387ten Dag

(vum René Flammang)

7.4.2021

Esou zimmlech iwwerall an der EU ass ze mierken, dass d´Spill vun den Regierungen esou lous ufänkt op en Enn ze goen. Iwwerall ass ze mierken dass d´Justiz anscheinend wëlles huet, d´Heft nees an d´Hand ze huelen an de Regierungen iwwerall ufänkt ze weisen, dass et net méi esou virun geet, wie dat elo iwwert e Joer gehandhaabt gouf, nämlech dass praktesch Gesetzer op d´Schinn gesat goufen déi sech em d´Rechtsstaatlechkeet net déi Boun gekëmmert hunn.

Ausserdeem ginn iwwerall ëmmer méi Korruptiounsfäll opgedeckt an och Vetternwirtschaft kuckt iwwerall em den Eck. An der Belsch kennt dann eraus, dass alles dat bis elo vun der Regierung am Zuch vun der Pandemiebekämpfung gemaach gouf, absolut widderrechtlech war. Do fänkt dann elo dat üblecht Spill un, dass jiddereen versicht deem aneren den schwaarze Péiter zouzespillen.

Wie ëmmer huet keen Mënsch eppes mat all deem ze doen. Déi Gesetzer sinn einfach vum Himmel gefall, laanscht d´Parlament bestëmmt ginn, wat elo vun der Regierung virgeworf kritt, hinnen e Blankoscheck ausgeschriwwen ze hunn. Wei ze gesinn ass, wäert dat Urteel vum Bréisseler Gericht nach fir allerhand Zoff suergen.

Dat selwecht leeft och an Däitschland of, wou d´Regierungsparteien ëmmer méi ënner Drock geroden. A Frankräich geréit de Macron mat sengem Castex och ëmmer méi ënner Drock. Och do ginn all Dag méi Onregelmeissegkeeten opgedeckt.

Hei zu Lëtzebuerg brodelt d´Hexekichen em déi ominéis Doudesfäll an den Seniorenheemer weider. Et kennt elo eraus, dass den Abgaang vun der Madamm Lenert net ganz richteg beschriwwe gouf, mee dass et do en handfesten Komedie tëscht deenen zwee Hénger Lenert an Cahen ginn huet, wou dann d´Lenert anscheinend d´Waffen huet musse strecken.

Elo kennt dann och nach d´Neiegkeet, dass en Mataarbechter vun der EMA dat bestätegt wat an der Tëschenzäit schonn all Kand weess, dat just hei zu Lëtzebuerg keen wollt wëssen, nämlech dass d´Thrombosen déi ëmmer méi bei Geimpften opgetratt sinn, wierklech vun Astra Zeneca hierstamen. Dat kennt och eppes sinn, dat fir onse Gesondheetsministère nach Folge kennt hunn. Eppes wat schonn séit e puer Deeg bekannt ass, dat ons Regierung allerdéngs komplett ignoréiert huet.

Ongeféier 2 Stonnen drop héieren ech op Radio RTL, dass Astra Zeneca nach emol erkläert hätt, dass Astra Zeneca onbedenklech kennt agesat ginn. Et géif keng Gefor bestoen.

Nëmmen 1 Stonn drop héieren ech dat selwecht iwwer d´Noriichten vum ZDF. Et ass jo net unzehuelen dass des Senderen déi Noriicht déi ech iwwert den Internet kritt hunn, net kritt hunn. Et ass nees en Zeechen wéi d´Vollek un der Nues erëm gefeiert gëtt, an vir wien déi Senderen eigentlech schaffen.

Et ass dann och nach eng aner Organisatioun déi sech zu Wuert mellt, eng Organisatioun déi sech elo e ganzt Joer zimmlech zeréck gehalen huet. Wou een schonn geduecht huet, dass se ënnert déi ganz Covid Rieder komm wär. Et ass Amnesty International.

Dat wat dann haut vun hinnen verëffentlecht gëtt, huet et dann och an sech. Et beschreift d´Situatioun an onse ganze Länner genee esou, wie se de Moment sech presentéiert. Nämlech, dass déi meescht Staaten d´Covid-Kris genotzt hunn, fir de Bierger hir Rechter a Fräiheeten ze likideieren. D´Rechtsstaatlechkeet an d´Meenungsfräiheet wär komplett ënnerdréckt ginn. An dann kennt eppes dat et wierklech an sech huet. Et gëtt nämlech festgehalen, dass déi ganz Pandemiesbekämpfung d´Verlurenheet, d´Mëttelméissegkeet an de Bedruch, deen ënnert den Muechthaber vun onse Regierungen géif herrschen , ganz kloer opgewisen hätt. Eng Feststellung där ech nëmmen kann zoustëmmen an déi ech jo och elo séit méi wie engem Joer praktesch all Dag a mengem Tagebuch opgefouert hunn.

Zu dësen Feststellungen gehéieren och Berichter iwwer d´Zoustänn, déi an Däitschland an domadder garantéiert och bei ons bei den zougeloossenen Dokteren herrschen. Do sinn Pharmakonzerner, déi Dokteren duerch verstäerkten finanziell Zouwendungen dozou bréngen, hire Patienten Medikamenter ze verschreiwen, obschonn se wëssen, dass des Medikamenter staark Niewewierkungen hunn. Des Dokteren, et soll sech em zéngdausenden handelen, sollen dann des Niewewierkungen opschreiwen an se un déi eenzel Pharmakonzerner weidermailen. An där ganzer Saach spillt och Astra Zeneca ganz vir mat. Eppes wat dann och villäicht erkläert, fir wat hei trotz deenen ganze Warnungen géint d´Impfungen vun Astra Zeneca , dësen Impfstoff nach ëmmer agesat gëtt.

Wei grouss déi finanziell Zouwendungen un Dokteren an un Laboen asw. ass, geséit een dorunner, dass eleng an Däitschland am Joer teschend 5 a 6 Milliarden € un Bestiechungsgelder un esou Läit fléissen. Dat erkläert dann och fir wat des ganz Dokteren an Laboen dat Spill do mat maachen.

Do sinn Medikamenter verschriwwe ginn, obschonn Dokteren woussten, dass si schlëmmsten Niewewierkungen bis zum Doud konnten zur Folleg hunn . An awer goufen des Medikamenter ouni all Récksiicht elo jorelaang verschriwwen.( E Bericht deen, den 5ten Abrëll um 18Auer 43 vun Frontal 21 iwwer Facebook un ons gepost ginn ass)

Dann ass haut den 7ten Abrëll awer och den Dag wou Terrassen erëm hunn däerfen opmaachen an zwar vun Mueres 6 Auer bis Owends um 18 Auer. Dat wäert allerdéngs kee groussen Uklang fannen, well d´Wieder ass net esou dass een sech kennt op eng Terrass setze goen…

Auszug aus dem René Flammang sénger Corona-Chronik (Bild: Shutterstock)

2 thoughts on “387ten Dag”

  1. Fischer Nicolas sagt:

    Ech sin frouh dat et är Zeitung get well deenen aneren medien kann en näischt mie glewen.

  2. Isabelle Schmit-Mines sagt:

    Merci, Här Flammang, fir Är recherchéiert Informatiounen. Ech hu just eppes net matkritt: Dir schreift: “Dat selwecht leeft och an Däitschland of, wou d´Regierungsparteien ëmmer méi ënner Drock geroden. A Frankräich geréit de Macron mat sengem Castex och ëmmer méi ënner Drock. Och do ginn all Dag méi Onregelmeissegkeeten opgedeckt.” Wat spillt sech genee do of? Merci fir Är Äntwert a mir waardem op deen Dag wou alles opflitt a mer nees kënnen ootmen!

Schreibe einen Kommentar zu Fischer Nicolas Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.