„Normalitéit“ an der Nokrichszäit just nach mat Passéierschäin?

Oppenen Bréif un d’Adress vun eisem Staatsminister

„Monsieur le Président, je vous fais une lettre, que vous lirez peut-être, si vous avez le temps“ hat de franséischen Schrëftsteller Boris Vian virun bal 70 Joër an engem vun him selwer geschriwwenen Chanson mol gesongen, wouran en d’Erliefnisser an d’Iwwerleeungen vun engem sougenannten Déserteur beschreift, deen e.a. seng Landsleit dozou oprifft, net an de Krich ze zéien: „Et je dirai aux gens: Refusez d’obéir, refusez de la faire, n’allez pas à la guerre, refusez de partir“.

Deemols wéi haut gouf ët Zensur, wann ët em Kritik um Krich goung!

Villäicht hutt Dir Zäit, fir dëse Bréif ze liesen, deen ech Iech schreiwen, fir dass Der herno zum engen net kënnt soën, Dir hätt vu näischt gewousst an zum aneren fir hoffentlech e puer Leit an dësem Land doriwwer un d‘Nodenken ze kréien, wat mer eigentlech hei grad maan, bzw. gemaach hun mat eisen Senioren, Kanner a mat eis selwer.

Wéi am Lidd „Le déserteur“ sin och ech nët gewëllt, Matleefer an deem heite Krich ze sinn, wou een leider net kann désertéieren, ma nëmmen just op d’Ongereimtheeten an d’Ongerechtegkeeten hiweisen, déi et an engem Krich ëmmer gouf a gëtt. Dat éischt Affer vum Krich ass d’Wourecht, heescht et; „nun, die Wahrheit ist das zweite Opfer des Krieges, weil die Neutralität schon vorher verloren geht“ féiert déi däitsch Autorin Carolin Emcke an engem vun hire Bicher weider aus an dat ass genee dat, wat mer momentan (rëm) erliewen.

Am Krich si mer laut Ärem „Kolleeg“ aus dem Elyséepalast zënter Ugangs 2020 jo op e Neits, net géint eng Arméi an och net géint en anert Land, wéi dësen sot, ma de Feind wier awer trotzdeem do an d‘Regierung misst alles drusetzen, dëse Feind ze bekämpfen. Gemengt war natierlech dat, woumat mer zanterhier bal weltwäit all owes schlofen ginn an all moies rëm opstinn; déi faméis Pandemie, wéi se eis den 11. März dat lescht Joër vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) virgesat gouf an zënterhier nuets net méi gutt schlofe léisst an am Do net méi onbeschwéiert liewe léisst.

Här Staatsminister, ech wees éierlech gesot bis haut net, wat eigentlech konkret muss geschéien, fir dass mer rëm kënnen an e „normalen“ Liewensmodus iwwergoën, bzw. wourop d’Regierung hir Decisiounen stäipt, déi deemools a Rekordzäit an e soug. Covid-Gesetz (fir mech éischter een Ermächtigungsgesetz) gegoss goufen a wat vun do un schonns x-mol iwwerschafft, geännert an ugepasst gouf. Et misst deemno e ganz trëftege Grond ginn, fir iwwerhaapt esou e Gesetz ze maan, wat déif an déi perséinlech Fräiheeten vum Eenzelnen agräift a wat iwwert den Delai vun den 3 Méint, wéi et an engem Noutstand virgesinn ass, erausgeet.

Esou e Grond ass awer wäit a breet néierens a Siicht an ech wëll an deem Kontext op e puer allgemeng zougänglech Faiten hiweisen, déi no méi wéi engem Joër „Corona“ eigentlech jidderengem missten bekannt sinn. Wann Der se sollt kennen, hunn ech nach manner bis guer keen Versteesdemech fir déi soug. Mesuren, déi eis den Alldag an d’Freed um Liewen zum Deel veronméiglechen, fir vill Leit schwéier physesch a psychesch Suiten hunn an esouguer direkt oder indirekt kënnen zum Doud féieren. Wann Der se net sollt kennen, wier dat net manner verwerflech an erschreckend, géif et jo weisen, dass déi, déi mengen, anerer mussen ze „regéieren“, an enger Blos an hirem Elfenbeintiirmchen géingen liewen an näischt vun der realer Welt géife matkréien. Ech weess bal net, wat schlëmmer wier!

                                               *******************

Besoten WHO hat virun der soug. Corona-Pandemie d’Critèren, bzw. d’Definitioun vun enger ‚Pandemie‘ geännert. Et brauch elo keng Iwwerstierwlechkeet méi (déi et par rapport zur Awunnerzuel hei zu Lëtzebuerg wärend der „Pandemie“ nie gouf an och net gëtt) fir eng Pandemie auszeruffen, ma et geet schonn duer, wann eng Krankheet méi geheeft wéi soss optrëtt, oder wann et eng „nei“ Krankheet ass. Dëst fanne mer elo neiderdéngs awer net méi doduerch eraus, dass iwwerméisseg vill Leit bestëmmten Symptomer opweisen, mä duerch e soug. PCR-Test, deen den Aussoën vu sengem Entwéckler no, niewebäi bemierkt ëmmerhin e Nobelpräisträger, näischt iwwert eng ‚Infektioun‘ ausseet a bei gesonde Leit sws. keen Sënn géif maan. Dat féiert natierlech eisen héichgelueften Large Scale Testing ad absurdum a wa mer mol éierlech sinn, gesäit e Blannen, dass mer mat där „Strategie“ komplett um Holzwee sinn, well absolut keng Korrelatioun tëscht der Unzuel vun positiven Testresultater a Leit mat Covid-19-Symptomer besteet, déi per Definitioun eigentlech eben NET de Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochssënn asw. sinn, mä eng schwéier Longekrankheet, déi zum Doud féiert. Dat zumindest ass eis deemools jo mol esou aus dem Räich vun der Mëtt iwwermëttelt ginn. Iwwerdeems wësse mer jo mol net, ob Leit mat oder un Covid-19 gestuerwe sinn a stierwen, wéinst der einfacher Ursaach, dass keng Autopsie gemaach goufen a ginn. Et gëtt einfach behaapt, dass all Doudegen, deen virun oder esouguer no sengem Doud positiv gestest gouf, e Covid-19-Affer wier. Esou huet eis den Direkter vun der Santé dat op eiser staatlech finanzéierter Telé jiddefalls mol erklärt. Eigentlech praktisch, wann een nieft dem Staats-Ministère och nach d’Ministèren vun der Kommunikatioun, de Medien an der Digitaliséierung ënnert sech huet…

Apropos Tester: Zu de Schnelltester z.B. an eisen Schoulen, weist eis den Robert Koch-Institut an engem entspriechenden Dokument op, wéi fiabel déi Tester sinn, wat z.B. falsch positiv Resultater ugeet. De Schnelltest, deen hei zu Lëtzebuerg an eise Schoulen an den Asaz kënnt, weist bei der aktueller Inzidenz vun 56 (déi rëm op PCR-Tester baséiert, déi wéi gesot keng „Infektioun“ kënnen noweisen) a ronn 94% vun de Fäll falsch positiv un! D.h. mat aneren Wierder, dass bal all Schüler wéi e Schwéierverbriecher behandelt, heemgeschéckt an agespärt gëtt, ouni dass dozou iergend e Grond besteet, woumat ech net wëll gesot hunn, dass ech déi Praktiken bei den iwwregen 6% guttheeschen an dass den Test iergendeng konkret Ausso hätt, vu dass et bis haut keng wëssenschaftlech propper Arbecht zur Isolatioun vum SARS-CoV-2 gëtt, déi zudeems d’Henle-Koch-Postulater géif erfëllen.

Wou mer grad bei de Kanner sinn, sief och op d’Problematik mat de Masken z.B. an der Schoul higewisen. Ech weess net, ob een grouss Etuden brauch (obwuel et der mëttlerweil en masse ginn), fir erauszefannen, dass et net gesond ka sinn, wann een keng frësch Loft kann, jo esouguer därf ootmen, zemools fir Kanner. Kanner si logescherweis nach an der Entwécklung a brauchen nieft vill Léift, Freed, engem zolitten Doheem, Schlof, gudder Ernierung, Beweegung a Kollegen och propper Loft, wat mat enger mat gëftegen Substanzen steriliséierter Fatz Plastik virun Mond a Nues wuel kaum méiglech ass. Dëst ouni eng kloër wëssenschaftlech fundéiert Basis de Kanner einfach zouzemudden an opzezwéngen grenzt un e Verbriechen, wat, wéi no all Krich, sécher wärt opgeschafft an hoffentlech dementspriechend och wärt sanktionéiert ginn.

Un e Verbriechen grenzt och eng scho bal nonchalant Propagéierung vun enger „Noutfall“-Impfung, wou et keng Etuden iwwert Laangzäitwierkungen (ka) ginn a wou et, och hei zu Lëtzebuerg, schonn Doudesfäll an deem Kontext gouf. Ouni d’Populatioun iwwert d’Risiken opzeklären an ouni den Hiwäis, dass et sech bei dësen neiartegen Impfungen ëm experimentell Impfstoffer handelt, déi zum Doud kënne féieren, ginn d’Leit als Versuchskanéngercher riicht an d’Messer lafe gelooss, Kanner inclus.

Ganz niewebäi gouf elo hei zu Lëtzebuerg och de soug. „Covid-Check“ agefouert, wou een per QR-Code beweise muss, dass ee getest, fäerdeg geimpft oder nees gesond ass; demno eppes wéi e Passéierschäin, wéi mer ët aus DDR-Zäite kennen, just dass en elo digital funktionéiert a gesond Leit ausschléisst an domadder diskriminéiert. „D’Onscholdsvermutung“, wann een dat esou an deem heiten Fall ka nennen, fällt deemno eweg, esou wéi et an engem Rechtsstaat awer eigentlech ubruecht wier an all eenzelnen Bierger gëtt vu viran als potenziell Gefoer fir de Rescht vun der Gesellschaft agestuuft. Dat ass dégeulasse a viru net allzelaanger Zäit hätte mer dem Regime a China bei esou Praktiken nach de béisen Fanger gemaach! Elo maan mer hei zu Lëtzebuerg just dat selwecht, an d’Politik schummt sech net, fir mat enger gudder Portioun Zynismus nach ëmmer vun Demokratie a Rechtsstaat ze schwätzen.

An Zäit vu just 15 Méint huet also déi lëtzebuerger Regierung (oder sollt een wouméiglech och hei de Begrëff „Regime“ gebrauchen?) et mat Hëllef vun enger Zort psychologischer Krichsféierung färdeg bruecht, aus Gesonden Kranker ze maan (déi daat opgrond vun enger permanenter medialer Propaganda dann och nach selwer gleewen), d’Gesellschaft ze splécken, Diskriminéierung, Mësstrauen an Denunziantentum ze installéieren an salonfäheg ze maan an d’Mënschen vu jonk bis al op der Basis vun Angschtmaacherei mat totalitären Praktiken an enger „Zuckerbrot und Peitsche“-Strategie (momentan e bësschen méi Zuckerbrot) ze schikanéieren. Den Helmut Schmidt hat emol gesot, dass de Staatsterrorismus souguer aner Formen vun Terrorismus nach géif iwwertreffen an et goufen Figuren déi Säit vun Our, Sauer a Musel, déi sech an deem, wat zënter März 2020 hei ofleeft, sécher erëmfond hätten.

Schléissen wëll ech mat engem Auszug aus dem Lidd „Die Zeit ist reif“ vum Hannes Wader, wou de Protagonist virum Graf vun engem jonken Zaldot steet, deem säi Liewen opgrond vu sengem Asaz am éischte Weltkrich mat 19 Joër eriwwer war: „Für den Frieden zu kämpfen und wachsam zu sein, fällt die Menschheit noch einmal auf Lügen herein. Ja auch dich haben sie schon genauso belogen, so wie sie es mit uns heute immer noch tun.“

D’Zäit ass räif!

Ouni bescht oder schéin Gréiss, dofir awer mat der Hoffnung, dass „d’Corona-Pandemie“ als daat an d’Geschichtsbicher ageet, waat séch als ëmmer méi offensichtléch weist; als eng Zort Coup d’état(s), gesponsert an initiiéiert vun onduerchsichtigen Organisatiounen an enger Industrie, déi sech ethesch a mënschlech komplett verrant an disqualifizéiert huet.

Mario Dichter, entsaaten an empörten Papp vun 2 gesonde Kanner, om 8. Juni 2021, deen net geducht hätt, dass esou eppes an enger Gesellschaft, déi séch fir opgeklärt hält, nach emol méiglech wier.

P.S.: Vu, dass d’Regierung hier Decisiounen wëssenschaftlech net beleet, bzw. net ka beleeën, hunn och ech bewosst op Quellenangaben verzicht. Am Contraire zu de Behaaptungen vun der Regierung kann a soll awer jiddereen dat, wat ech am Bréif geschriwwen hunn, selwer iwwerpréifen!

(Bilder: gouvernement.lu, Radio France)

10 thoughts on “„Normalitéit“ an der Nokrichszäit just nach mat Passéierschäin?”

  1. Peter Freitag sagt:

    Merci Mario, ech hunn dësen Artikel mat genoss gelies. Dat Meescht dovun gëtt och all Samsden op der Demo an der Stad ernimmt. Ech denke wat fehlt, ass datt mer realiséieren, datt ee muss mat erhéichter Kreativitéit fueren, well Bréiwer an Artikelen alléng kréie kéng Reaktioun. Kreativitéit fir den Narrativ, ad absurdum ze féieren, oppen ze ëmgoen, oppen ze ignoréieren, sinn alles Saachen déi een als Pazifist mat Courage ka maachen.

    Di voll Ausnotzung vum Protestrecht, erlaabt ët eis op der Demo, fir de Leit di kommen, eng Paus vum Corona-Wahnsinn ze ginn, kéng Masken, keen Oofstand, Musék, Danz, Alkohol fir dee wou wëll (soulaang een zivil a korrekt bleift), e fräie Mikro fir seng Gedanken ze äisseren an nogelauschtert ze kréien a ganz vill verstänneg Leit vun all Liewenswee, di een den aaneren toleréieren/akzeptéieren (kéng gespléckte Gesellschaft).

    Mee dat wat mir op der Demo maachen, ka jiddereen a séngem Alldag abauen, zum Beispill e Protest bei sech doheem fir di ganz Beschränkungen am Privatberäich ze annulléieren, kee ka mir verbidden e permanente Protest bei mir doheem ze maachen, dat hieft da suguer nach vill weider Gesetzer wi just di COVIDiotesch op 😉 . Et gëtt ganz vill wat ee mat Kreativitéit ka maachen ouni op Gewalt zeréckzegräifen, ët muss een ët just maachen, dat ass cleveren zivilen Ongehorsam.

  2. Monique sagt:

    Hätte mär méi Leit di de Courage hätten, Leit di sech total beaflosse lossen vun sougenannte Wëssenschaftler, Regierung ect….. die Kraft hätten dee ganze Schwindel opzedecken, dass och deen deen elo voller Angscht lieft, begräift wen a wat hannert dem allem steet

  3. Christiane Muller sagt:

    Merci fir däin Artikel. Du hues alles genau op den Punkt bruet.
    Alles: Regierung, Wössenschaften, Medezin, Wirtschaft, Erzéihung, …. as an eng Sakgaas, an get “onopfälleg” zu der ugekönnegter Neier Weltordnung gesteiert wann mir weider den Kapp an den Sand stiechen.
    Aus perséinlecher an gesellschaftlecher Erfahrungen : géint eppes kämpfen brengt näicht.
    Eng Léisung as: neutral bleiwen, alles analyséieren, alles hannerfroen, nei Ideën, Strukturen, Systemer sichen, schafen an ausüben. An dat fängt bei sech selwer un. Ween as bereet sech selwer an Fro ze stellen? Ween wöllt op allen Ebenen (physesch, psychesch, mental, geesteg) virunkommen? Ween as bereet fir sech an fir seng Ëmwelt sech anzesetzen?
    ……………… et hängt un eis selwer …………….!!!

  4. Isabelle Schmit-Mines sagt:

    Merci Mario, fir Äre Bréif. Jo, et ass net méi nozevollzéien, wat hei ofgespillt gëtt. Eis Kanner leiden ënner där “Fatz”, wéi Der sot, si sinn an der Angscht, krank ze sinn, krank ze ginn – an dat ouni Grond. Suguer gesond Kanner – déi ech kennen – erwächen an der Nuecht a fäerten si hätten eng Krankheet, déi nach net diagnostizéiert gouf. Et gouf ni eng Iwwerstierlechkeet, mee dat Ganzt war geduecht fir e “Vaccin” ze verkafen, vun deem mer net wëssen, wéi d’Konsequenzen wäerte ginn an ouni Grond, deen och un d’Kanner weider ze ginn. D’Kanner hunn e gudden Immunsystem, d’Mënschheet huet scho vill Vire gepackt., A wann se scho vun Tester schwätzen: d’Zuel vun de “positiv Getesten” geet jo erof. Also, solle mer eis dach neess fräi bewege kënnen. Oder: et geet wierklech ëm eppes aneschtes. An dann ass eis Regierung eis nach vill Äntwerte schëlleg.

  5. MARIETTE FISCHER -PETERS sagt:

    HÄER DICHTER ALL RESPEKT FIR DEE BREIF DO :DIER SID EE MANN MAT COURAGE A SETZT IECH FIR AER AN DEEN AANEREN HIER KANNER AN :DIER HUT DI SAACH GENAU OP DE PUNKT BRUECHT :ECH WÖNSCHEN IECH AN AERER FAMILL ALLES GUDDES FIR ZUKUNFT AN EIS HEI AM LAND OCH :MERCI

  6. Chantal sagt:

    “Den Nol op de Kapp” trëfft desen Artikel, MERCI!!! An dach, gleeft dei grouss Mehrheet et nach ëmmer nëtt. “Sie haben Augen und sehen nicht, sie haben Ohren und hören nicht”, kéint eis bekannt fier, oder? Wat muss (nach) passéieren, dass d’Bevëlkerung ufänkt (allerdings schon zimmlech spéit dofir) sech Froen ze stellen????? Esou guer wann een engem oder dem aneren versicht, d’Aen opzemaachen… wéineg bis keng Chance!

  7. Pierre Goergen sagt:

    Schon den Titel vun dessem Block beschreiwt zu 100% déi aktuell Situatioun. Dobäi ass den 3 G (gestest, geimpft, genesen) eng absolut Diskriminatioun vum véierten G, den Gesonden.

    1. Isabelle Schmit-Mines sagt:

      Absolut.

  8. Ordre Public sagt:

    Ech hoffen, datt kompetent Juristen schonn an de Startlächer bereet stinn, dat ganzt Impfpass-Gedeesems ze zerschéissen, virundeems et iwwerhaapt a Kraaft trëtt. Ugrëffspunkter missten an Hülle und Fülle do sinn. Sinn och gär bereet ze spenden, falls et e Crowdfunding gëtt.

    1. Isabelle Schmit-Mines sagt:

      Jo, op d’Juristen waart een. Et sinn der jo am Gaangen Plainten ze preparéieren, mee d’Fro ass, firwat et net weidergeet.

Schreibe einen Kommentar zu Chantal Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.