1ten Juli 2021

Gedanken zur „neier Fräiheet“ an zur „neier Normalitéit“ vum René Flammang, deen elo op séngem neien, eegenen Site covid-chronik.com* säint méi wéi liesenwärt Corona-Tagebuch no an no publizéiert (M.D. 05.07.2021).

1ten Juli 2021

Den 1te Juli 2021 ass en denkwierdegen Dag. Et ass deen Dag wou eis ënnert dem Label vun enger neier Fräiheet ons total Ënnerwerfung a komplett Ennerjochung ennerbreet gëtt. Et ass ons e grousst Flugblat an d´Haus geschneit, op deem déi néi Lièwenskonditiounen ganz genee festgeschriwwen sinn.

An dësem Kontext ass ganz nièwebäi e reegelrecht Bürokratiemonster geschafe ginn.

Dat wat hei steet muss een sech emol firdéischt ganz lous zu Gemitt féieren.Ouni deen neien Covid Check-Zertifikat ass vun elo un praktesch näischt méi méiglech. Esou wéi d´Saach ausgesäit, muss een vun elo un iwwerall- wuer een wëllt higoen- den Covid Check- Zertifikat parat hunn, fir ze beweisen dass een geimpft, getest, oder genesen ass. En normaalt gesond sinn, wéi mer dat bis elo kannt hunn, gëtt et net méi. Gesond ass vum 1te Juli un ofgeschaaft. Et gëtt nëmmen méi déi nei 3 G Formel. Geimpft, Getest, Genesen.

Vun elo un sinn mir alleguerten, wann mer net an déi dréi G Schabloun passen, e potentiellen Risikofacteur. Konklusioun, hunn mer den neien Covid-Zertifikat net, si mer vun der Gesellschaft ausgeschloss. Et ass iwweregens genee dat, wat am Rockefeller Pabeier, dat jo ëmmer als Verschwierungstheorie ugeprangert gëtt an den Numm Lockstep 2010 dréit, gefuerdert gëtt. Do gëtt ganz genee dran beschriwwen, dass déi, déi sech den staatlechen Zwangsmoossnamen net géifen ënnerwerfen, ganz einfach vun der Gesellschaft géifen ausgeschloss ginn. Si sollen nach just dat allerneidechst kréien, dass se nach just iwwerlièwe können.

Wéi et ausgesäit sinn mer elo genee op deem Punkt ukomm. Ënnerwerft een sech dësem Monstersystem, däerf een un der Gesellschaft deelhuelen. Mécht een dat net, gëtt een kuerzerhand vun der Gesellschaft selwer ausgeschloss. Well et ass keen Polizist oder soss een Beamten do, deen dat kontrolléiert, nee et sinn déi privat Protagonisten, wéi z.B. Presidenten vun de Cluben, d´Wiert oder d´Restaurateuren, d´Veranstalter vun Eventer asw., déi elo d´Roll vum Polizist a Staats oder Gemengebeamten iwwerholl hunn. Si ginn praktesch vum Staat gezwongen,, d´Kontrollflichten ze iwwerhuelen.

Nach virun engem Mount hunn vill Memberen vun der Horesca gemengt, si wären net dozou do, dem Staat seng Flichten ze iwwerhuelen an an hirem eegenen Betrib Kontrollen duerchzeféieren. Dat schéngt sech elo grondleeënd geännert ze hunn.   

Mir hunn et direkt um eegene Leif ze spiere kritt. Mir sollten den 3ten Juli den Tour de Lëtzebuerg mam Oldtimer matfueren, haten schonn bezuelt a kruten dunn vum Restaurant de Bescheed, dass mir nëmmen erwönscht wären, wann mir geimpft, getest, oder genesen wären. Well mir näischt vun deenen dréi waren, hunn mir dat ganzt ofgesot an hunn eist Geld eremverlaangt.

Bis dohin hat ech deen Wësch nach net geliès, deen jidderengem an d´Haus geflunn koum. Ech hat déi lescht Deeg e wéineg Aarbecht esou dass ech guer net dozou koum, mech mat deem Wësch auserneen ze setzen. Ech hu mech dann haut de mueren emol dohin gesat an mer dat zu Gemitt geféiert, wat ech hei an den Hänn gehalen hunn. Ech muss soen, ech war entsat, wéi ech mer där Dimensioun vun deem bewosst gouf, wat ech hei an alle méiglechen Sproochen geliès hunn.

Dat wat ech hei an den Hänn gehalen hunn, schléit wierklech dem Faass de Buedem aus. Mat dësem Pamphlet gi mir alleguerten zu Sklaven gemaach, déi en Deel vun hirer Fräiheet erem kréien, wann se sech deem ganze Wahnsinn do sang und klanglos upassen. Et kann een elo mol gespaant sinn, wéi wéit dat doten alles gedriwwe gëtt. Well d´Fundamenter fir déi komplett Kontroll an Iwwerwaachungs a Bittstellerstaat sinn elo geluecht. Well näischt aneschtes ass dat, wat ons alleguerten hei ënnert dem Label vun der neier Fräiheet presentéiert gëtt.

Wann dat esou ausgefouert gëtt wéi et geduecht ass, gëtt an Zukunft virun all Geschäft a virun all Café an all Restaurant an Hotel, all Firma asw. virdéischt den Covid Check-Zertifikat gefrot, iert een däerf duerch d´Agangsdir goen. Dat heescht- eng total Iwwerwaachung an enger verstoppter Impfflicht, déi hei un Hand vun enger difuser Virusangscht an der Gesellschaft installéiert gëtt.

Ech hoffen, dass ons Matbierger déi Dimensioun vun deem ganzen do richteg matkréien an aschätze können, well do ass ons alleguerten ënnert dem Virwand vun enger neier Fräiheet déi total Onfräiheet verkaf ginn. Et gëtt all Dag méi bedenklech, wat ons eege Kanner mat onser Welt uriichten. Eng fräi Welt, wéi mer se bis virun dëser Plandemie kannt hunn, gëtt vun onsen eegene Kanner zu engem totalen Iwwerwaachungsstaat ëmfunktionéiert. Et muss een Angscht kréien virun deem, wat ons Nokommen amgaangen sinn opzebauen.

Wann ech mer dann dat zu Gemitt féieren wat ons hei alleguerten an deem Flyer zougemutt gëtt, verschléit et mer ganz einfach d´Sproch. Mir hunn an Zukunft näischt aneschtes méi ze dinn, wéi ons beim Staat Geneemegungen unzefroen. Dat Schéinst dat ass- dass mer sollen en Schnelltest maachen, deen nëmmen 48 Stonnen gülteg ass, deen dann bei den Institutiounen mellen an dann drop sollen waarden, dass mer dësen Test bestätegt kréien. Ass dat geschitt däerfe mer eréischt dat maachen, wat ons dann ganz grousszügeg erlaabt gëtt.

Wann een allerdéngs weess, wéi séier ons elo komplett iwwerlaaschten Institutiounen funktionéieren, ass den Antigeentest scho laang ofgelaf, iert een deen Covid Check-Zertifikat an den Hänn hält. Konklusioun, et mécht een elo soss näischt méi, wéi nëmme méi Tester, déi wann se endlech bei engem ukommen, schonn net méi gëlteg sinn.

Dann kennt den Hummer. Vun de Laboen soll een e positiven PCR Test ausgestallt kréien, deen soll bescheinegen dass een negativ ass. Bis elo war et dach ëmmer esou, dass en positiven PCR soll beweisen dass een infizéiert  ass. Elo opeemol soll en positiven PCR Test beweisen, dass een negativ ass. Dat kann verstoen wièn wëllt- ech verstinn dat doten net méi.

Entweder sinn hei erëm eng Kéier Milliounen an de Sand gesat ginn fir onausgeräiften Flyer am Land ze verbreeden, oder ech verstinn d´Welt net méi richteg. Bei deem ganzen hierverbrannte Blödsinn wär dat allerdéngs kee Wonner. Well wann een do net schonn komplett verblöd ass, gëtt en et ganz bestëmmt nom Lièsen vun all deem Blödsinn.

Ausserdeem stellt sech jo elo och eng ganz dréngent rechtlech Fro!! Wat fir eng rechtlech Bevollmächtegung hunn déi Läit, déi deen Covid Check-Zertifikat do däerfen iwwerpréiwen?

Esou vill wéi ech weess, mussen dat vereedegt Beamten sinn, déi esou amtlech Handlungen däerfen duerchféieren. Well wann ech mech richteg erënneren, sinn dat amtlech Handlungen, déi nëmmen vereedegt Persounen däerfen duerchféieren. Ech ka mech natierlech elo ieren. Et ass jo méiglech, dass an där neier Welt jidder Bierger d´Recht huet, engem anere Bierger seng Pabeieren a Geneemegungen ze froen an ze kontrolléieren, dono dann och nach däerf entscheeden, wat des Persoun dann elo däerf oder net däerf. A menger laanger staatlecher Karriär hunn ech dat emol esou geléiert. Mir hunn deemools esouguer eng Uniform mussen unhunn, oder ons als staatlech legitiméiert Beamten konnten ausweisen.

Anscheinend ass dat haut dann elo net méi de Fall. Do iwwerhuelen ewell privat Läit eng Charge, déi bis elo nëmmen stattlech legitiméiert Beamten virbehale war. Et muss een sech dann onweigerlech froen, wièn dësen Privatpersounen des Rechter zougesprach huet. Déi aner Fro déi sech stellt ass, wat fir eng rechtlech Konsequenzen dat dann huet, wann een esou enger Privatpersoun den Zougrëff op des perséinlech Dokumenter verweigert? Ass dat eng widderechtlech Uneegnung vun staatlecher Gewalt déi des Privatpersoun domadder mécht, dass si enger anerer Persoun hir Pabeieren oder Appen kontrolléiert?

Normalerweis misst dat jo eng rechtswidreg Handlung vun enger privater Persoun duerstellen an deementsprièchend vun der Justiz verfollegt ginn. Ech mengen, ech kennt mech drun erënneren, dass dat Amtsanmaassung duerstellt an och deementsprièchend vun der Justiz verfollegt gëtt.

Wéi kann eng Regierung higoen an hir Bierger praktesch opfuerderen sech enger Amtsanmaassung schëlleg ze maachen, oder huet si elo per Dekret all des Läit an de Stand vum vereedegten Staatsbeamten versat? Wat ass dat fir eng Regierung déi hir Bierger derzou oprifft, widderrechtlech Handlungen duerchzezéien?  Et wär schonn derwäert sech doriwwer emol Gedanken ze maachen. Well dat doten huet näischt méi mat enger normaler Staatsféierung ze doen, dat doten ass e Kannerchouer.

René Flammang, 2.07.2021 (Bild: Shutterstock)

* http://covid-chronik.com/

8 thoughts on “1ten Juli 2021”

  1. Claude sagt:

    De 4. G heescht jo Gesond, mais dat gëllt net méi, wéi bei engem Kannerspill wou och d’Regelen ähnlech virdrun festgeluecht gin. Eppes kann ee secher soen, et ASS eng Diktatur gin wou d’Leit am Zwang liewen, schaffen a stierwen. Komplett onfräi bis se eben dann awer genervt sech 1 Sprëtz no däer anerer setze loossen fir an d’Vakanz ze goen. Natirlech ass an der Vakanz och do Maskenzwang an Impfkontroll… an mer hun bestemmt gläich och en digitalen Euro an digital Pluspunkten just fir brav Bierger. Ech géif jo denken, mir sin verluer. Mais wivill Leit wëllen dat doten alles echt matmachen? Ech kann mer net virstellen dass d’Majoritéit dat do als Liewen akzeptéiert. Dat kann dach net sinn!!!

    1. Tom Müller sagt:

      @Claude
      Déi meecht Leit weigeren sech trotz de Fakten ze gleewen dass et heibai net em iergenteen mysteriéise Virus geet mee em d’Transformatioun vum Mensch an der Gesellschaft, em déi total Versklavung vum Mensch. Mat déier ‘Erkenntnis’ gi si net eens a bezeechne Fakten als ‘Verschwörungstheorie’ an zwenge sech ze gleewen et géif heibai just em e Virus goen a soubal deen bezwongen ass leeft rem alles normal. Mee hunn et hei mat enger ganz béiser Massenpsychos ze dinn déi leider de gréissten Deel vun der Gesellschaft komplett am Greff huet. A kleng, kuerzweileg ‘Lockerungen’ déi oft esou guer Verschäerfunge sinn, ginn als Rückkehr zur Normalitéit geféiert an als Bestätegung vun hirer Psychos an net als Taktik vun de Strippenzieher betruecht!

      1. Claude sagt:

        Merci fir deng Äntwert Tom.
        Wéi soen eis däitsch Nooperen an hierem Grundgesetz: “Artikel 1, Die Dummheit des Menschen ist unantastbar“. (Irony off)
        Esou guer Frënn vu mir déi absolut Intellektueller sin begräifen et net an mengen ech wier e Spënner wann ech sie warnen oder emol 1 Detail wëll erzielen. Fazit: mir all hei sinn Vollidioten an Verschwörungsliebhaber well mer net wëllen un de Virus gleewen, un eng “Regierung“ déi eis hëlleft an und den Zaubertrank deen eis virun der “déidlechster Pandemie“ vun allen Zäiten endlech schützt. Ech hun et no 1 Joer opgin d’Leit ze warnen an denken just nach: “loosst iech all impfen“! Aus Schaden wird man klug, oder….tot.

        1. Tom Müller sagt:

          @Claude
          Et huet och oft manner mat Intellekt wéi mat Mut respektiv Feigheet ze dinn oder op wéienger Entwecklungsstuf/Bewosstsainsstuf sech een Mensch befend op een déi offensichtlech Fakten unerkennt oder oflehnt! Absolut empfehlenswäert fir déi verschwörungsleugner besser ze verstoen ass d’sendung ‘die psychologie der verschwörungsleugner’ déi een op youtube lauschtere kann

          1. Claude sagt:

            Moien Tom,
            déi Reportage vu Radio München hunn ech geschter gesinn… wéi och ganz vill gudd aner Reports. D’Zensur huet nach vill ze din… 😉

  2. Danielle Quirin sagt:

    Moien, ech muss einfach hei un Astérix an Obélix denken, déi am Widderstand bliewen sin. Eng gespalten Gesellschaft, Doktoren déi nemmen GGG Patienten unhuelen, an anerer déi och eis “ouni” unhuelen, Geschäfter déi och nemmen GGG Klienten eran loossen, an anerer déi och Klienten “ouni” eran loossen. Mir sin gesond, machen viel fier eng gesond Ernährung, stärken eisen Immunsystem, awer sin net méi “erwenscht”! Traureg, awer loost mir eis net ennerkréien, och wann mir munchmol dat Gefiehl hun alleng do ze stoen. Gedold, vielleicht des Joer Vakanz an eisem Ländchen machen. Vielleicht platzt dat Ganzt ob an dann geseit et anecht aus. An wann net dann schafen mir eng “Gaule”. Léiw Gréiss un alleguer, Danielle, Résistante

  3. Ralf Braumann sagt:

    Hier sollen wohl “Blockwarte” herangezogen werden.
    Jedenfalls ist hier Luxembourg auf den Spuren das Rockefeller-Papier durchzusetzen. Vielleicht probiert man es erst im Kleinen. Es wundert mich nur, dass es nicht zuerst in Deutschland oder Österreich soweit gekommen ist, aber möglicherweise ist dort dann doch mit mehr Widerstand gerechnet worden.
    Viel Spaß in 1984. Es ist bald erreicht.
    Aber dennoch: #ichlassemichnichtimpfen

    1. Heng sagt:

      Gebe Ihnen vollkommen Recht mit “ichlassemichnichtimpfen”, ich werde es auch nicht tun, nur dann bleiben wir irgendwann in unseren vier Wänden sitzen.

Schreibe einen Kommentar zu Danielle Quirin Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.