De Pass Sanitaire, hei an a Frankräich

…oder, „wenn zwei das Gleiche tun”

A Frankräich gëtt elo de Pass Sanitaire agefouert. Eppes, dat bei ons scho laang Wierklechkeet ass a wou ausser mir kee Mënsch sech drun gestéiert huet. Wou méi wéi sécher déi mannste Lëtzebuerger sech der Drowäit vun dësem Covid Check iwwerhaapt bewosst waren. Hei ass een an dëse Saachen jo zimmlech einfach gestréckt an denkt net gären ze vill no. Dofir ass déi ganz Affär bei ons esou gutt wéi net bemierkt ginn.

A Frankräich schéngt dat eppes aneschtes ze sinn. Wéi mir elo virun annerhallwer Woch zu Basse-Ham a Frankräich op engem Oldtimertreffen waren, huet een dat scho gemierkt. Mir waren deemools e puer Deeg virun der Aféierung vun deem dat bei eis schonn Alldag ass. 2000 Mënschen waren wärend deem ganzen Dag um Site an ausser e puer Lëtzebuerger, déi ech zum Deel och kannt hunn, huet kee Mënsch eng Mask gedroen. Dee ganzen Event war vun lëtzebuergeschen Kolleegen organiséiert ginn. Et war en vollen Erfolleg.

Nëmmen e puer Deeg drop huet de Macron deen Impfpass verhaangen deen bei ons schonn mindestens e Mount Wierklechkeet war. Direkt dono sinn d´Läit schonn op d´Stroosse gaangen. Iwwerdeems bei ons se bal alleguerten den Schlof vun de Schof geschlof hunn, huet sech a Frankräich eppes ofgespillt, wat vill mat der Revolutioun vun 1789 gläich hat. Honnertdausender sinn a ganz Frankräich op d´Stroossen démonstréieren gaangen.

Ongleeweg hunn d´Lëtzebuerger iwwert Grenz gekuckt, op dat wat sech an onsem Nopeschland ofgespillt huet. Keen hei am Land huet wéinst dësem ganzen neien Covid Blödsinn och nëmmen dru geduecht op d´Strooss ze goen. Am Nopeschland waren d´Stroossen vun de Stièd voll. Ech hunn dat ganzt um Internet verfollegt a live gesinn, wat sech iwwerall ofgespillt huet. Eleng zu Paräis waren honnertdausenden op de Stroossen. Soss iwwerall an de gréisseren Stièd dat selwecht Bild.

Dunn koum den Hummer. An der Mainstreampress gouf knallhaart behaapt, et wären a ganz Frankräich héchstens 15000 Läit op de Stroossen gewièscht. Wann een dat alles esou verfollegt huet wéi ech, weess een dass et op mannst e puer honnertdausend waren. Also hunn d´Mainstreammedien dat schonn nees eng Kéier gemaach, wat se an deem leschten annerhalleft Joer am beschten konnten, nämlech Lige verbreeden.

Am Internet gouf an der Tëschenzäit zu neien Demonstratiounen opgeruff an dat fir den 24ten Juli. Geimpfter an Ongeimpfter sollten sech zesummefannen an fir hir Fräiheet kämpfen. Een vun den Widderständler, e jonke Mënsch em déi drësseg, huet sech virun séin Handy gesat an huet senger Verzweiwlung nuets um eng Auer fräie Laf gelooss. De Jong war verzweiwelt, éischtens iwwert Drowäit vun deem wat de Macron verkënnegt huet, an iwwert déi, an sengen Aen net bestoend Oppositioun ënnert de Fransousen. Plazeweis sinn em Tréinen iwwert Baake gelaf. Wann een en nach e puer Deeg virdrun erlièft hat, huet een gesinn dass de Jong sech eppes ganz aneschtes virgestallt hat. Dass himm nach einfach net genuch Läit op de Stroosse waren.

Mat reegelrecht leschter Kraaft huet en derzou opgeruff, dëse Samschdeg de 24ten Juli, en neien Ulaf ze huelen an nees eng Kéier op d´Stroossen démonstréieren ze goen. Nees eng Kéier a ganz Frankräich.

Wärend dem Laf vun der Woch hunn sech ëmmer méi Läit zu Wuert gemellt déi iwwert d´Internetkaneel dee Wahnsinn vun deem dat de Macron ugekönnecht huet,-eppes dat bei ons zum gréissten Deel schonn ageféiert war an anscheinend keen Mënsch intresséiert huet-, ze bekämpfen an ze torpedéieren. Affekoten, Dokteren, Wëssenschaftler, einfach Läit, Senateuren, Parteigréissten, Personal aus Spideeler, Parlamentarier, Geimpfter an Ongeimpfter hunn zesummen opgeruff, dat Ganzt ze ënnerbannen. Sech den 24ten zesummenzefannen an uechtert ganz Frankräich op d´Barrikaden ze goen.

Wann een d´Fransousen kennt, weess een, dass dat alles net op onfruchtbaren Buedem gefall ass.

E Samschdeg den 24ten Juli huet een dat dann och können iwwer Internet deelweis live materlièwen, wat a Frankräich ofgelaf ass. Et war den Opstand vun Milliounen. Hei ass eppes geschitt, wat een sech als Lëtzebuerger guer net virstelle kann. Polizei war nëmmen ganz wéineg ze gesinn. Plazeweis, wéi zu Paräis, hun sech der natierlech e puer vun dëse Schergen de Batti gestallt an hunn sech zu 7 oder 8 op eng eenzel Persoun gestierzt an dësen dann op brutaalsten Aart a Weis op de Buedem geworf a mam Knëppel beschafft. Am groussen ganzen awer huet Police an d´Gendarmerie sech staark zeréckgehalen, jo, war plazeweis wéi zu Nice an och op aneren Platzen praktesch net existent oder huet sech komplett am Hannergrond gehalen.

Et war eng Muechtdemonstratioun, wéi ech se bis elo nach ni gesinn hat. Op ville Platzen gouf d´Marseillaise gesongen,”Aux armes, citoyens, formez vos bataillons” huet duerch Stroossen geschaalt. Ech sutz virum Computer an hunn mat Ergraffenheet dat Schauspill gesinn, wat sech mer hei gebueden huet.

An ech hu mech geschummt, geschummt fir ons Lëtzebuerger, déi nach net emol wëssen, wat ons Regierung mat hinne gemaach huet. Déi anscheinend net méi fäeg sinn, selbstänneg ze denken. Déi vun hirer Regierung an hire Mattmënschen esou geknebelt sinn, dass se sech emol net méi trauen de Mond opzemaachen.

Wat en Ënnerscheed.

An iwwerdeems Milliounen Fransousen fir hir Fräiheet op d´Stroosse gaangen sinn, flattert mir eng Petitioun an d´Haus, wou dach wierklech en Lëtzebuerger eng Zwangsimpfung vun ons alleguerten fuerdert an dofir eng Petitioun am Parlament agereecht huet.

Wéi wäit si mir hei am Land komm?

Et däerf een elo mol gespaant sinn wat aus dëser Petitioun gëtt.

Ech muss agestoen, ech hunn Angscht.

Dat wat hei am gaangen ass sech unzekënnegen, wäert ons d´Land komplett auserneen rappen. Eppes, wat jo ganz offensichtlech de Sënn vun deem Ganzen ass. 

Gutt Nuecht Fräiheet, gutt Nuecht Lëtzebuerg.

René Flammang, 27.07.2021 (Bild: Shutterstock) (och ze liesen om René séngem eegenen Blog: http://covid-chronik.com/ )

4 thoughts on “De Pass Sanitaire, hei an a Frankräich”

  1. Jean-Marie Jacoby sagt:

    Seit Enn November 2020 get all Samsdes an der Stad demonstréiert – a kee Medium bericht doriwer. Dat as wuel e Grond, firwat vill Leit dovunner nach naischt matkritt hun. Hei as den offizeillen Opruff-Text:
    KOMMT A PROTESTÉIERT GÉINT DÉI GECKEG CORONA-PANIK-POLITIK ! MIR MUSSEN OPSTOEN GÉINT 3G OP DER ARBECHTSPLAZ AN AM HORECA ! Freie Mikro op der Place d‘Armes a falls gewenscht op der Kinegswiss.

    AN NET VERGIESSEN, DAT DANZEN OCH AN DESEN ZEITEN EN ZEECHE VU PROTEST AS géint Masken an Gentechnik-Versich um Mensch mat net erprouften Impfstoffer, déi réischt Enn 2023/24 vun der EMA op Niewewierkungen evaluéiert gin, fir en dauerhaft oppenen Horeca ouni diskriminéirend Bedinungen wéi vun allem aneren och (Kultur, Sport, all Geschäfter) an ganz besonnesch eng realistesch Vue op Viren a Bakterien, déi et schons virun eis op desem Planéit gouf a mat denen mir déi ganz Zeit a Symbios gelieft hun ! Fir eng oppen Diskussioun a géint d‘Pandemie vun de PCR- a Schnell-Tester, déi keng Infektioun nowéisen (dat wier eng onkontrolléiert Multiplikatioun vun de Viren am Kierper – kukt d‘Kommunikatioun vun der WHO vum 20.1.2021 no an den Artikel am LANCET vum 17.2.2021) !

    Den 9. Oktober 2021 – an all Samsden dono bis zum Enn vum Corona-Regime – get et nees eng “Solidaresch Polonaise mat Ofstand” mat PARTY IN THE CITY duerch d’Geschäftsstrossen vun der Stad Luxusbuerg mat Pancarten a freiem Mikro op der Place d‘Armes – Ausgangspunkt 14 Auer op der Kinegswiss am Parc niewet dem Glacis (Gratis-Parkplazen Samsdes) an de Bushaltestellen beim Pescatore an der Neipart. KOMMT MAT FRENN A BEKANNTEN A VERGIESST ÄR SCHELTER NET! Mir kommen entweder zesummen aus desem Corona-Regime raus oder mit kommen net raus.

    Froe mer dach déi Regéirend, wat se hannert hirer stänneger Panik-Politik verstoppen a froe mer se, wat se géint déi wierklech Pandemie vun desem Planéit welle machen, déi doranner besteet, dat all Dag 10.000 Kanner an 15.000 Erwuessener Hongers stierwen obwuel d‘Landwirtschaft Narung fir 10 Milliarden Leit produzéiert a mer just zu 7,9 Milliarden sin ! Awer och hei am Land kréien emmer méi Leit Problemer, ugefang mat denen, déi hir Arbecht verluer hun, déi an de chômage partiel koumen, wou se nemme méi 80% vum Loun kréien a guer naischt vun de Primen a vun den Iwerstonnen genee wéi vum Drenkgeld, obwuel hir Käschten bei 100% bleiwen. Sou falen sie an den Armut als Affer vun deser Politik géint déi mir protestéieren.

    Mir gedenken och den 486 Suiciden vun 2020 an den Imf-Doudegen vun 2021 fir déi déi Regéirend verantwortlech sin.

  2. Dorothea sagt:

    Absolut genial, wéi d’Fransousen, awer och vill aner Mënschen op der Welt, reagéieren! Et deet gutt, wann een d’Stroosse voll Leit gesäit, déi solidaresch fir hier (ons) Fräiheet kämpfen. Dës Mënsche sinn eng Hoffnung fir all déijéineg, déi aus iergendengem Grond net kënnen aktiv ginn an ënnert de Restriktioune leiden.

    A Frankräich huet de Präsident an enger offensiver a brutaler Ried säi Vollek virun de Fait accompli gesat an d’Protestaktiounen direkt provozéiert. Action-réaction!

    D’Fro, ob mir zu Lëtzebuerg schlofen, ass duerchaus berechtegt. Wisou gëtt villes ugeholl ouni ze hannerfroen ? Huet et domat ze dinn, dass mir vill méi verwinnt si wéi d’Fransousen? Hunn si méi Luciditéit? Oder läit den Ënnerscheed doran, dass den Impfpass sech bei ons lues a lues eraschläicht, sou dass et emol net gemierkt gëtt? Ass dat eng gewollte Strategie?

    Mir wäre vläicht och manifestéiere gaangen, wann onse Premier ministre sech esou un ons geriicht hätt, wéi de Macron et gemaach huet.

    1. Ech gleewen net.
      Dat ganzt ass Bettel Manéier. Salamietaktik.

  3. Pascal sagt:

    Flotten Artikel.

    D’Lëtzebuerger hunn de Problem, datt et hinnen nach vill ze gudd geet – “die Insel der Glückseligen”, respektiv “blissful ignorance”. Si gesinn de Problem einfach net. Mat der App ass dach alles ganz easy! Stell dech dach net unn! Kascht jo näischt….

    Et ass wéi ëmmer: d’Majoritéit leeft matt, ann herno war et rem keen, a se hunn et all ëmmer gewosst. Ass wuel fest am Betriebssystem vum Mënsch agebaut.

Schreibe einen Kommentar zu Dorothea Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.