen, déi nach ëmmer de Virus fäerten, déi d’Zesummenhäng mat enger Diktatur net verstinn. An et mierkt een, wéi, effektiv eis Grondrechter mat Féiss getrëppelt ginn, et brauch een sech nëmmen unzekucken, wat gëschter, den 13. März zu Dresden lass war: esou vill Polizisten, datt et engem Angscht mécht. Wéini erwächen d’Leit dann? Wat solle mer nach maachen fir dass deen “Great Reset” gestoppt gëtt?

  3. Minettsdapp sagt:

    Fir e wéineg méi kloer ze gesinn an dem ganze Misär a fir d’Hannergrënn vun däer aktueller Dystopie besser ze verstoen kann ech nëmme dem Patrick Jetzer säin exzellent Buch “Corona Fakten Check” recommandéieren.

  4. Paul sagt:

    All Dag kréien mir matgedeelt wéi vill Leit un oder mat Covid gestuerwen sinn.

    Ech wëllt eemol wëssen wéi vill vu deene geimpft waren.

    Ech fannen eng question parlementaire wär do ubruecht.

  5. Thilges sagt:

    Et get nach besser all Land mat engem President sin Gesellschaften SA sou Frankreich Sa mat Numero de Sirrett an Eintrag am D.U.N.S am Costa Rica. Den Impot sur le revenu get net verwert fir eis Land besser ze machen mee get direct un Couronne d‘Angleterre gescheckt net bei Kinegin mee un City of London dei den Rottschild geheieren . Dono kommen Suen zereck a Form vun Pret mat Zensen natiirlech . Couronne ass verbonnen mat 2 aaner Entiteiten de Vatican an Washington DC, alles friem Länner am Land. America ass och eng Société gewiescht Etats-Unis d‘Amerique inc corporation duerch eng Ännerung vun der Constitutioun 1881 . Den Trump ass erem zereck komm ob di ursprönlech Constitutioun vun 1776 an société Etats-Unis ass faillite. Dofir ass Washington DC zou net dat keen eran soll kommen mee dat keen eraus kann kommen. Bei eis leeft et ähnlech , duerch eisen Acte de naissance hun mir en Contract mam Staat gemach an doraus an ochduerch eise Numm get aus enger Persoun mat Herz an Seil eng Person juridique ( eng Gesellschaft kann net e Kontrakt mat engem Mënsch machen) De Sarkozy sot l‘homme n‘est pas une marchandise comme les autres . An domat ass alles gesoot. Wann mer eppes kaafen mat eisem Numm geheiert et eigentlech der Gesellschaft staark nee. Hei zu Letzebuerg wees ech net mee an villen Länner ass daat esou.

  6. Chantal sagt:

    Merci fir desen ausféierlechen Artikel. Ech wees dat och an ech stellen mer all Dag genau dei Fro:
    “Wie kennen Läit, déi sech bis elo als Warer vun onser Gesondheet opgespillt hunn, all Kontakter verbueden hunn an ons all Dag mindestens 10 mol un dat alles erënnert hunn, ganz strikt drop geuecht hunn, dass all des Reegelen skrupellos agehalen goufen, et elo verantworten, dass Impfungen duerchgefouert ginn wou Mënschen schwéierst krank ginn an e ganzen Deel vun dëse Mënschen esouguer stierwen?”
    Et ass nëtt mei mat unzekucken wat hei geschitt, dagdeeglech, an no baussen ass einfach “alles an der Rei”. Wat ass lass mat eiser Gesellschaft? Gesait kee mei d’Fakten oder maachen se all d’Aan einfach zou, haalen d’Oueren zou, an derduerch an hoffen dass alles vum selwen nees gutt gëtt??????? Des Kéier wuel kaum!!

Schreibe einen Kommentar zu Minettsdapp Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.