D’Zäit ass räif…

(vum Raquel)

Am Fong wollt ech e Coup de Gueule schreiwen, well ech mech einfach ëmmer rëm froën wéi wäit et nach komme muss, fir dass d’Mënschheet endlech erwächt.

Ech wollt mengem Frust lassginn, well d’Mass net recherchéiert an einfach dem offiziellen Narrativ gleewt, duerch di joerhonnertelaang Gehierwäsch an Tiefenindoktrinatioun.

Ech wollt mech doriwwer iergeren, dass d’Mass net mierkt wi alles verdréint gëtt an de Medien, an der Politik, an der Wëssenschaft. Wéi d’Mënschen openeen opgehetzt ginn, Familjen auserneen gerappt ginn, een deem aneren säin Däiwel ass, an dat net nëmmen säit dem Coronatrallala.

Ech wollt op den net kannergerechten Schoulsystem opmierksam maachen, wou den gréissten Deel vum Léierpersonal et gutt mengt mat de Kanner, awer de System an deem se enseignéieren net do ass fir eis Kanner ze bilden, mä ze formatéieren. D’Kanner ginn do geléiert ze follegen an ze fonctionnéieren, net selwer ze denken an ze liewen.

Ech wollt mech doriwwer opreegen, dass d’Mass net mierkt dass mer regéiert ginn vun enger Elite, enger psychopathescher satanescher pädokrimineller Elite. Dass déi Leit krank sinn, vergiess hunn wee se sinn, null Empathie hunn, keen Härz a keng Séil (méi) hunn, mä just eng eidel Hüls an dofir jalous iwwert eis an eis Emotiounen sinn, Emotiounen di si net (méi) hunn. Dass se eis dofir absichtlech zerstéieren an alles dat wat eis als Mënsch ausmécht. Dass dofir den Transhumanismus esou gepusht gëtt och fir eis Séil ze vernichten.

Ech wollt mech beschwéieren doriwwer, dass di korrupt Politiker erpressbar sinn, also sech vun deeër Elite manipuléiere loossen an an hirer Muechtpositioun wuertwiertlech iwwer Läichen ginn. Dass mer op eng Diktatur histeieren di schonn esou offensichtlech ass, dass spéitestens elo jiddereen misst wëssen, dass eis Fräiheet just nëmmen eng Illussioun ass, well mir eis säit jeehir versklave loossen. Dass mer Hoffnung, Hoffnung an nach eng Kéier Hoffnung gemaach kréien, awer näischt geschitt an och näischt geschéie wärt, well d’Politiker net eis déngen mä eben der kranker Elite.

Ech wollt d’Mass rëselen an de Leit ze verstoë ginn, dass mer kee Staat brauchen, keen deen eis seet wat mer ze maachen an ze loossen hunn, dee Gesetzer mécht di net gestëmmt ginn fir eis ze beschützen an eis gutt ze wëllen, mä fir eng gehorsam Gesellschaft ze zillen, sou dass de Staat seng eegen Interessien duerchsetze kann. Eng Regierung duerch eng aner ze ersetzen, bréngt näischt, well dann einfach di eng Psychopathen duerch anerer ersat ginn.

Ech wollt drop hiweisen, dass mer keng Barbare sinn di einfach esou openeen lassginn soubal kee Staat méi existéiert. Déi Leit déi aus der Roll fale wärten, sinn genau déi déi elo schonn aus der Roll falen. De Staat schützt eis net virun deenen, well op den héchste Positiounen sëtze grad di gréisste Verbriecher vun der Mënschheet. Dofir kann de System ni fonctionnéieren an dofir hu mer dee jëtzegen Chaos.

Ech wollt doriwwer opklären, dass mer alleguerten vu Gebuert un e Kontrakt aginn mam Staat andeems eng fiktiv Persoun geschafe gëtt duerch Carte d’Identité, Matricule asw… an dass déi Persoun gebonnen ass un all di sënnlos Gesetzer, an dat awer näischt mat deem Mënsch ze dinn huet aus Fleesch a Blutt an enger Séil, dee mir a Wirklechkeet sinn.

Ech wollt drop opmierksam maachen, dass eist Geld näischt wert ass, well et einfach beliebeg vun der Elite gedréckt gi kann an de ganze Geldsystem dofir op ganz wackelegen Been steet.

Ech wollt och meng Bedenken doriwwer lassginn, dass d’Mass nach ëmmer net versteet, dass mer an der Medizin veraascht ginn, well mer nach ëmmer un dem Louis Pasteur seng Theorie gleewen, dass et vill béis Vire ginn di eis Gesondheet ugräifen, amplaz eis fir den Antoine Béchamp ze interesséieren an engem Stefan Lanka seng Erkenntnisser ze studéieren.

Ech hunn awer decidéiert, net op di vast Themen anzegoën, well et ass schon ALLES gesot a beluecht an dokumentéiert. Dank dem Coronatrallala ass alles esou offensichtlech ginn, dass kee sech méi hannert senger Fassade/Mask verstoppe kann.

D’Zäit ass räif sech z’iwwerleeën, wat ee wirklech wëll a wéi en e glécklecht a friddlecht Zesummeliewen gestalten kann.

D’Zäit ass räif fir äus der Angscht erauszefannen, sief et der Angscht virum Virus, der Angscht virun de Mesuren, der Diktatur, der Fräiheetsberaubung oder der Angscht virunn de Matmënschen, well nëmmen dann kënne mer erëm kloër denken an eis nei orientéieren. Fir dat ze ereechen kënnt keen derlaanscht u sech selwer ze schaffen. U sech selwer ze schaffen bedeit erauszefannen ween ee wirklech ass an den ënnerleche Fridden ze fannen, eis vun eisem Krich an eis selwer ze befreien. Wann d’Majoritéit dat färdeg bréngt, dann fällt de System vum selwen an e Koup, well mer da wëssen, dass mer net beléiert brauchen ze ginn. Wa mer an eiser Mëtt sinn, si mer glécklech a selbstbewosst Individuën, déi kengem Gruppenzwang ënnerleien an net bei der Hand geholl musse ginn, kee brauchen deen eis vun uewen erof Uedere gëtt. Dann hu mer kee Berdürfnis eis ze beweisen, da loosse mer eis net méi ënner Drock setzen fir deem ze entspriechen wat vun eis verlaangt gëtt, mir kënnen mir selwer sinn, eis gären hunn esou wi mer sinn, eis Perséinlechkeet acceptéieren, also kënner mer eis weisen ouni ze färten, veruurteelt ze ginn fir dat wat mer sinn. Wann ee sech selwer acceptéiert, acceptéiert een och säi Géigeniwwer, deem säi Wiesen. Wann een an der Léift ass, gesäit een dat Gutt an deem aneren, acceptéiert deen aneren esou wi en ass, well een sech selwer acceptéiert a weess, dass een och acceptéiert gëtt esou wi een ass. Wann een an der Léift an an der Wourecht liéft, kënnt een net op de Gedanken en aneren ze ënnerdrécken an ze manipuléieren fir sech selwer ze profiléiern. Wann ee mat sech selwer am Aklang ass, dann huet een keng Angscht, well dann keng Plaz ass fir Egoïsmus, Manipulatioun, Näid an Ënnerdréckung.

Wann een bis hannert seng eege Fassade gesäit, gesäit een och hannert d’Fassade vum ganze System, well een ufänkt sech Froën ze stellen an op d’Sich ze goën no den Äntwerten fir hannert dat ganzt Spillchen ze gesinn. Nëmmen wann ee bereed ass selwer ze recherchéieren, ass een och bereed säin eegent Weltbild a Fro ze stellen an sech anzegestoën, dass ee belunn ginn ass a gëtt op der ganzer Linn.

D’Zäit ass räif d’Masken falen ze loossen a keng Angscht méi ze hunn aus dem korrupte System ze klammen. Dat geet just wa mer erëm wëssen, dass mer stark an eegeverantwortlech Mënschen sinn an ophalen eis wi Sklaven oder Opfer ze behuelen. Mir därfen net zouloossen, dass mer um Point-of-no-return ukommen a komplett vergiessen dass mer Mënschen sinn a keng Maschinnen, di just nach Uederen äusféieren.

D’Zäit ass räif, erëm Vertrauen ze hunn an eis selwer an an d’Schöpfung. Eis Aufgab hei op der Ärd ass sécher net opzeginn an eis versklaven ze loossen. Eist kostbaart Liewen gëllt et also ze respektéieren aplaz et einfach opzeginn, eis geschloë ze ginn, eis ze ënnerwerfen, well mer kapituléieren souguer éier mer eis op eppes Neits agelooss hunn. Mir därfen et net zouloossen, dass eisen Iwwerliewenswëllen gebrach gëtt.

Ech sinn iwwerzeegt, dass di meeschte Mënschen op der Welt gutt sinn a just esou reagéieren wéi se reagéieren, well se an der Angscht liewen. Wa mer also bei eis selwer ufänken, kënne mer och eis Kanner am Vertrauen erzéien, dass si genau wëssen wat wéini fir si dat Bescht ass. Kanner di an sou engem Vertrauen opwuessen ginn staark Kanner di dann staark Erwuessener ginn, di net ängstlech sinn an alles iwwert sech ergöe loossen. Si sinn an hirer Mëtt an also selbstsécher genuch fir NEE a STOPP ze soen wann eng Situatioun aus dem Rudder leeft.

Et muss een zou sech fannen, säin Härz opmaachen, a sech goën, fir ze wëssen ween een ass a wat ee wirklech wëll, dann erwächt een aus deem Zombiezoustand.

Et ass dofir ganz wichteg erëm Zäit ze hunn fir seng Kanner, an awer och fir sech selwer an also net méi ofhängeg ze sinn vum Geld, wéi et och wirklech néideg ass.

Mir lauschteren nämlech net méi op eis, a liewen net, mä fonctionnéieren just nach an engem System, deen mer esou acceptéieren a vu klengem un a vu Generatioun zu Generatioun virgelieft kréien. Dofir menge mer just esou kënnen ze liewen an ze iwwerliewen, an dass mer am System de System ännere kënnen. Mä dat ass nach ni gaang, geet net a wärt och ni klappen.

Dat wat mer awer maache kënnen ass eis selwer änneren. Fir eis ze änneren, komme mer net derlaanscht un eis selwer ze schaffen. Dat ass di gréissten an schwéiersten Aufgab di mer hunn an di eenzeg di eis hei aus dëser Kris féiert. Keen kann di Aufgab fir en aneren iwwerhuelen. All eenzelnen vun eis ass do gefuedert, well nëmmen wann een ufänkt selwer ze denken, säi Gehir a säi gesonde Mënscheverstand ze benotzen, nëmmen dann ass ee prett fir d’Wourecht ze héieren an ze gesinn, an nëmmen dann kann och eng Ännerung stattfannen an nëmmen dann hält dëse Wahnsinn och op.

Well wa mir eis selwer änneren, ännert automatesch eist Emfeld. Mir sinn nämlech alleguerten verbonnen an trotzdeem Individuën mat eisen eegenen perséinlechen Fähegkeeten. Dank dëser Individualitéit kann eng ganz vielfälteg Welt entstoën, mat allem wat mer brauchen fir en harmonescht Zesummeliewen.

Fir dat ze erreechen, brauche mer géigesäitegen Respekt, Toleranz, Versteesdemech a Léift an op kee Fall e korrupte System.

Jo, MIR hunn d’Soën a gemeinsam kënne mer tatsächlech bewirken, dass de System vu sech aus zesummefällt, well en keng Daseinsberechtegung méi huet wann d’Léift an d’Wourecht eis befreit hunn.

Raquel, 30.03.2021 (Bild: Shutterstock)

15 thoughts on “D’Zäit ass räif…”

  1. Astrid sagt:

    Merci, wie wahr.

  2. Marguy sagt:

    Léift Raquel… Ech kennen dech zwar net…. weess just, meng Séil déi spréngt vu Freed bäi denge Wieder. Merci fir deng Kraaft an däi Mutt… dat ass de Wee… opriicht, kraaftvoll no vier goen.
    … an t’Kanner…. t’Kanner sin déi, déi eis eppes wëlle weisen an ze verstoen gin. Mir Erwuesse mengen, mir wéissten et Besser a missten hinnen eppes bäibréngen a mir wieren esouuuu gescheit… secherlech gi mir hinnen och eppes mat op de Wee…
    Si sin ALL Pärelen… an ech wënsche mer, dass mir Erwuesse rem déi Freed, Toleranz, Liichtegkeet, Kreativitéit, Verspilltheet, Opriichtegkeet, Offenheet, t’Abenteuerloscht a sou Villes méi an eis selwer rementdecken… mir brauchen eis just ze erënneren, well mir hun ALLES an eis wat mer brauchen fir e glécklecht an erfëlltent Liewen ze liewen, ouni eisen eegene Wert vu materiellen Saachen oofhängeg ze maan.
    Mir sin ALL Schöpfer vun eiser Realitéit an dat wat mer denke bestëmt eis t’Liewen… ALL Gedanken huet eng Wierkung… gudd wéi schlecht. Fir wéi eng entscheede mir eis Dag fir Dag? Mir sin esouuuu grousssss…. hun et just vergiess 🌹… Aus der Angscht an t’Léift ❤
    Merci Raquel fir däi Wierken a Sin.
    Wënschen all Mënsch e schéinen a besënnlechen Chrëschtdag 🎄🎁🌟

  3. Trierweiler chantal sagt:

    Rachel definitif waat ech och denken all respekt …mee eppes fehlt nach eis super schein natur dei vill op eis wirkt ….superrrrrrr hun mech mat mengen gedanken an dengem artikel eremfonnt …drecken dech leiw Chantal

  4. Dorothea sagt:

    Bravo Raquel a merci! Dai super Artikel misst an all Zeitung publizéiert ginn, an all Bréifboîte ausgedroe ginn. Wéini halen ons Regierungen endlech op mat deem ganze Quatsch??? An engem Joer Corona-Terror hätte së scho längst Kliniken fir déi Corona-Krank opriichten a Personal gezielt ausbilden kënnen, wann ët jo esou schlëmm soll sinn mat dëser Krankheet, a Plaz de Biirger hiirt Vertrauen ze mëssbrauchen, ons ze manipuléieren an ons d’Fraiheet ewechzehuelen. Hei gëtt mat System geschafft. Ëmmer kënnt eppes Zousätzleches derbai, bis mir Marionnetten sinn. An esou wäit däerf et nët kommen!!

  5. Germain Hilbert sagt:

    Mann waat ee Schrott. Dir schreift ” well d’Mass net recherchéiert an einfach dem offiziellen Narrativ gleewt” ma wou rechercheiert dir dann op Facebook an Instagram déi jo wirklech bekannt sin fir recherchéiert Infoen. Nodeem Saatz wor et net méi derwärt méi vun aerem Kappduerchfall ze liesen.

    1. Jang Bertholet sagt:

      Dir hutt awer och guer kee Fatz verstanen an genau dat ass e Problem, och hei am Land. Wann ech erliewen wat en muss maachen fir den Gebuertsdag vun enger Bomi ze feieren mat méi wei 10 Leit, CovidCheck hei an do, nee dann muss ech soen, sorry, wéi domm ass de Lëtzebuerger dat alles matzemaachen.

    2. giammarino stamerra sagt:

      Seit wann ist die Qualität der Quelle einer Information entscheidend oder ein Hauptkriterium, über die Wahrhaftigkeit der Information selbst…???

    3. Giorgio Ghilo sagt:

      Wahnsinn dass Leit direkt un Facebook & Co denken wann ët heescht ze recherchéieren.

      Selwer ze denken an aner Siichtweisen ze akzeptéieren as eng Fähegkeet di vill Leit verluer hun. Ëmmer nëmmen dem öffenltechen narrativ glasen ze schenken erwedert nët de perséinlechen Horizont.

      Well vill Leit di Fähegkeet offensichtlech nët hun, selwer aktiv ze gin an ze sichen, hei e puer Links:

      https://www.nachdenkseiten.de/?cat=107

      https://www.youtube.com/c/LIONMediaNetwork

      https://nuoflix.de/

      https://unser-mitteleuropa.com/

      https://www.auf1.tv/

      https://www.anonymousnews.org/

      Wann dir iech e bësse besser informéiert, kéint dir awer mierken dass dir zu onrecht dat als „Schrott“ condamnéiert. Dir werd mierken dass d‘Wourecht nët bei RTL/Wort/Tageblatt/&Co steet, mee puer Propaganda am Sënn vun der Elite as.

      Gëdd Zäit dass och dir erwecht an do duerchbléckt. Dofir musst dir selwer opstoëen, aus der Comfort-Zone eraus an uffänken Sachen a Fro ze stellen.

      Mat frëndlechen Gréiss,
      Giorgio Ghilo

  6. Mil Kirchen sagt:

    Merci fir desen Artikel, Merci Raquel mir Bestätigung ze gin dass do baussen nach Menschen gin dei esou denken wei ech an dofir och merci un all dei wou positiv ob desen Artikel reageieren!🙏💜

  7. Romain Hilger sagt:

    E ganz grousse Merci fir Deng Analyse an Deng Wieder Raquel.
    Eis Kanner gife soen….“Ganz grousse Kino!“
    An ech soen „deifgrënneg a super Gedanken“!
    Mir hu leider och vergies mat def Natur ze liewen, an villen Hinsichten liewe mif komplett géint
    eis Natur…dat fänkt leider bei der Famill un….
    Mir hu vergiess dat d‘Famill dat wichtegst ass, eis Kanner sin déi zukünfteg Gesellschaft…
    An do happert et op allen niveaux‘n….

  8. Thilges sagt:

    Merci 🙏 ech wollt just soen dat d’Mass trotzdem emmer mei schnell erwecht a wei de Popcorn ob eemol pop pop pop mecht sou och lues Leit mee ganz scheinen Artikel

  9. Mandy Hofmann sagt:

    WOW, villmols merci Raquel, et ass alles gesoot. D‘Zäit ass definitiv reif, losst eis ufänken. 😊

  10. Natascha sagt:

    Respekt, super geschriwwen deem ass neicht mei dozou ze fügen.

  11. Jolanda sagt:

    Merci Raquel, super geschriwen!
    Zeit ass wirklech räif!!!!!!

  12. Tanja sagt:

    Wow!!! Merci vir dësen Artikel! Dat alles ass esou richteg. An et ass nie ze spéit u sech ze schaffen, hannert seng Fassaden ze kucken vir eng holistesch mënschzentréiert Gesellschaft ze hunn wou jidereen seng Plaz huet.

Schreibe einen Kommentar zu Thilges Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.