E satirischen coup de gueule: Sch(l)ofland immun géint Verschwierungstheorien?

Dat liest een zumindest esou an engem Reportage tëscht den Zeilen beim entspriechenden Staatssender „Radio an Télé mat Hellégeschäin“ (kuerz: RTHell) eraus, well anescht wéi an Armenien, dem Land vu „Radio Eriwan“, wou e ganzt Vollék vun de Verschwierungstheoretiker esou manipuléiert ginn ass, dass sie de Virus fir net existent a fir eng Erfindung vum Geheimdingscht halen, ass Sch(l)ofland gutt opgestallt fir der realer Gefor vun der irrealer Pandemie an der Infodemie (eng nei Wuertkreatioun vun der World-Hoax-Organisation, kuerz WHO) ze begéinen.

Radio Eriwan fir säin Deel war a Sowjetzäiten, esou wéi haut RTHell a Sch(l)ofland eppes ewéi en Anker fir déi geploten Populatioun, quasi en Dr. Sommer fir Erwuessener, wou se Äntwerten op hir brennendst Froën kritt hun, wéi z.B.: „Ass all Pilz iessbar?“ Äntwert Radio Eriwan: „Am Prinzip jo, verschiddener awer nëmmen eng Kéier.“ An deem Sënn wier haut wuel d’Äntwert op d’Fro „Gëtt ët de Coronavirus“: „Am Prinzip jo, wëssenschaftléch nogewisen gouf ën awer nët“.

Wéi och ëmmer, am butzége Ländchen am Zentrum vum Flinten-Ursel-Räich, der Nofolgerin vum Ischiasgeploten Här Flunker („wenn es ernst wird, muss man lügen“) also souzesoën dem Mëttelpunkt vun der Welt, gëtt deemno nët op esou krud Theorien gelauschtert, dass de „Virus“ benotzt gi wär fir e Komplott vun e puer Räichen a vum Staat, oder sou ähnléch. Nee, d’Regierung vu Sch(l)ofland, déi virun allem aus Affekoten, déi hir eegen Matière nët kennen, fréieren RTHell-Mataarbéchter a Billjeesknipserten (zu Zäiten, wou den ëffentléchen Transport nach gefillten 2 Cent  fir e ganzen Dag kascht huet) besteht, „schützt“ hir Scheewercher weider virun de schlëmmen Auswierkungen vun där neier geféierlecher Krankheet (an elo opgepasst, Verschwierungstheorie!>) Covid-1984.

Ei, déi soutz!

Esouguer eng extra Task Force ass an d’Liewe geruff ginn fir dass d’Bierger, also wuelverstan déi, déi fir d’Nowéihen vum Lockdown herno musse ‚biergen‘, an, souzesoën als Merci dass sie de Sch(l)oflänner hir (Drecks)-Arbécht maan, och d’Grenzgänger permanent getest ginn an dass esou eng „zweet Well“ soll verhënnert ginn. Bon, Froën no enger gewësser Logik sinn éischter onerwënscht, well eigentléch waarden se a Sch(l)ofland nach ëmmer op déi éischt Well, well dass iwerhaapt een u Covid-1984 (do hu mer se rëm…) gestuerwen ass, do ass séch och déi zoustännég Krankheetsministësch nët esou ganz sécher. Villäicht mengen se jo och domadder einfach nëmmen déi séch ofzeechnend Failliteswell vun de Kleng- a Mëttelbetrieber, déi ët anscheinend duerch inflationär Solidaritéits-Appeller ze iwertünchen gëlt.

D’BiergerInnen (m/w/d) an desem gléckleche Land wäerten jiddefalls dann awer wéinstens dee méi oder manner (éischter manner bis guer nët) geféierleche „Virus“ duerch drastesch Moossnamen iwwerliewen wéi z.B. enger bis Päifeneijoerschdag verlängerter Maskepflicht, Social distancing, wou awer nach intensiv muss iwwert de richtigen Ofstand debattéiert gin, bis hin zu gesetzléch verankerten Zwangsaweisungen vun egoistischen Onbeléierbaren, déi sech partout net wëllen am Numm vun der nei entdecktener an op eemol omnipräsenter Solidaritéit selwer wärend Wochen a Quarantän setzen.

Jé jé jé, waat e Mimimi…

D’Politik a Sch(l)ofland ass also deemno, och wann dat éischter seelen gléckt, permanent beméiht, fir d’Recommandatiounen vun de Spezialisten an Expertën kohärent an transparent ze vermëttelen an ëmzesetzen, wéi een um virdrun kuerz ernimmten Beispill vum Social distancing androcksvoll ka gesin: Déi englesch „feet“ nämléch sollen elo a Meter emgerechent ginn fir eng adäquat Distanz zum Virus kënnen ze halen. Onkloër bleiwt nach, ob elo 1,50, 1,80 oder 1,99 m sollen agehal gin, sief et am Café am Stoen oder am Sëtzen, mat oder ouni Mask, Musik oder Béier, woubäi d’Drénke mat Mask net esou einfach ëmzesetzen dierft sinn, en Aspekt deen awer nach duerch eng spezial Motioun geklärt soll ginn, séch duerch d’Verbidden vu Stréihällem duerch de bréisseler Bimbotheater awer dierft erschwéieren.

Egal, d’Leit si via RTHell, iwregens enger adaptéierter Weiderentwécklung vum beschtbekannten Radiosender „Stimme der DDR“, op alle Fall lafend beschtens informéiert, wou dann och regelméisseg de Stand vun den Infizéierten an Doudegen matgedeelt gët an als i-Tëppelchen nach de meeschtens ongefroten Point vun esou munchem vu kenger Mënscheséil jeemols gewieltem Politiker gemaach gët. Do derniewt ginn et awer och (On)-Wëssenschaftssendungen, déi d’Nokuckerten op eng pädagogesch Manéier z.B. iwwer de Charakter an d’Verbreedung vum „Virus“ informéieren sollen a séch de Numm vun der beschtbekannter OECD-Schoulleeschtungs-Etude ginn huet, déi vun de Présentateuren duerchaus sympathésch, wann och nët besonnésch faktebaséiert riwwerbruecht gët, obwuel dach awer allgemeng permanent drop higewise gët, dass wëssenschaftlech Fakten nëmmen vu sougenannten Verschwierungstheoretiker ignoréiert ginn.

Ma merde alors!

Mais d’Ausland kuckt trotzdem mat Näid a Frustratioun op dese Modell, well Geld spillt am Space-Mining-, Banken- a Shoppingcenterland keng Roll. Fir d’Gesondheet vun all BiergerIn (m/w/d)  ze garantéieren, ass näischt ze deier an „ët kascht, wat ët kascht“, sot dee Mann, deen eigentléch nie Premier (gëtt ët eigentléch och en Deuxième an en Troisième?) wollt gin, elo awer nët midd gëtt, bei all Gelegenheet op séng onheemléch wichtig Funktioun a Sch(l)oofland hinzeweisen a mëttlerweil Gefaalen schéngt u sénger „Roll“ fond ze hun.

Schéin (fir heen)!

Iwwerdeems ginn iwwerall am Land weider drastesch Mesuren geholl fir d’Pandemie (wéi war scho méi d’Definitioun vun „Pandemie“?) anzedämmen, esouguer do, wou normalerweis guer keng Leit sinn, wéi z.B. an de Kierchen. D‘Vertrauen a Gott gëtt duerch aner Moossnamen ersat, d‘Wäiwaasser ass tabu an déi „Gleeweg“ benotzen elo aner „Desinfektiounsmëttel“ géint „dat Béist“, wat aktuell als „Virus“ optrëtt. Etuden, ob nët aleng schon de Wäirauch den Däiwel a Gestalt vum „Virus“ kann a Schach halen, sinn an Optrag, hei gëtt ët eng enk Zesummenaarbécht tëscht villen Akteuren!

D’Schofskeelt vun Ugangs Juni schéngt deemno nach méi laang an der Gesellschaft unzehalen, och bei summerlechen Temperaturen wou Verschiddener sech an der Tëschenzäit behuelen wéi vum Lämmes gebass.

Viktor a Mario, 25.06. 2020

(Bilder: Shutterstock/Viktor)

3 thoughts on “E satirischen coup de gueule: Sch(l)ofland immun géint Verschwierungstheorien?”

  1. Tom Müller sagt:

    Wann entgéint de Fakten et sech beim aktuelle Corona-Virus em een richtege Killer-Virus handele géif, da wier een mat den ergraffene Moossnahmen averstan a soubal d’Gefor (déi et beim Corona nie gouf) eriwwer wier kéint een ouni Problemer direkt rem zum fréieren Zoustand zereckkéieren. Dat war vun Ufank un jo nie esou geplangt an d’Politiker si vun Ufank un net midd ginn ze betounen dass eng ‘nei Realitéit’ entstoe wäert etc. déi der offizieller Theorie no jo guer net neideg wier wann et sech heibai em een aussergewéinlech schlemme Virus handele géif deen op der Welt an desem Ausmooss eenzegaarteg wier an et sech demno em een riisen Zoufall handele géif dass mir mat deem geplot gi sinn mee soubal e bekämpft wier kéint een zur Routine zereckkéieren; dat war vun Ufank un net gewollt a wann een dat zitéiert wat vill Politiker soen (nei Realitéit, nei Weltuerdnung etc.) da get een als Verschwörungstheoretiker bezeechent.
    Nach kuerz zu Rtl; fir d’éicht ginn engem seng Beitreeg an de Kommentarer zenséiert a wann een e puer Saachen op manéierlech Aart a Weis thematiséiert huet déi hiere Geescht iwwerfuerderen oder hinnen d’Realitéit virun Aae féieren, da get een einfach ‘op Liewenszait’ gesperrt.

  2. Den ISI sagt:

    Wéi ëmmer: TOP!

  3. Jolanda sagt:

    Den Artikel set eigentlech alles doriwer an wat fir enger scheinen(fir Schof) an manner scheinen(fir dei aner) Realiteit mir lo liewen.
    Wann ech so heiansdo luse ginn bei den „RTHell“ Commentairen ass et offensichtlech dass nach emmer vill Leit vill Angscht hunn, an voller „Hoffnung“ op dei Wellen warden dei do noch komme sollen.
    Hun d‘lescht Woch immens vill rechteg Schof gesinn, ganz sympatisch Deiren(friessen&schlofen ass hieren Liewensinhalt)
    Bei eisen Matbierger fannen ech dat net ganz esou „putzeg“, et ass eischter Angscht einflössend wei en mat enger mei grousser Kapaziteit vum Gehir als den vun Schof esou wenig ufänkt an einfach alles glewt, wat dei do „Uewen“ zielen.
    Ech geng gären wessen weivillvun denen op hiert Hausdach gengen klotteren an erof sprangen wann eis Regierung dat ging uroten???
    Nuje, wei hescht et esou schein: die Hoffnung stirbt zuletzt, an esou kann en hoffen dat bal nach mei Leit genug hun Schof ze sinn an hier Gehirkapaziteit besser notzen:-)))))

Schreibe einen Kommentar zu Jolanda Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.