Archives

De Pass Sanitaire, hei an a Frankräich

(Vum René Flammang)

A Frankräich gëtt elo de Pass Sanitaire agefouert. Eppes, dat bei ons scho laang Wierklechkeet ass a wou ausser mir kee Mënsch sech drun gestéiert huet. Wou méi wéi sécher déi mannste Lëtzebuerger sech der Drowäit vun dësem Covid Check iwwerhaapt bewosst waren. Hei ass een an dëse Saachen jo zimmlech einfach gestréckt an denkt net gären ze vill no. Dofir ass déi ganz Affär bei ons esou gutt wéi net bemierkt ginn.

  • 4