Een „j’accuse“ zur soug. Coronapolitik zu Lëtzebuerg

Bréif un d‘Regierung an un d‘Deputéiert

Keng Angscht, dat hei gëtt keen x-ten Lieserbréif an och keen béisen oppenen Bréif, wou Iech Froë gestallt ginn a wou dann mat den üblichen politischen Floskelen drop „geäntwert“ muss ginn, wann iwwerhaapt. Nee, déi Zäiten sinn eriwwer, well meng Wéinegkeet a sécher och vill aner Leit längst verstan hunn, dass déi soug. Politik sech gemittlech an „selbstzufrieden“ an hirer eegener, vum Steierzueler finanzéierter Blos räkelt a wuelfillt, ëmginn vun hiren Satelliten aus „Experten“ an gönnerhaften „Journalisten“.

Villméi soll et eng Rekapitulatioun sinn, géint d’Vergiessen an ënnert den Teppich kieren a fir dass „herno“ keen ka soën, en hätt vu näischt gewousst, woubäi „herno“ ëmmer méi no schéngt ze kommen.

Et ass, fir unzefänken, jiddefalls méi wéi irritéierend, wann e Premier, deen eegenen Aussoen no behaapt, tëscht hien an d’Madame Lenert géif kee Blat Pabeier passen, anengems Minister fir Kommunikatioun a Medien ass a mat Steiersuen monter eben dëse Medien kräftig, nenne mer et mol, ënner d’Ärm gräift. Dat natierlech just, wéi et heescht, fir de „Meenungspluralismus“ ze förderen, wéi mer dat jo ganz besonnesch an de leschten elo bal 3 Joër androcksvoll demonstréiert kruten.

Et misst een laachen, wann et net esou traureg wier, well justement weder dem Här Bettel, nach der Gesondheetsministesch, also eisen „Corona-Krisemanager“, wärend deene besoten 3 Joër absolut keng kritisch Froen vu Säiten de Medien gestallt goufen. Et sinn, ouni irgendeppes ze hannerfroen, just brav hier Aussoen transportéiert ginn, wat dowéinst éischter un eng Hofberichterstattung erënnert huet, wéi un eng fundéiert journalistisch Aarbecht, Pressecodex, oder och Éierenkodex genannt.

Ein Schelm, wer Böses dabei denkt…

Ech wëll Iech awer net mat Journalisten langweilen, déi ganz offensichtlech hiren Job net maan, déi dofir awer mat de Regierungsmemberen per du sinn a léiwer mat hinnen e Neijoëschpatt drénken oder e gebakene Fësch iessen. Op déi Manéier soll, niewebäi bemierkt, also d’Gewaltendeelung, bzw. den Optrag vun der 4. Muecht am Staat funktionéieren?

Wuel kaum bis guer net, oder geet et duer, ganz fest drunn ze gleewen…?

Wéi d’Iwwerschrëft jo scho verréit, wëll ech niewt einfach emol Feststellungen maan och ukloen, wuelwëssend, dass ech domat awer net brauch bei eis soug. Justiz ze goen, déi, an dat hunn ech leider och duerch eegen Erfarung misse léieren iwwert déi lescht Joëren, d’selwecht wéi eis Medien aus dem Staatssäckelchen gefiddert gëtt an do dementspriechend vill, bzw. wéineg z’erwärden ass, Stéchwuert: „Wes Brot ich ess…“.

Soit.

Mir wëssen all, dass mer 2020 eng soug. Pandemie virun d’Nues gesat kritt haten, eng Pandemie veruursaacht duerch en neiartegen Virus, esou zumindest den offiziellen Narrativ. Een NARRativ, deen een gefällegst ze gleewen hat an nach ëmmer ze gleewen huet, well een soss vu ville Säiten „geteert a gefedert“ gouf a gëtt.

Dass d’WHO, op déi Dir jo anscheinend all esou héich Stécker haalt an däer ouni irgendeppes ze hannerfroen blann gefollegt a gegleeft gëtt, virdrun d’Definitioun vun „Pandemie“ an deem Sënn geännert hat, dass et, fir eng Pandemie auszeruffen, keng Iwwerstierflechkeet méi brauch, mä just nach eng héich Unzuel u positiven Testresultater, gouf komplett ignoréiert, jo souguer absolut net thematiséiert, oder sollt een soen „verheemlecht“? Hat dat net an d’Geschicht gepasst, déi zënter ugangs 2020 méi oder wéineger weltwäit gezielt gouf?

Ah jo, ech wollt keng Froe stellen…

Ouni déi Tester jiddefalls, déi deen „neien Virus“ (fir deem säin wëssenschaftlechen Nowäis iwwregens nach ëmmer 1.5 Mio. € ugebueden ginn, avis aux amateurs…) interessanterweis guer net a sénger „Gänze“ kënnen noweisen, wier et nämlech keng Pandemie ginn, well wann een mol d’Stierfzuelen vum „Pandemiejoër“ 2020 mat de Joëren vun z.B. 1950-2007 a Relatioun mam Zouwues vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg setzt, dann hate mer 2020…man lese und staune…eng Ënnerstierflechkeet! Am Kloertext: An de Joëren 1950-2007 sinn hei am Land proportional gekuckt all Joër méi Leit gestuerwen wéi 2020, wou mer iwwregens om selwechten Niveau waren wéi 2010, wat d’Stierflechkeet ugeet an dat alles nach ouni den demographesche Wandel mat anzebezéien.

(Diagramm M.D., mat den Zuelen vum Statec. Doudesrat a Promille)

Fazit: Mir haten eng Test-Pandemie a soss näischt, déi jo dann och e.a. mam soug. Large Scale Testing schéin an der Riicht gehal gouf an och do hat Dir anscheinend Schwieregkeeten, déi Zuelen an déi richtig Relatioun ze setzen, well ebe just mat absoluten Zuelen geschafft ginn ass. Wat méi getest ginn ass, wat méi „Positiver“ fond goufen. Eng Logik, déi een engem Spillschoulskand wuel net laang brauch z’erklären.

Hannerfroën säitens de Medien? Och hei „Fehlanzeige“…bis haut!

Iwwregens ass besoten WHO zu ronn 80% privat finanzéiert, woubäi de gréissten „Geldgeber“ e gewëssen Bill Gates ass. Jo, jo… ëm deen Här ranken sech vill „Verschwierungstheorien“, woubäi aleng dat Wuert nieft „Leugner“, „Schwurbler“ asw. schonn signaliséiert, dass de Géigeniwwer net gewëllt ass, e bësschen hannert d’Kulissen ze kucken an domat en Debat unhand vun enger fundéierter Argumentatioun vun Ufank un refuséiert.

Dat ass schued, awer aus Grënn vun e.a. der Weltbildverteidigung natierlech och verständlech!

Fakt ass jiddefalls, dass de gudde (Geschäfts)-Mann wärend enger soug. TED-Konferenz vu sech ginn hat, mat e.a. Impfungen d‘Weltpopulatioun ëm 10-15% kënnen ze reduzéieren, och wann soug. (alt nees staatlech finanzéiert) Faktenchecker dat anescht interpretéieren. Seng „Bill & Melinda Gates Foundation“ ënnerhält nieft UNICEF, WHO, GAVI a wéi s’all heeschen och bescht Kontakter zum „Wellcome Trust“, deen sech, wann och an der Tëschenzäit méi subtil, d’Eugenik op de Fändel schreift, eng mënschefeindlech a rassistisch Ideologie, déi mer aus däischteren Zäite kennen.

Erstaunlech demno, dass „d’Politik“ indirekt, oder esouguer direkt, och hei zu Lëtzebuerg, op esou e Mann lauschtert a seng Iddien offensichtlech ënnerstëtzt, vu dass den Här Gates jo esouguer kierzlech iwwerschwänglech am Staatsministère vum Här Bettel empfaang gouf.

Dir wësst bestëmmt, dass weder eng WHO, nach en RKI (Robert Koch Institut, benannt nom gläichnamegen Mediziner, deen niewebäi bemierkt vill Doudeger duerch säin „Impfstoff“ Tuberkulin om Gewëssen huet) a scho guer keen Bill Gates oder e Santésdirekter e politischt Mandat hunn, spréch, also vu kengem gewielt sinn, woubäi een och vu „Walen“ hale kann, wat ee wëll, vu, dass op eemol eng aus dem Näischt opgedauchten a vu kengem gewielten Madame Lenert Gesondheetsministesch gi war, also souzesoen „Par ordre du Mufti“.

Allez hopp…geschenkt.

E Santésdirekter, fir dorop zeréck ze kommen, deen om Héichpunkt vun der „Pandemie“ laut dem soug. Covid-Gesetz (firwat ass dat eigentlech, mam Accord vun der soug. Oppositioun (!), bis Mokuchsdag verlängert ginn?) souguer de Pouvoir kritt hat, Mënschen, déi z.B. dem genannten Narrativ kritisch géintiwwer stoungen, aus der Famill erauszerappen an an enger anerer „geeegenter Struktur“ ënnerzebréngen, esou, wéi et momentan nach ëmmer Usus a China ass, wougéint aktuell d’Leit op der Plaz jo mol ufänken, sech ze wieren. Dëst gëtt iwwregens an eisen Medien positiv duergestallt an als Demokratiebeweegung bezeechend, de Regime zu Peking als Diktatur beschriwwen a Policegewalt gëtt verurteelt, wougéint wann een hei am Land am selwechten Kontext op d’Strooss gaang ass, een als „Covidiot“, „onsolidarisch“ oder „Corona-Leugner“ virun allem, awer net nëmmen, vun eise Staatsmedien betitelt gouf.

Sicht de Feeler.

Dir hat et also tatsächlech färdeg bruecht, quasi vun engem Dag op den aneren zu Lëtzebuerg chinesisch Verhältnisser ze schafen, dat, well d‘WHO eng „Pandemie“ ausgeruff hat an, wéi et housch, wéinst de Biller vu Bergamo.

Chapeau!

D’WHO ass hei schonn thematiséiert ginn an d’Biller vu Bergamo si längst als dat entlarvt ginn, wat se vun Ufank un fir jiddereen erkennbar (wann een dat da wollt) waren: Manipulatioun mat der Muecht vun de Biller, fir bei der Populatioun e Maximum un Angscht ze generéieren, esou, wéi mer et vun de schlëmmsten Propagandisten hier kennen an an déi Gard ech perséinlech net wéilt agereit ginn!

Zur Erennërung: Zu Bergamo war deemools e Convoi vun 13 Militärgefierer nuets duerch d’Stroosse gefuer, mat Läichen dran, déi als Coronadoudeger deklaréiert goufen (mat oder un Corona gestuerwen? Kee weess et…) an an der éischter Hysterie schnellstméiglech sollte verbrannt ginn, wat wéinst dem Mangel u Krematorien awer net méiglech war. Et war deemno keng Iwwerstierflechkeet duerch e „Killervirus“, ma einfach just de Fakt, dass déi Leit net wéi soss üblech sollte begruewe ginn. C’est tout! Mä d’Biller waren a sinn an de Käpp an hunn hier Wierkung anscheinend net verfeelt…

Iwwer Wochen, Méint, jo souguer Joëren sinn d’Leit hei am Land dunn geckeg gemaach ginn mat bestännegen Opfuerderungen, sech testen ze loossen. Och an de Schoulen sinn d’Kanner gedirängelt ginn, sech 2 oder 3 mol d’Woch selwer ze „testen“, andeems déi kléng Hännercher mat Substanzen hu missen hantéieren, wou soss all Sécherheetsbeamten oder Gesondheetsbeoptragten d’Hänn iwwert dem Kapp zesummegeschloen hätt. Souguer mat gesondheetsschiedléchen Masken, d’selwecht wéi d’Tester ‚Made in China‘ (mir wëssen jo all ëm deen „héien“ Standard a China, wann et ëm Ëmweltschutz oder Gëftstoffer geet), hun eis Däbbessen misse stonnelaang op hire Plaze sëtzen, natierlech net ouni den „Social Distancing“ anzehalen; den Noper kéint jo schliesslech e potenzielle Killer sinn.

Et war gewousst, dass Kanner zu kengem Zäitpunkt selwer „gefährdet“, nach fir anerer eng „Gefor“ waren, also weder Elteren, nach Bomi oder Bopi duerch hier reng Präsenz ëmbruecht hunn an awer sinn eis Jëngst esou laang geplot ginn, bis d’Kannerpsychiatrien iwwergelaf sinn.

Empathie war an ass deemno en absolut Friemwuert fir Iech!

Bravo!

Ech sinn e Mënsch a keen PCR-Test“ hat virun e puer Deeg eng Fra wärend de Protester a China an d’Kamera gesot. Wann d’Leit sech do net bei all Gelegenheet teste loossen, oder senger Liewen och nach een vun deene sëllegen Tester positiv uweist, spréngt déi entspriechend App op hirem „gescheiten“ Telefon vu gréng op roud, wat als Konsequenz huet, dass deen Mënsch vum ëffentlechen Liewen (wéi een dat esou schéin nennt), ausgeschloss gëtt, fir et mol léif auszedrécken.

Wärend der „Pandemie“ war Lëtzebuerg op eemol, wéi schonns erwähnt, och zu enger Zort China ginn. Ouni gréngen Häkchen om Smartphone gouf et keen Zougang méi z.B. op de Chrëschtmaart, an de Restaurant, oder op de Fussballsterrain, ouni Mask keen Zougang zu de Geschäfter oder ëffentlechen  Gebaier asw…. „Solidaritéit“ ass dat vun Ärer Säit genannt ginn, Diskriminéierung, Mënschefeindlechkeet an Erënnerung un den Ufank vun engem däischteren Kapitel an der Mënschheetsgeschicht war et a Wierklechkeet! Och hei zu Lëtzebuerg sinn d’Mënschen op e Schnell- oder PCR-Test reduzéiert ginn, esou, wéi déi uewen genannte Fra aus China dat formuléiert huet.

Ganz éierlech gesot: Fir ze k…..!

Déi bestänneg a penetrant Opfuerderung, sech „impfen“ ze loossen (därf hei am Land eigentlech Reklam fir Pharmaproduitën gemaach ginn?), huet nieft dem soug. 3G op der Aarbecht d’Leit an d’Sprëtz gedriwwen; „Soss kann een jo näischt méi maan“ huet een vun de selwechte Leit ze héiere kritt. Eng Impfung sollt d’Rettung fir eis all sinn, dann dierfte mer gütigerweis rëm liewen „wéi virdrun“. Mëttlerweil si mer bei der 4. Pick ukomm (oder si mer scho bei Nr. 5, 6, 7…?), fir dass elo bei enger Befroung vun enger Pfizer-Managerin am Europaparlament erauskoum, dass d‘“Coronaimpfung“ keng „Iwwerdroung“ ka verhënneren. Genee dat war awer de Credo vun Iech, nämlech sech picken ze loossen, fir anerer, vulnerabeler, ze schützen.

Geplatzt wéi eng Seefeblos!

D’Ausso, dass besoten „Impfung“ awer zumindest schwéier Verleef ka verhënneren, war an ass och nëmmen eng blouss Behaaptung, déi nie konnt beluecht ginn, am Géigendeel: Eng aktuell Etude aus den USA, déi viru kuerzem vum däitschen Virolog Alexander Kekulé zitéiert gouf, weist, dass souguer mol dat net de Fall ass, wat heescht, dass Dir d’Leit an eng Impfung gedriwwen hutt, déi absolut keen Notzen huet (ausser natierlech fir Big Pharma), dofir awer masseg a liewensgeféierlech „Effets indésirables“!

D’Spatzen päifen et mëttlerweil vun den Diecher, dass vill Mënschen schwéier Schied duerch déi Impfung dovun droen, bis hin zum Doud. Et ass dofir zimlech „culottéiert“ vu Säiten der Gesondheetsministesch ze behaapten, hei zu Lëtzebuerg wieren keng esou eng Fäll bekannt, woumat mer wuel rëm bei der ugangs erwähnter Blos wieren. Erënnert sief an deem Kontext och un eng Ried vum Här Bettel an der Chamber, wou déi 15% (oder méi?), déi sech bis dohinner nët impfe gelooss haten, dofir verantwortlech gemaach goufen, dass d’Restriktiounen (déi wuelverstan vun der Regierung agefouert goufen, net vun deenen 15%) leider net kéinten opgehuewe ginn. Eng Minoritéit géif domat eng Majoritéit vun hire Rechter privéieren.

Mol rhetorisch gefrot:

Ass dat net dat, wat d’Politik ëmmer virgëtt, wëllen ze bekämpfen, nämlech Haass an Hetz? Geet et eigentlech nach méi „dreist“ an haten déi 15%, nodeems wat mer haut alles wëssen, net villäicht Recht gehat? Därf eng Regierung vum Vollek verlaangen, dass et sech gefällegst un enger Zort russeschem Roulett ze bedeelegen huet?

D’Premierministesch vun der kanadescher Provenz Alberta huet sech virun e puer Wochen bei de Leit entschëllegt wéinst den iwwerdriwwenen an onnéidegen „Moossnamen“ a Bezug op „Corona“, den däitschen Ministerpräsident vu Sachsen stellt elo op eemol fest, dass et vill Ongerechtegkeeten gouf an dass z.B. d’Schoulen net hätte bräichten zougemaach ze ginn.

Och wann dat alles, wat zemools eis Kanner hu missen iwwert sech ergoe loossen, nie ze entschëllegen oder ze verzeihen wärt sinn, esou géif et dach vun enger gewësser Gréisst zeugen, Feeler zouzeginn, d’Covid-Gesetz endlech an d’Poubelle ze klaken an de Wee fräi ze maan, fir déi ganz Geschicht opzeschaffen.

Dovu schénge mer hei zu Lëtzebuerg awer leider nach ganz wäit eweg…mä dat si mer jo gewinnt.

Bescht Gréiss a Bonne Chance, sollt et esou eppes wéi Karma ginn!

Mario Dichter, 5.12.2022 (Bild: Shutterstock)

6 thoughts on “Een „j’accuse“ zur soug. Coronapolitik zu Lëtzebuerg”

  1. Shem sagt:

    A vum WEF an dem Bettel seng Frendschaft mam Klaus Schwab as leider naischt gesot gin, obwiel et jo gerad dee Gremium an seng Klimawandel Ligner sin dei d’Motorik sin vun dem ganzen Zirkus. Eisen nächsten Zirkus waert geschwenn lass goen, da si mer erem doheem agespart wel et mei ewei 24 Grad dobaussen sin. An de WHO plangt bereets d’Rechter op eise Kierper of ze schaffen, sou dass sie eng totalitaer Gesondheetsdiktatur opsetze können. Wann een dann hier Diktatur refuseiert, bleiwt de Krop um Handy roud an dann ass en aus der Gesellschaft eraus. Den Handy and den digitalen Euro sin d’Cloturen dei eis dann an dem digitale Prisong agespart halen.. Bezuelt also rouheg weider mat aere Plastickaarten.

  2. Sven sagt:

    Super geschriwwen! Ech sin frou zu denen 15% ze gehéieren, dei “Pandemie” hannerfrot ze hun. Wann een op daat ganzt zeréck kuckt, dann mecht een daat ganzt nach mei traureg wann een bedenkt weivill Stréit die Politik zwechen den Leit daat ganzt verursacht huet. Lo wou jiderfereen mierkt dass die 15% recht haten schwetzt keen mei gären iwwert daat Thema… Am bäschten ennert den Desch kieren, doran sin mer gutt!

  3. Chris Filip sagt:

    Et ass schued dass dese Corona-Zoff d’Leit, Bekannter a besonnesch Frënn auseneen bruecht hun. Duerch ëng agressiv Intoleranz geigeniwer aaner Meenung an Opfaassung, waat iwregens de Moment net nemmen fir de Corona Problem gellt, verurdeelen dess Leit nach emmer “aanescht-denkend” Matbierger a besonnesch Frënn. Zensur a Gehirwäsch wei mir se vun de Chinesen, de Russen an all dese Länner vun der “axe of evil” kritiseieren ass hei zu Land an an Europa scho längst un der Daagesuerdnung. Internetsiten, Nooriichtesender, Diskussiounsplattformen sin zenseiert. Sie hun Angscht dass mir eis vielleicht emol Gedanke maan wa mir “ëng aaner Klack lauden heieren”. Iewer dann sin mir en Nazi, e Verschwörungstheoretiker, e riets Radikalen asw.
    Schued ass dass elo wou gewesse Wourechten erauskommen (an net nemmen fir de Corona), gin dess Fanatiker nach mei stuer an weisen nach e mei agressivt Behuelen.

  4. René Flammang sagt:

    Salut Mario
    Ech hunn déng Ukloschrëft geliès a kann der nëmmen voll zou stömmen.Du geheis do d´Opaarbechtung vun deem leidegen Thema op. Du weess jo selwer wéi et hei mat deene Läit ass déi dat doten sollten opschaffen.Wièn soll dat da maachen?Si hunn alleguerten mat an der Saach dragestach.Ech hunn elo de Mueren nach geschriwwen, dass elo kee méi ka soen en hätt näischt gewosst. Déi Entschëllegung gölt elo net méi. Spéitstens elo wier et un der Zäit dem Beispill vun Alberta ze follegen. Mee fir dat ze maachen brauch ee Réckgrad an dat ass eppes wat ech hei säit bal dréi Joer vermessen.
    Läit ze tyranniséieren a mat schäinhellegen Opfuerderungen an direkten Dreeungen derzou ze bréngen sech dat Gëft sprëtzen ze loossen, esou dass der haut vill glécklech wären wann se dee Feeler ni gemaach hätten.
    Dat konnten se ,an do hunn der och ganz vill dobäi gehollef. Wann se dech dobausse gefrot hunn” an bass du och geimpft?” hues de dann nee gesot sinn Kolleegen opgestanen an op en aneren Dësch sötze gaangen.Si waren vun do un keng Kolleegen méi.
    Esou weit haten ons Medien an ons Zoustänneg ons Vollek bruecht.Dat ass esou weit gaangen dass verschidde Läit sech net méi getraut hunn schaffen ze goen wann se net geimpft waren.
    Wollt een an e Spidol goen war dat net méi méiglech, et huet ee missten geimpft oder wéinstens getest sinn.Et ass reegelrecht Juegd op déi Läit gemaach ginn déi d´Frechheet haten deem ganzen Terror ze widderstoen. Mir alleguerten sinn eisen Rechter reegelrecht beraubt ginn, sinn dobaussen ernidrecht an gedemidecht ginn, hunn net däerfen a Bistroen oder Restauranten eran, waren Mënschen zweeter Klass.
    Ganz Familljen sinn auserneegerappt ginn a schwätzen haut kee Wuert méi mateneen. Nëmmen doduerger well e puer gutt Finanzéierter sech virgeholl haten eng Plandemie duerchzezéien, déi noweislech esou ni bestanen huet.An anere Länner ass d´Opaarbechtung vun deem ganzen laang amgaangen, hei bei ons fueren se riicht weider.
    Ech hunn grad de Mueren nach opgeschriwwen dass méi wei sécher déi nächst schonn um lafen ass, oder wéi soll ech dat verstoen dass net méi spéit wei gëschter de Chef vun der Gesondheet um 100,7 a bemol festgestallt huet dass d´Infizéiertenzuel nees staark an d´Luucht géif goen.
    Wéis de weess kontrolléieren ech dat ganz do all Dag. Ech hunn natierlech direkt meng Ënnerlagen erbäi geholl an hunn déi Ausso nogesicht.Dat wat erauskoum war dass de läschte Freideg 23 Läit am Spidol louchen an gëschter der 20. E Freideg sinn bei 1211 Tester 233 Positiver festgestallt ginn, déi natierlech direkt erëm als Infizéiert deklaréiert goufen.Vun e Samschdeg e Sonndeg an e Méindeg goufen 2140 Tester gemaach a ganzer 290 Positiver, entschëlleg Infizéierter festgestallt. Ech weess also net wou do dat onheemlecht Eropgoen vun de Fallzuelen festzestellen ass.
    Ech kann mer jo awer net virstellen dass deen Här eis géif beléien. Oder ass dat villäicht well een nach méi wei 400.000 Gëftsprëtzen do leien huet déi een net lass gëtt an elo op déi Aart a Weis versicht e wéineg Werbung fir déi Gëftcoctailer ze maachen?
    Mee wéis de gesäis brauche mer op eng Entschëllegung net ze rechnen, an dat vu kengem. Well e Feeler zouginn steet net um Programm, dat ass un sech och verständlech well et könnt deier ginn.Well do wäre bestëmmt Läit déi nach eng gréisser Rechnung opstoen hunn.
    Dofir ,et ass verständlech wann een dat ganzt esou laang wéi nëmme méiglech an d´Längt zitt, well mat e wéineg Pech könnt den Hummer jo awer nach falen.Wiè weess ??

    Bis dann

    René Flammang

  5. Roger De Backer sagt:

    Domat ass alles gesot a super geschriwwen! Merci!

  6. Mandy sagt:

    Wei ëmmer dei richtig Froen gestellt an eng gudd Zesummenfassung vun denen leschten 2 Joer, Merci 😊

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.