Fanger weg vun eise Kanner!

Stellungnahm zu der aktueller a geféierlecher Entwécklung ronderëm d’Stigmatiséierung vun „Ongeimpften“ um Beispill vum Prof. Claude P. Muller sengen Aussoen um Radio 100komma7, stellvertriedend fir all weider „Experten“ an „Spezialisten“ mat ähnlechem Gedankegut

Eigentlech sollt een deem, wat mer zënter 18 Méint am Allgemengen als „Corona“ bezeechnen, keng gréisser Opmierksamkeet, bzw. keng weider Energie méi zoukomme loossen, oder zumindest just nach esou vill oder wéineg, wéi et eben muss sinn, well d’Fakten ronderëm des sougenannten „Pandemie“ längst all om Dësch leien an alles gesot ass.

An dach kommen engem dann awer op eemol Saachen zu Oueren, wou een mol zwee mol muss schlécken an ënnerlech d’Hänn iwwert dem Kapp zesummeschléit, sou wéi beispillsweis bei engem Interview vum 26. August om Radio 100komma7 (https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/dat-ass-e-grousse-risiko) mam Prof. Claude P. Muller, wou et alt nees ëm d’Injektiounen goung, déi landleefeg als Impfungen bezeechend ginn a wou Aussoen getraff goufen, déi engem als Virolog éischtens mol als vu kengem Bierger aus dësem Land Mandatéierten net zoustinn an zweetens ellen opstoussen, well se e kloëren Opruff zur Diskriminéierung an an der Konsequenz dovun zum Haass duerstellen.

An dësem Interview gëtt nämlech gefuerdert, dass net geimpften Kanner vun net geimpften Elteren [sic!] sollen ausgesënnert an an den Homeschooling gestach ginn, also och net méi dierfen hir Klassekammeroden a Frënn gesinn, bzw. mat hinne spillen an et wier iergerlech, dass ongeimpften Leit nach ëmmer esou vill Zougeständnisser gemaach kréichen. Ausserdem gëtt dovunner geschwat, dass Ongeimpfter Geimpfter a Geiselhaft géifen huelen.

Wann een sech esou Aussoën mol op der Zong zergoe léisst, fir dass se doduerch de Wee bis an eis gro Zellen besser fannen, erënnert dat u schlëmmsten Rassismus, u Stigmatiséierung, un Ausgrenzung an onweigerlech un Berichter aus däischtersten Zäiten, wou Kanner vun engem Dag op deen aneren vun hire Klassekameroden ausgeschloss, bespuckt an tyranniséiert goufen (haut géif een et gemobbt nennen), well se vum deemolegen Regime als mannerwärteg ugesin an ofgestempelt goufen. Mir wëssen (hoffentlech nach) all, wat sech doraus entwéckelt hat an et sprécht iwwregens och Bänn, dass aus de Medien an der Politik keen Widersproch ze héieren ass an de Gros vun de staatlech gesponserten Journalisten an eisen aktuellen „Volleksvertrieder“ an deen Hetz-Chouer mat astëmmt, jo souguer ganz haart versicht, déi éischt Stëmm ze blären an „net versteet, firwat d’Leit sech net impfen loossen“, wat niewebäi bemierkt awer déi selwecht sinn, déi mam Reeboufändel doruechter lafen an soubal et ëm Ofdreiwung geet, wéi elo aktuell an den USA, op eemol feststellen, dass een soll selwer iwwert säin Kierper kënnen an dierfen bestëmmen.

Soit…

Dat uewen Genanntent huelen dës Bridder a Schwësteren am Geescht also eeschthaft a Kaf, fir eppes ze „bekämpfen“, wat noweislech esou wéi et behaapt a propagéiert gëtt, net existéiert. Dat schéngt deemno also éischter alles eng verzweifelt Flucht no vir, well d’Fakten leien, wéi gesot, om Dësch an z.B. fënd een do eraus, wann een mol d’Zuelen an de richtigen Kontext an an déi richtig Relatioun setzt (Stierfzuelen par rapport zur Awunnerzuel), dass et am soug. Pandemiejoër 2020 keng Iwwerstierwlechkeet gouf, bien au contraire! Dest ka jiddereen selwer unhand vun den offiziellen STATEC-Zuelen nopréifen: https://statistiques.public.lu/fr/actualites/population/population/2020/06/20200612/index.html  

Desen Phänomen léisst sech och net duerch déi soug. Mesuren wéi z.B. Maskeflicht erklären, well et och a Länner, wou et zu kengem Zäitpunkt eng Maskeflicht gouf, grad wéi zu Lëtzebuerg net zu engem Massestierwen koum.

An dëser Pandemie, déi also mol zumindest de Stierfzuelen no keng ass, fanne mer ouni Test mol net eraus, ob Mënschen dann elo krank sinn oder net, bzw. „infizéiert“ oder net, woumat mer beim nächsten Punkt wieren. Dass déi Tester näischt entdachen, päifen d’Spatzen awer elo scho wierklech zënter Méint vun den Diecher an awer gëtt sech krampfhaft dorunner festgehal. Souguer de fréieren däitschen Pharmalobbyist an aktuellen Gesondheetsminister sot virun e puer Deeg an enger Tëleessendung, dass wa viru getest géif ginn, des „Pandemie“ nie géif ophaalen an souguer de Robert Koch-Institut hat schonn viru Méint mat engem Diagramm op d’Feelerquot bei de Schnelltester higewisen.

Och wann d’Kaz sech hei zwar an de Schwanz bäisst, well d’Rechnung op de Resultater vun de PCR-Tester baséiert, déi fir hiren Deel keng „Infektioun“ kënnen noweisen, misst dëst jo awer och esou lues deem Allerleschten aliichten, dass mer hei komplett um Holzwee sinn, zemools och de „Virus“, ëm deen et an dëser „Pandemie“ jo à la base geet, net wëssenschaftlech korrekt nogewise ginn ass, au contraire, d’Henle-Koch-Postulater, ëmmerhin de soug. Goldstandard beim Noweis vun der Pathogenitéit, goufen entgéint alle Behaaptungen bis haut net erfëllt. Den SARS-CoV-2 existéiert mat all sengen „Varianten“ a „Mutatiounen“ domadder just als virtuellen Virus om Computer, Alignment genannt, wat eisen Experten a Spezialisten jo misst bekannt sinn an op kee Fall als Basis fir déifgräifend Aschnëtter an d’Grondrechter vun de Mënschen dierft erugezunn ginn.

En däitschen Kanzlerkandidat hat dann kierzlech, wuel an enger Zort freudschem Verspriecher, getéint, dass heen jiddereen, deen sech impfen léisst a gelooss huet, als Versuchskanéngchen ugesäit, wat et jo och ass, vu dass keng vun deenen och hei zu Lëtzebuerg gesprëtzten Injektiounen eng definitiv Zouloossung huet, et sech also deemno em een soug. experimentellen Impfstoff handelt, wat net soll heeschen, dass zougeloossen Impfstoffer automatesch als onbedenklech an gesondheetsfördernd anzestufen sinn.     Och wann een daat net wëll wouerhunn, d’Niewewierkungen bis hin zum Doud si real an net fir näischt huet wuel den CDC elo e Paper publizéiert, wou jiddereen bis 14 Deeg no der éischter Injektioun als ongeimpft gëlt. Anescht ausgedréckt: Wann deser Logik no also e Mënsch, deen geimpft gouf, an engem Zäitraum vu 14 Deeg an der Klinik land oder souguer stierft, kann dat net der Impfung geschëld sinn, well e jo als ongeimpft gëlt. https://www.cdc.gov/mmwr/volumes/70/wr/pdfs/mm7034e5-H.pdf  

Heescht et dofir, dass hei zu Lëtzebuerg nëmmen „Ongeimpfter“ op der Intensivstatioun leien?

Gëtt sech do net selwer an d’Täsch gelunn an ass et wierklech derwäert, fir op Basis vu falschen Prämissen weiderhin eng „Pandemie“, déi vun Ufank un eng Doutgebuert war, probéieren um liewen ze erhalen, fir domadder net zulescht eis Kanner enger neier Apartheed auszesetzen, fir déi et mol keng wëssenschaftlech Basis gëtt?

Jiddereen, deen ähnlech wéi am Interview om 100komma7 argumentéiert, bedeelegt sech als Matleefer un enger Hetz-Campagne, déi wéi an däischtersten Zäiten onweigerlech zu enger Zort Pogrom wärt féieren, deen sécher (oder hoffentlech) keen sech gewënscht hätt.

Herno, wann d’Wonne vun deser „Kris“ geleckt ginn, wéini och ëmmer dat wärt sinn, déngt et dann och näischt méi ze soën, „ech hu just dat gemaach, wat ech gesot krut“ oder „ech hu mech nëmmen un d’Gesetzer gehal“! Dass esou Ausrieden dann net méi gëllen, sollt eigentlech och jiddereen aus der Vergaangenheet geléiert hunn…

Mario Dichter, fir FAIR Beweegung ( https://fairbeweegung.lu/ ) 11.09.2021 (Bild: Shutterstock)

8 thoughts on “Fanger weg vun eise Kanner!”

  1. Claude sagt:

    Et goung nie ëm Heelung, Schutz oder eng weltwäit Gesondheetspolitik. Et soll just eng weltwäit Zwangsimpfung un jidderengem duerchgefouert gin, ouni dass déi Leit Rechter hätten fir dierften Nee ze soen. Jiddereen gët geimpft, Basta! An wann net, mache mer eben Gesetzer déi d’Leit zwéngen. An wat dat net geht, sperre mer d’Leit einfach vum Liewen aus, huelen se aus der Schoul, dem Beruff, an och an d’Supermarchés kommen se net méi eran. “Kee Liewen ouni d’Sprëtz“ heescht et well, an dat gëlt fir jiddereen. Esou eppes nennt een schlicht Diktatur an Onfräiheet. Mir sollen wuel all Joer 3x “geimpft“ gin fir weider Member vun eiser Gesellschaft bleiwen ze dierfen. Hei schreiwen ech léiwer net weider…

  2. Paule Majeres sagt:

    Merci Mario fir dee gudden Artikel, deen o gutt Äntwerten ervirbreit hatt. Lo grad han ich dem Paul Hammelmann seng infekt a frech
    carte blanche op RTL geliäsen… Mais dee gett alt winnstens net na dofir van eise Steiergelder bezaalt. Ich hoffen datt se sich all eng Kéier mussen fir hir falsch Aussoen, hir öffentlich Stëppeleien an Opréif zu Diskriminéierung, d’Ennerschloen van evidente Fakten, d’falsch Interpretatioun va Statistiken, d’Diskreditéiren va seriöe Wëssenschaftler, d’Zensur van annerer Meenung… veräntwerte mussen.

  3. Marie-Paule Dondelinger sagt:

    Deem Här, deen urplötzlech mam „béise Schnäppchen“ als „Expert“ aus dem Néicht opgedaucht as, séng onmenschlech an haasserfellten Aussoen sin onerträglech, wouvir hien vun eise Steiergelder (duerch de geimpften suewuel wéi och duerch den ongeimpften contribuable) iwwerschwénglech gut bezuelt get!
    Kéinte mär net éng kollektiv plainte a Form vun béileienden Ennerschrëftsleschten iwwert eis Assoe machen?

  4. Wär et net un der Zäit esou Läit wéi deem Här Müller eng Plainte wéinst Volksverhetzung an Diskriminéierung un den Hals ze hänken?

    Et wär villäicht eng Méiglechkeet ze weisen dass mer ons vun dëse Läit net grad alles musse bidde loossen.

    Et géif emol Zäit ginn wann mer géifen ophalen ons opzereegen an zu enger däitlecher Äntwert géifen iwwergoen.
    Well och des selwergemaachen Gesondheetsapostelen hunn sech u Gesetzer ze halen.Et wär villäicht eng Méiglechkeet verschidde Läit erëm zeréck op de Buedem vun der Realitéit ze huelen.

    Ech géif soen dass d´Zäit vum mam Kapp wénken an sech kënschtlech opzereegen esou lous géif op en Enn goen.Mir mussen ufänken esou Läit an hir Grenzen ze weisen.Zu gläiche Zäit sollen si mierken dass si net an engem rechtsfräien Raum agéieren. Verschiddener vun dësen Acteuren schéngen dat an deenen leschten 18 Méint komplett vergiess ze hunn.

    Et ass traureg genuch dass vun offizieller Säit géint esou rassistesch an diskriminéierend Aussoen vun bestëmmte Läit absolut näischt ënnerholl gëtt an dass et ausgesäit wéi wann des Läit an der Tëschenzäit Narrenfreiheet hätten.

    Mee denke mer drun: ” Wo kein Kläger da kein Richter”.

    1. Isabelle Schmit-Mines sagt:

      Dat ass richteg, Här Flammang. Wéisou léisst d’Regierung esou Aussoen gewäerden? Oder si waart emol op d’Reactiounen vun de Leit. Wat kënne mir, wat solle mir elo konkret maachen?

  5. Isabelle Schmit-MInes sagt:

    Bravo, fir deen excellenten Artikel. Erënneren déi Leit sech net, wat deemools, an donklen Zäiten war? Dass Krich esou ufänkt, di eng géint di aner ze hetzen? Hei ass de Combel, dass mer e “Vaccin” hunn, deen nach net fäerdeg getest ass an dee schonn esou ville Mënschen d’Liewe kascht huet oder se fir ëmmer krank gemaach huet. Di Mënschen, déi sech net wëllen impfe loossen, wëssen firwat, si hunn hir Ursaachen, dann ass net un engem Virulog, si an hir Kanner auszegrenzen. Di Diskriminatioun ass einfach eng Schan, huet näischt an enger Demokratie verluer.

  6. Tom Müller sagt:

    Déi Protagonisten, besonneg Künstler, Journalisten a Politiker déi soss op all vermeintlech Diskriminéierung hiweisen an dogéingt hir Stëmm erhiewen si ‘komecherweis’ net iwwert d’Diskriminéierung vun Net-Geimpfte schockéiert mee si ennerstetzen deen Wahnsinn och nach ganz aktiv a beweisen domat ganz daitlech wat se sinn: widerlech Opportunisten déi mol net de Senn vun deene Wierder déi si benotze versti mee just Wierder verwenden déi Luef an Unerkennung no sech zéien a soubal esou Wierder Kritik no sech zéien, da vermeide si déi Begreffer wéi jiddfer hallefwegs intelligente Mensch déi experimentell ‘Impfungen’

Schreibe einen Kommentar zu Flammang René Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.