ECH SINN! Mënsch, fräi, souverän!

(Version française en dessous)

Zu deem Gaascht-Artikel, deen hei ënnendrënner ze fannen ass, sollten e puer Wierder am Virfeld net feelen. Et geet ëm en Thema, wat wuel de Wéinegsten scho bekannt ass, ma wat eis Frënn a Kollegen vun Wikipedia a Konsorten schonn emol an den üblechen Eck drécken, wann een sech mat enger Matière net wëll/kann, oder därf auserneensetzen. Parconter ass et jo scho bal e „Ritterschlag“, wann eppes vun deenen Herrschaften diffaméiert gëtt, sou dass also wuel awer méi wéi nëmmen eng Grétz Wierklechkeet (vu Wourecht wëlle mer jo net schwätzen) dohannert stécht.

Zumindest ass et mol eng gudd Situatiounsanalys, verbonnen mat engem Hiwäis op d’Exit-Dir aus dem ablécklechen Dilemma, an deem mer eis befannen. Dës Kéier ass et net nëmmen e „Coup de gueule vum Raquel*“, ma anengems och nach en décke Fouss hannebäi, fir dass mer nët nëmmen sollen no Fräiheet jäitzen, ma eis endlech och sollen wéi fräi Mënschen behuelen!

*https://nues-am-wand.lu/een-coup-de-gueule-vum-raquel/

Mario Dichter, 11.11.21


Mir si fräi a souverän Mënschen. Behuele mer eis dann och esou? Kënne mer vun eis behaapten, dass mer onofhängeg sinn a liewen, glécklech liewen? Oder ass et éischter esou, dass mer mengen an engem System gefaangen ze sinn an no deem senge Spillreegelen fonctionnéieren?

Mir kënnen dem System tatsächlech zu all Moment de Réck dréinen andeems mer net matmaachen. Sou einfach ass et am Fong. Mä elo si mer säit Joerhonnerten an dësem System gefaangen an sou dra verwéckelt, dass mer Schwieregkeeten hunn eis lasszemaachen a lasszeloossen, well mer näischt aneschtes kennen an näischt aneschtes virgelieft kruten a kréien.

Ob mer et wouer wëllen hunn oder net, mir sinn net zefridden, well mer spieren, dass eppes net stëmmt. Firwat spiere mer dat? Ma well mer eis net fräi fillen, well mer eis gefaange fillen. Mir fillen eis gefaangen, well mer vun dësem System versklaavt ginn an et och nach zouloossen.

Aplaz sech elo direkt ofzewenden, well een dat net héiere wëll, a sech ze soen, dat kann net sinn, dat gëtt et net, wéi wir et dann éierlech mat sech selwer ze sinn a sech mol wéinstens dës puer Froen ze stellen:

Wa mer kucken wat am Moment leeft, kënne mer dann vun eis behaapten mir wire fräi an dësem System?

Därfe mer alles maachen an iwwerall higoen ouni Aschränkungen, an zumools elo säit ongeféier 2 Jöer, oder ass et éischter esou, dass eis Fräiheet u Konditiounen gebonnen ass an dat ëmmer méi?

Wëll de Staat, ouni ze wëssen ween oder wat dat eigentlech ass, wirklech dat Bescht fir eis oder schafft en a seng eegen Täsch an dat säit jeehir?

Wësse mir wou dee Koup Steieren dee mer bezuele mussen wirklech higeet?

Firwat musse mer gezwonge ginn, an dat ëmmer méi, Saachen ze maachen di angeblech fir eist Bescht sinn?

Firwat gëtt einfach alles komplett ignoréiert an ännert sech guer näischt, obwuel mer op der ganzer Welt zu Milliounen op d‘Strooss ginn, e ganze Koup Petitiounen ënnerschreiwen, Geriichter wäertvoll Urteeler spriechen, mer eng Verfaassung hunn a Gesetzer di eis angeblech schütze sollen?

Soulaang mir net hannert dee Schwindel gesinn an eng grouss Mass matmécht, gëtt natiirlech einfach weidergemaach wi wa guer näischt wir a wi wann et déi Versklavung guer nët géif ginn.

Mir mussen also aus eisen alen Denkmusteren eraus, well an eiser Onwëssenheet a Guttmiddegkeet behuele mer eis wi Marionnetten di drop waarden, dass een d‘Fiedem zitt, well mer soss inerte sinn a verluer.  Mir kennen a kënnen jo just dat Eent: FONCTIONNÉIEREN egal zu wéi engem Präis! Wat LIEWEN ass, hu mer vergiess a behuelen eis dofir wi wa mer dout wiren. Wi einfach ass dat dann fir deen System, wa mir en am Fong op esou eng Idee bréngen? Wéi eng Idee? Ma e ganzt Theaterstéck mat villen verschidden Akten ze inszenéieren wou mir dat dann spillen därfen wat mer souwisou am Beschte kënnen: gesteiert Zombies ze sinn. Säit jeehir loosse mer et zou regéiert ze ginn, wi wa mer kee fräie Wëllen hätten, wi wa mer net selwer op eis oppasse kéinten, wi wa mer net respektvoll an empathesch mateneen kéinten ëmgoen ouni e Meeschter, e selwer ernannten Expert iwwert eis ze hunn, wi wann dann alles am Chaos géing ënnergoen. Komescherweis hu mer dee Chaos awer elo wou mer eis regéiere loossen…

Well mer eis wi Doudeger behuelen, gëtt di ganz Theaterinszenéierung eng Gewunnecht an di verschidden Akten zu Gewunnechten, déi dann vu jidderengem iwwerholl ginn ouni se a Fro ze stellen, déi dann esou normal gi sinn, dass se no an no dann och nach op Pabeier festgehale ginn, an esou Gesetzer entstinn un déi mir mengen eis mussen ze halen. Di mënschegemaachten Gesetzer do zielen awer net fir de liewege Mënsch. Di eenzeg Gesetzer un déi sech jiddereen hale muss, och déi vun deenen mer eis regéiere loossen, sinn d’Naturgesetzer, d‘Schöpfungsgesetzer. Dat ass gewosst, dass jiddereen dorunner gebonnen ass a sech do net widdersetze kann ouni sech selwer ze schueden.

Eng Theaterinszenéierung ass net réel, mä eng Fiktioun, eng Illusioun, e Spill, wou maskéiert, geschminkten an verkleete Leit optrieden an eben Theater spillen. Esou ass och eist ganzt Liewen opgebaut. Mir kommen op d’Welt als liewege Jong/Mann oder lieweg(t) Meedchen/Fra. Dann awer gëtt de Bebe op enger Instanz deklaréiert, well mer iwwerzeegt sinn, dat mussen ze maachen, schliesslech ass dat nach ëmmer sou gemaach ginn.

Soubal de Bebe ugemellt ass, ensteet en Acte de Naissance a mat deem fänkt dee ganzen Theater an also eise ganze Misère un.

Mam Acte de Naissance gëtt nämlech eis PERSOUN geschafen. Persoun ass net dat wat mir drënner verstinn, mä et ass weider näischt aneschtes wi eng fiktiv Entitéit, also net réel.

Persoun heescht iwwerejens Mask oder eppes wat net existéiert. An op franséisch bedeit „personne“ jo och „keen, niemand“…

D‘Persoun spillt an deem ganzen Theaterstéck mat a fonctionnéiert no bestëmmten Uweisungen; d’Persoun därf net entscheeden wat gespillt gëtt an huet och keen eegestännegt Liewen.

Di Persoun gëtt och nach als Strohmann/Homme de Paille bezeechent, als Personne Juridique, als Personne Physique, wi um Steieramt, di de liewege Mënsch repräsentéiert. De liewege Mënsch gëtt et also ab der offizieller Umeldung net méi, en ass dout a brauch säi Strohmann als Vertrieder, fir Dokumenter ze ënnerschreiwen, Steieren ze bezuelen, d’Scholden op der Bank an all Taxen di eis opgezwonge ginn am Numm vun der Solidaritéit.

An deem Spill, an deeër Fiktioun di geschafe gouf, gëtt di PERSOUN als Wuer ugesinn, eng Saach di besteiert, gehandelt a verkaf gëtt, eng Saach di ganz vill wäert ass, dat Wäertvollst wat et hei op der Äerd gëtt a mat deeër geschafft gëtt a vill Sue gemaach ginn. Mir ginn also guer net ugesinn an och net behandelt als liewege Mënsch aus Fleesch a Blutt a virun allem enger Séil.

Et ass jo da kloër, dass et em Geld a Muecht geet a sou engem Handel an net em d’Wuelbefannen vun der Mënschheet. E Commerce probéiert ëmmer dee gréissten Profit aus enger Situatioun ze schloen an et ass dat wat och all Staat op der Welt mécht, dat heescht, de gréisst méiglechen Profit aus eis Mënschen (Wueren) erauszeschloen. De Geldsystem ass nämlech esou opgebaut, dass d’Geld duerch eis, dat heescht, mat der Schafung vun der Persoun, dem Strohmann, dank dem Acte de Naissance, entsteet. Géife mer eis net umellen, géif di fiktiv Kreatioun vum Geld ewegfalen.

Do versteet een dann direkt firwat mir esou wäertvoll sinn an nëmmen net hannert dee ganze Schmu gesi sollen.

Mir hunn eist onausgesprachent Averständnis, eisen „consentement tacite“, zu deeër ganzer Theaterinszenéierung ginn a liewen also an der Illusioun, dass mer gebonne wiren un en allmächtege System. Si mer awer natiirlech net. Duerch de Gebrauch vu Wierder a Symboler di mer net verstinn oder falsch bäibruecht kruten, gi mer eist Averständnis mat deem wat mat eis gemaach gëtt an iwwert de scheinbare Pouvoir deen de System iwwert eis huet. Dofir ass et wichteg opzepassen wat fir eng Wierder a Symboler mer gebrauchen, dat ass nämlech alles net esou harmlos wéi et den Uschäin huet. D’Mask ass z.Bsp. e ganz staarkt Symbol, well eng Mask geduecht ass fir Sklaven roueg ze halen, engem de Mond ze verbidden, engem seng Mimik an doduerch seng ganz Perséinlechkeet ze huelen, engem ze weisen, dass en ënnergeuerdnet ass.

Vun deem ganzen Theaterstéck, deen bei eiser Gebuert ugeet, wëssen awer leider nëmmen di mannst an esou kann di perfide Illusioun oprecht erhale ginn.

Wa mer eis als liewege Mënsch géife behuelen wir eis Situatioun eng ganz aner wi se elo ass.

E liewege Mënsch därf nämlech engem aneren liewege Mënsch näischt undinn an duerfir ass eben di ganz Fiktioun kreeéiert ginn fir eis un di sënnlos mënschegemaachten Gesetzer ze bannen, di ni fir de liewege Mënsch geduecht waren, mä eleng fir d’PERSOUN.  

DAT ass de Grond firwat mer net ukommen, net duerch manifestéieren, net mat aneren Gesetzer, net mat Plainten, net mat Petitiounen, net op den Geriichter, néierens, well mer eben als eng Saach ugesi ginn ouni Gefiller an ouni Stëmmrecht.

Eng Saach schwätzt net, huet kee Gehir, keen Härz a keng Séil, mir Menschen awer. Also ass et un der Zäit dovu Gebrauch ze maachen aplaz eis weiderhinn ze behuele wéi esou eng Saach an eis versklaven ze loossen. Mir sinn dach keng Sklaven déi dauernd e Meeschter em Erlaabnis froe mussen dëst oder dat därfen ze maachen, déi de Meeschter froen d‘Gesetz ze änneren fir därfen méi fräi Sklaven ze sinn, déi de System froen e soll sech änneren fir de Sklaven hirt Liewen méi einfach ze maachen aplaz dass mir Mënschen eis selwer änneren, all Eenzelenen vun eis, an sou seng Welt schafen am Respekt an an der Léift.

Mir bleiwen ëmmer rëm an den selweschten Denkmusteren hänken, dat heescht, dass mer der Iwwerzeegung sinn, dass d’Gesetzer gemaach goufen fir eis ze beschützen, fir eist Bescht.

Mir verstinn awer elo, dass e Gesetz wat sech un eis Persoun riicht an net un eis als liewege Mënsch, net an eisem Intérêt si kann. Mir verstinn och firwat et also onméiglech ass AM System géint DE System unzekommen, well di mënschegemaachte Gesetzer sech alleguer un eise Strohmann wenden an also dem System déngen.

De Probleem dee bleift, ass dass eng grouss Mass weiderhinn alles matmécht an doduerch gëtt de System gefiddert, eppes wat di Meescht nach net verstan hunn a sech schwéier dinn et ze verstoen.

Dem System seng grouss Stärkt ass et, dass d‘Leit di „subtil“ Zesummenhäng net ze pake kréien. 

Elo ass et dann un eis, och hei zu Lëtzebuerg, eis duerchzesetzen egal wivill Aarbecht dat ass, soss verléiere mer alles wa mer weiderfueren eis mat fiktiven Instanzen auserneenzesetzen am Numm vun eiser Personne Juridique, eiser fiktiver Entitéit.

Säit Enn 2012 si mir souguer offiziell fräi an dat duerch den OPPT (One People’s Public Trust). Do huet sech eis eng Dir opgemaach an eis de Wee gewise wéi mer d’Sortie aus dësem Misère fannen ouni alles ze verléieren. A lues a lues kënnt dat op d’Tapéit och hei zu Lëtzebuerg.

Duerch den OPPT sinn all Staaten an all Banken zwangsvollstreckt ginn an existéieren also offiziell guer net méi a sinn illegal. Jo ech weess, wann ee ronderëm sech kuckt, huet sech awer guer näischt geännert an all Administratiounen an all Banken sinn nach ëmmer do a fonctionnéieren einwandfrei. Mä firwat ass dat dann esou? Ganz einfach, well mir dat Ganzt matmaachen an di Meescht näischt vum OPPT wëssen an iwwerhaapt gewinnt sinn esou ze fonctionnéieren an eis also eppes aneschtes net virstelle kënnen.

Duerch den OPPT ass de System mat sengen eegene Waffe geschloe ginn an domadden hu mir alleguerten e Beweis, dass mer tatsächlech vun Generatioun zu Generatioun versklaavt ginn, dat awer „fräiwëlleg“ an et eis duerfir net opfält. Mat oder ouni OPPT wëssen der jo scho vill vun eis wat leeft, dass mer et säit jeehir mat engem korrupten System ze dinn hunn, a wou dat Ganzt fréier oder spéider hiféiert, nämlech zur totaler Kontroll, der offensichtlecher Diktatur. 

Wa mer schonn bereed sinn Plainten ze maachen, Petitiounen ze ënnerschreiwen, op Maniffen ze goen an z‘organiséieren asw, da komm mir stiechen déi ganz Energie an Zäit, an d’Verstoen, an d’Verënnerlechung an an d’Emsetzung vun den OPPT Dokumenter. Da behuelen mer eis wéi e liewege Mënsch an net wéi Opfer déi Instanzen ubiedelen se sollen sech dach endlech änneren an eis Sklaven e méi schéine Käfeg bauen.

Mir wëllen kee méi schéine Käfeg! Mir wëllen guer kee Käfeg! Mir wëllen ganz einfach fräi sinn!

Eis Rechter hu mer, Punkt. Soubal mer de System, egal mat wéi engem Gesetz oder Démarche, eng Autorisatioun, eng Bescheinegung, eng Erlaabnis, oder wat och ëmmer, froen, identifizéiere mer eis mat eisem Strohmann, well eben net mam liewege Mënsch interagéiert gëtt.

Mir wëlle fräi sinn, also als eegeverantwortlech Mënschen liewen déi léif, respektvoll an empathesch mateneen ëmginn an net an enger fauler Matrix weiderfunktionnéieren. Mir wëllen keng Illusioun oprechterhalen, an deeër mer ni glécklech liewe kënnen, well mer ënnerdréckt ginn an onzefridde sinn an an deeër de Chaos also virprogramméiert ass, well Onzefriddenheet zu Manipulatioun, Reiwereien, Egoismus a Stress féiert, ëmmer!

Mir hunn mam OPPT a sengen Dokumenter eppes Konkretes an der Hand fir de System mat sengen eegene Waffen ze schloen. Domadden bekämpfe mer DE System net AM System, mä mir manifestéieren eis vis-à-vis vum System als liewege Mann oder lieweg Fra a froen keng Erlaabnis, well mer jo als liewege Mënsch iwwert ALL (ausser natiirlech d’Naturgesetzer, d’Schöpfungsgesetzer)

Gesetz stinn, déi souwisou alleguer jo ënnert d’Fiktioun falen. Nee mir froe guer näischt, mir froe keng Fräiheeten di eis souwisou zoustinn! Mir behaapten eis!

Mir benotzen di Dokumenter als Stäip fir dem System a senger Sprooch ze verstoe ginn, dass mer dat Spillchen, dat ganz geschéckt fir eis ausgeduecht a festgeluecht ginn ass, a säit jeehir ganz gutt fonctionnéiert, well mer d’Spillreegelen ni verstan hunn an eis et also „fräiwëlleg“ gefale gelooss hunn, net méi matmaachen. Mir ginn dem System ze verstoen, dass mer eis elo laang genuch mat eisem Strohmann identifizéiert hunn, well mer dat andauernd agetriichtert kruten, an eis elo vun deeër Fiktioun léisen.

Mir mussen endlech ufänken, mat oder ouni OPPT, a klénge Schrëtt, di hoffentlech séier ganz grouß ginn, dem System ze weisen, dass mer di ganz Illusioun duerchkuckt hunn. Et wir also méi wi ubruecht de liewege Mënsch an eis ze manifestéieren an et net méi zouzeloossen, dass mer als Personne Physique, als fiktiv Entitéiet eben, behandelt ginn. Dat si mir definitiv net.

Di Dokumenter brauche mer elo nach, well mer an eisem Bewosstsäin nach net esou wäit sinn.

Alles geet awer bei eis selwer un. D‘Dokumenter liewen duerch eis an net emgedréint.

Di Dokumenter sinn awer hëllefräich, well mer eben an enger Iwwergansphase sinn an iwwerzeegt sinn, dass mer op Paperassen ugewise sinn an dass mer et nëmmen mat Paperassen hikréien eis vis-a-vis vun engem gutt arodéierten System ze behaapten. 
Den OPPT kann esou e ganz schéinen an déifgrënnegen Mode d’Emploi ginn fir Schrëtt fir Schrëtt aus dem System senge Fäng lasszekommen. Den OPPT ass nämelch net en neie System, mä en Opruff un d’Mënschheet sech ze befreien.

Fir deen deen virwëtzeg ass a méi wësse wëll zu deem ganzen Thema ka sech gären dee Link, deen nach am Opbau ass a wou also nach dru geschafft gëtt fir méi Struktur an eng besser Iwwersicht dranzebréngen, ukucken:  https://samadevas.com/opptonepeoplepublictrust/


Et ass awer nach e laange Wee an duerfir héich héich Zäit eppes an deem Sënn z‘ënnerhuelen.
Et ass nämlech nach vill Aarbecht, well jidder Eenzelnen do gefuedert ass sech do dranzeknéien, well als éischt muss an eis eppes geschéien, éier dobaussen eppes geschitt.

De Paradigmewiessel besteet doranner, dass mer ophalen eis wi Opfer ze behuelen an Eegeverantwortung iwwerhuelen ouni dass mer alles verléieren a mat der Gewëssheet, dass alles eis gehéiert a mir d‘Recht hunn alles ze benotzen, well mir déi sinn di alles geschafen hunn, mir als lieweg Mënschen hunn alles mënscheméigleches geschafen op dëser Äerd an dofir gehéiert och alles eis ouni, dass mer Steieren bezuele mussen un e Staat, an doduerch un de System, deen näischt fir eis gemaach huet ausser eis ze versklaven. Net de Staat huet, Spidäler, Stroossen, all di Gebaier, Autobunnen, Flughäfen asw… gebaut, nee, mir lieweg Mënschen waren et! Also hu mir op ALLES e Recht ouni Staat! Och an zumools op di natiirlech Ressourcen di eis d’Natur zur Verfügung stellt an net de Staat! Op ALLES e Recht hunn, heescht alles hei op der Äerd wat eis zur Verfügung steet verantwortungsbewosst a mat Respekt behandelen an notzen.

Mir si Mënschen! Lieweg a fräi! Mir mussen eis erëm bewosst ginn wee mer wirklech sinn.

Mënschen di wëssen wee se sinn brauchen keng Autoritéit iwwert sech. Mënschen di wëssen wee se sinn, sinn eegeverantwortlech, respektvoll géintiwwer alles an allem a glécklech, well se ganz einfach SINN.

Kee Mënsch huet d’Recht iwwert engem anere Mënsch ze stoen!

Mir waren ignorant, mä elo wësse mer!

Et ass also héich Zäit déi ganz Inszenéierung net méi matzemaachen an net méi z’acceptéieren, a sech opzemaachen fir eppes ganz Neits, eppes wat eis onméiglech schéngt, mä méiglech ass, well mir eben fräi lieweg Mënschen SINN.

Raquel, 11.11.21 (Bild: Shutterstock)

Update vum 30.01.2022:

Wat dësen Artikel ubelaangt, wollt ech eppes kloerstellen. Ech stinn weiderhinn zu all deem wat ech hei am Artikel geschriwwen hunn, ausser zum Deel OPPT. Ech wëll a kann Verschiddenes net méi ignoréieren an et weiderhinn fir gutthalen, esou wi z.Bsp. d’Symboler vun den OPPT Logoen, den Datum 1776 wou den Adam Weishaupt den Illuminatenorden gegrënnt huet an de Fait, dass d’Heather Ann Tucci-Jarraf am Optrag vu Rockefeller geschafft huet an sou de ganze Schmu „entdeckt an opgedeckt“ huet.

Ech wëll hei net méi an den Détail goen, well dat Bescht ass sech selwer e Bild ze maachen, seng eege Recherchen duerchzezéien fir dann zu sengen eege Konklusiounen ze kommen an erauszefannen wat et mam OPPT wirklech op sech huet.

Fir de Rescht stinn ech zu Allem wat ech bis elo geschriwwen a gesot hunn.

(Raquel)

JE SUIS! Homme, Femme, libre, souverain(e)!

En ce qui concerne l‘article de Raquel, que vous trouverez ci-après, j’aimerais dire ces quelques mots. Il s’agit d’un sujet peu connu, mais nos amis de Wikipedia et consorts n‘ont pas hésité à le réprouver pour ne pas avoir à le traiter. On pourrait presque parler de «louange» lorsqu’un sujet est discrédité de telle sorte par ces messieurs et cela nous mène même à croire que ce sujet n’est donc pas très loin de la réalité (sans maintenant vouloir parler de vérité).

Néanmoins il s’agit d’une bonne analyse de la situation avec l‘indication qu’il existe une issue au dilemme actuel. Cette fois-ci il ne s’agit pas que d‘un „coup de gueule de Raquel” (cf. ici en dessous), mais en même temps une incitation à se comporter enfin en homme/femme libre et vivant(e) au lieu de réclamer la liberté!

Mario Dichter

Nous sommes des hommes et des femmes libres et souverain(e)s. Nous comportons-nous ainsi? Pouvons-nous affirmer que nous sommes indépendants et que nous vivons une vie heureuse? Ou croyons-nous plutôt être prisonniers d’un système selon les règles duquel nous devons fonctionner?

En fait, nous pouvons à tout moment nous libérer du système tout simplement en ne nous soumettant plus à ses règles du jeu. C’est aussi simple que ça. Mais à présent nous avons du mal à nous détacher du système qui nous manipule depuis des siècles et en plus nous ne nous y opposons pas. Ne connaissant que ces valeurs qui nous ont été transmises de génération en génération, nous le laissons faire.

Qu’on veuille l’admettre ou non, nous ne sommes pas heureux, parce que nous ressentons qu’il y a quelque chose qui ne va pas. Pourquoi le ressentons-nous? Et bien, parce que nous nous sentons piégés dans un système où la liberté n’est qu’illusion, dans un système qui nous traite comme des esclaves et le pire c’est que nous l’acceptons comme une fatalité.

Plutôt que de se détourner pour ne pas regarder la vérité en face, pourquoi ne pas être sincère avec soi-même et se poser au moins ces quelques questions:

En regardant ce qui ce passe autour de nous, pouvons-nous affirmer que nous sommes libres dans ce système?

Pouvons-nous faire ce que nous voulons et voyager où nous le souhaitons, ou notre liberté est-elle plutôt conditionnelle?

Le gouvernement, sans vraiment savoir qui ou ce que c’est, se soucie-t-il vraiment de notre bien-être ou se remplit-il plutôt les poches à notre insu et cela depuis toujours?

Savons-nous vraiment où vont et à quoi servent tous les impôts que nous sommes obligés de payer?

Pourquoi nous oblige-t-on à des actes prétendument nécessaires au bien-être public?

Pourquoi toutes les manifestations, toutes les pétitions, toutes les décisions judiciaires, toutes les lois et même la constitution, sont-elles ignorées et cela d’autant plus depuis plus ou moins 2 années?

Notre esclavage continuera comme si de rien n’était aussi longtemps que durera cette arnaque, c’est-à-dire, aussi longtemps qu’on fermera les yeux sur la réalité.

Il est donc temps de se libérer de nos schémas mentaux, de nos propres croyances, car notre ignorance et notre bonhomie nous mènent à nous comporter comme des marionnettes qui n’attendent qu’à être manipulées pour pouvoir sortir de leur inertie. Depuis toujours nous ne connaissons et ne savons faire qu’une seule chose, c’est de FONCTIONNER à tout prix! Nous avons oublié ce que c’est de VIVRE et nous nous comportons donc comme si nous étions déjà morts. En nous comportons ainsi, nous donnons une idée au système. Quelle idée? Et bien, l’idée de mettre en scène toute une pièce de théâtre divisée en différents actes dans laquelle nous pouvons jouer ce que nous savons faire de mieux: être des zombies sous contrôle. Depuis la nuit des temps nous nous laissons gouverner comme si le libre arbitre n’existait pas, comme si nous n‘étions pas capables de prendre soin de nous-même, d’être empathiques et respectueux les uns envers les autres. Nous nous subordonnons à un maître ou à un expert autoproclamé, sans lesquels nous croyons devoir sombrer dans le chaos total. Toutefois aucune loi quelle qu’elle soit ne pourra jamais provoquer de changement en faveur de l’humanité, car c’est dû à cette gouvernance que le monde entier se trouve actuellement dans un désordre chaotique incroyable…

Etant donné que nous nous comportons comme des morts-vivants, toute cette pièce de théâtre devient une coutume, une habitude et les différents actes deviennent eux aussi des coutumes, des habitudes que nous adoptons tous sans nous poser des questions. Ces habitudes deviennent normales et quotidiennes et peu à peu elles sont notées sur papier et se transforment en lois que nous croyons devoir respecter. Mais ces lois faites par l’homme ne sont pas applicables à l’homme/la femme libre, vivant(e) et souverain(e). Les seules lois applicables à toutes et à tous sont les lois divines et naturelles sans qu’on puisse s’y soustraire.

Une mise en scène théâtrale n’est pas réelle, mais il s’agit d’une fiction, d‘une illusion, d‘un jeu, où des gens masqués, maquillés et déguisés se produisent en public et jouent un rôle. Toute notre vie est comparable à ce scénario de théâtre. Nous venons au monde en tant qu‘homme ou femme libre et vivant(e). Le bébé est alors déclaré auprès d’une institution étant donné que nous croyons être obligés de le faire et de toute façon tout le monde le fait après tout.  

Toute la mise en scène, autrement dit toute cette supercherie, commence aussitôt le bébé déclaré et un acte de naissance rédigé.

Cet acte de naissance donne lieu à la création de la PERSONNE. Une personne en jargon juridique n’est rien d’autre qu’une entité fictive, donc non réelle.

Etymologiquement parlant le terme „personne“ signifie masque ou „fait n’ayant jamais existé“. En plus, personne veut dire aussi nul, aucun“.

La personne joue dans cette pièce de théâtre selon certaines instructions; la personne n’a pas de vie autonome et elle n’est pas maître du jeu.

Cette personne est entre autres aussi appelée homme de paille, personne juridique, personne physique (voir déclaration d’impôt), qui représente l’homme/la femme libre et vivant(e) fait(e) de chair, os et sang. Celui/celle-ci n’existe donc plus, il/elle est mort(e) à partir du moment où cette entité juridique fictive est créée avec l’acte de naissance et c’est cet homme de paille qui agit en tant que représentant légal de l’homme/la femme vivant(e) pour signer des documents, payer les impôts, rembourser les dettes à la banque et payer toutes les taxes qui lui sont imposées au nom de la solidarité.

Dans ce jeu, cette fiction qui a été créée, la PERSONNE n’est qu’une marchandise, un objet qui est taxé et commercialisé, un objet d’une grande valeur, la chose la plus précieuse et la plus monnayée ici sur terre et qui rapporte beaucoup d’argent. Nous ne sommes donc pas du tout considérés comme des hommes/femmes vivant(e)s en chair, os et sang.

Il est donc évident qu’il est question d’argent et de pouvoir dans un tel négoce et que le bien-être de l’humanité n’est et n’a jamais été la priorité de ce système. Le rôle d’un commerce est de toujours tirer pleinement profit d’une situation et c’est précisément ce que font tous les gouvernements, ils utilisent les humains en tant qu’objets précieux pour en tirer un maximum de bénéfice. Le système monétaire n’est pas ce qu’on croit. En effet, l’argent est créé à partir de la création de notre entité fictive, notre homme de paille, grâce à l’acte de naissance. Cette création fictive de l’argent n’est donc possible que parce que nous nous déclarons auprès d’une institution. Sans déclaration de naissance pas de création d’argent.

On comprend donc très bien pourquoi nous les humains sommes si précieux et pourquoi nous ne devons en aucun cas prendre conscience de cette duperie.

Nous avons donné notre consentement tacite à toute cette mise en scène théâtrale et nous vivons donc dans l’illusion d’être liés à un système tout puissant. Bien sûr que nous ne le sommes pas. Dû à l’emploi d’un vocabulaire et de symboles que nous ne comprenons pas et qui nous ont été mal transmis, nous consentons à toute cette manipulation et au pouvoir apparent du système. Pour cette raison il est très important et essentiel de faire attention à la manière dont nous nous servons des mots et des symboles au quotidien, étant donné que ce n’est pas si anodin qu’on le croit. Le masque, p.ex., est un symbole très puissant. En effet, le masque est utilisé pour faire taire les esclaves, pour cacher toutes les expressions faciales, pour nous enlever notre personnalité, pour nous montrer que nous sommes subordonnés.

Comme il n’y a qu’une minorité consciente de cette mise en scène théâtrale dès notre naissance, cette illusion perfide continue à être maintenue.

Si nous nous comportions en hommes/femmes libres, vivant(e)s et souverain(e)s, notre situation serait complètement différente de celle d’aujourd’hui.

Un(e) homme/femme libre et vivant(e) ne pourrait jamais nuire à un(e) autre homme/femme libre et vivant(e) et c’est pour cette raison que toute cette fiction/illusion a été créée pour nous obliger à respecter des lois inutiles et insensées qui n’ont jamais été destinées aux hommes/femmes libres et vivant(e)s mais seulement à la PERSONNE, l’entité fictive.

C’est aussi LA raison pour laquelle nous ne progressons pas malgré tous nos efforts déployés pour améliorer notre situation. Toutes les lois et toutes nos démarches comme les manifestations, les plaintes, les pétitions, maintes décisions de la Cour, n’ont pas eu le résultat escompté, étant donné qu’on nous considère comme une chose, un bien qui n’a ni sentiments, ni la capacité de parler.

Un bien n’a pas de cerveau, ni de cœur, ni d’âme contrairement à nous les humains. Il est donc grand temps d’utiliser nos capacités d‘humain au lieu de nous comporter comme un bien et d’accepter qu’on nous traite comme des objets. Nous ne sommes tout de même pas des esclaves qui demandent la permission à leur maître de pouvoir faire ceci ou cela, qui demandent à leur maître de modifier les lois pour pouvoir être des esclaves plus libres, qui demandent au système de changer sa façon d’être pour que notre vie d’esclave soit plus facile. Le changement doit venir de l‘intérieur de nous-mêmes, car le système ne changera jamais, c’est nous qui devons changer, pour que nous puissions construire un monde nouveau dans le respect et dans l’amour.

Nous préservons nos schémas mentaux pour éviter l’angoisse de faire face à la nouveauté. Nous persévérons donc à croire que le rôle de la loi est de nous protéger et que son but est le bien-être de nous tous.

Toutefois nous savons maintenant que toute loi qui s’adresse à notre PERSONNE et non à l’homme/femme libre et vivant(e) que nous sommes, ne peut pas être dans notre intérêt. Nous savons donc aussi pourquoi il est impossible de nous défendre contre LE système en agissant DANS le système, étant donné que toutes les lois s’adressent à notre homme de paille et sont donc utiles uniquement au système.

Le problème majeur réside dans le fait que nombreux sont ceux qui ont du mal à comprendre qu’aussi longtemps qu’ils coopèrent avec le système, ils le nourrissent.

Le grand avantage du système, c’est l’ignorance des gens qui n’arrivent pas à saisir son jeu subtil et qui ne comprennent donc pas ce qui se passe réellement. 

Maintenant c’est à nous, aussi ici au Luxembourg, de nous affirmer et de nous imposer malgré le travail que cela implique, sinon nous risquons de tout perdre si nous continuons à traiter avec des institutions fictives au nom de notre personne juridique, notre entité fictive.

Depuis fin 2012 nous sommes libres même officiellement grâce à l‘OPPT (One People’s Public Trust) qui nous ouvre des portes et nous montre le chemin pour sortir de cette misère sans être perdants. Et petit à petit l’OPPT est connu dans le monde entier, même ici au Luxembourg.

L‘OPPT a forclos tous les gouvernements et toutes les banques qui n’existent donc plus officiellement et sont illégaux. Oui, je sais bien, si on regarde autour de soi, rien n’a changé et toutes les administrations et banques continuent à fonctionner parfaitement. Pourquoi en est-il ainsi? Tout simplement parce que nous continuons à coopérer avec le système et que la plupart des gens ne sont pas au courant de l‘OPPT; de toute façon nous avons toujours fonctionné de la sorte et nous ne pouvons donc pas nous imaginer qu’il en soit autrement.  

L’OPPT a réussi à battre le système à son propre jeu comme quoi nous avons la preuve que nous sommes tenus en esclavage et ce depuis des générations. Cet esclavage „moderne“ étant en plus „volontaire“ nous ne nous en rendons pas compte. Pourtant avec ou sans OPPT beaucoup d’entre nous savent que nous vivons dans un système de plus en plus corrompu et que cela nous conduit tôt ou tard à la dictature totalitaire. 

Etant donné que nous sommes prêts à faire des plaintes, à signer des pétitions, à nous rendre à des manifestations et à les organiser, etc., alors pourquoi ne pas investir toute cette énergie et tout ce temps précieux dans la compréhension, l’intériorisation et la mise en œuvre des documents OPPT. Ce faisant nous nous comportons en homme/femme souverain(e) et vivant(e) et non en victime qui supplie les institutions de construire une cage dorée pour leurs esclaves.

Nous ne voulons plus être prisonniers d‘une cage dorée! Nous voulons tout simplement être libres!

Et nous le sommes! Nous n’avons rien à demander à personne! Dès que nous sollicitons le système de nous donner une autorisation, une permission, une attestation ou quoi que ce soit au nom d’une loi ou d’un règlement, nous nous identifions à notre homme de paille, puisque le système n’interagit jamais avec l’homme/la femme vivant(e).

Nous voulons être libres et heureux, vivre en tant qu‘humains autonomes et indépendants, honnêtes et gentils, empathiques et respectueux envers tout et tous et en aucun cas continuer à fonctionner dans une matrice pourrie. Nous ne voulons plus faire partie de cette pièce de théâtre et jouer à ce jeu débile d’oppresseurs et opprimés. Notre mécontentement, notre malheur, toute cette insatisfaction générale se manifeste de plus en plus par le chaos total dû à la manipulation, le contrôle, l’égoïsme, le stress et tous les conflits existants.

Grâce à l‘OPPT et les documents mis à notre disposition, nous avons quelque chose de concret entre les mains pour battre le système avec ses propres armes. Avec ces documents nous ne demandons rien du tout au système et nous n’essayons pas non plus de le changer, mais par contre nous nous manifestons et nous proclamons nos droits naturels, nos droits divins en tant qu‘homme/femme libre, vivant(e) et souverain(e) et nous ne nous soumettons plus à des lois fictives et insensées.

Ces documents nous aident à utiliser le langage du système pour lui faire comprendre que nous ne consentons plus à son jeu machiavélique qui nous a été imposé depuis toujours et auquel nous avons consenti de plein gré mais dont nous n’avons jamais compris et ne comprenons pas les règles du jeu. Nous annonçons clairement au système que nous nous libérons de cette fiction et de notre homme de paille auquel nous ne nous identifions plus.

Il est donc grand temps de montrer au système, avec ou sans OPPT, que nous savons maintenant que tout n’est qu’illusion et que nous n’acceptons plus, en tant qu‘hommes/femmes libres et vivant(e)s, d’être traités comme des personnes physiques, des entités fictives, que nous ne sommes certainement pas.

Nous croyons encore avoir besoin de ces documents étant donné que nous n’avons pas encore pris conscience de qui nous sommes réellement au plus profond de nous-mêmes; mais tout commence à l’intérieur de nous.

Ces documents sont donc utiles puisque dans cette phase de transition dans laquelle nous nous trouvons, nous sommes convaincus que sans paperasses nous n’arriverons pas à nous affirmer dans ce système bien rodé. 
L‘OPPT pourrait donc se révéler être un instrument adéquat, une sorte de mode d’emploi, pour sortir pas à pas de cette illusion mise en place par le système. L‘OPPT quant à lui n’est pas un nouveau système, mais un appel à la liberté.

Pour tous les curieux et tous ceux qui veulent en savoir plus à ce sujet, voici un lien, en cours d’élaboration, très intéressant:  https://samadevas.com/opptonepeoplepublictrust/


C’est encore un long chemin associé à beaucoup de travail, car chacun de nous doit y mettre du sein, être à l’écoute de soi et prendre conscience de soi-même. En effet, avant que le monde extérieur ne change, le changement doit tout d’abord avoir lieu à l’intérieur de chacun de nous.

Le changement de paradigme consiste à ne plus se comporter en victime, mais à assumer sa responsabilité personnelle. Nous pouvons avoir la certitude que nous avons le droit de disposer de tout, étant donné que nous, hommes/femmes libres et vivant(e)s, sommes ceux qui avons créé tout ce qui est humainement possible sur cette terre. Le gouvernement, donc le système, qui ne fait rien d’autre que de nous tenir dans l’asservissement, n’a pas droit aux impôts qu’il nous oblige à payer puisque tout est le fruit de notre propre labeur et non le fruit de la matrice. Ce n’est pas le gouvernement qui a construit les hôpitaux, les autoroutes, les aéroports et tous ces immeubles etc…, non, c’est nous, les hommes/femmes libres et vivant(e)s! Nous avons droit à tout bien produit par l’humanité sans intervention du gouvernement et surtout nous avons droit à toutes les ressources naturelles qui nous sont offertes par la nature et non par le gouvernement. Avoir droit à tout signifie traiter tout ce que la nature met à notre disposition d’une façon responsable et respectable.

Des hommes/femmes libres, vivant(e)s et souverain(e)s qui ont pris conscience de qui ils/elles sont réellement ne réclament pas d’autorité étatique; ils/elles savent être responsables, respectables et surtout heureux(ses) parce qu’ils/elles SONT tout simplement.

Selon le droit naturel, divin aucun homme vivant n’a d’autorité sur aucun autre homme vivant!

Nous étions ignorants, mais à présent nous savons!

Il est donc urgent de ne plus coopérer avec ce système et de ne plus accepter ni de supporter toute cette mise en scène trompeuse. Il est grand temps de s’ouvrir à quelque chose de nouveau, à quelque chose qui nous semble impossible, mais qui est bien possible puisque nous SOMMES!LIBRES! SOUVERAINS!

Ajout du 30.01.2022:

En ce qui concerne cet article, je voudrais brièvement clarifier mon point de vue. Je suis d’accord avec tout ce que j’ai écrit dans cet article, sauf avec la partie OPPT. Je ne veux et ne peux plus ignorer certains aspects comme p.ex. les symboles dans les logos OPPT, la date 1776 où Adam Weishaupt a fondé l’ordre des Illuminati et le fait que Heather Ann Tucci-Jarraf a travaillé pour le compte de Rockefeller et a ainsi « découvert » toute cette arnaque.

Je n’entrerai pas plus dans les détails, le mieux étant d’en tirer ses propres conclusions en faisant ses propres recherches pour savoir quoi penser de l’OPPT.

Par ailleurs, je reste fidèle à tout ce que j’ai dit et écrit jusqu’à présent.

(Raquel)

5 thoughts on “ECH SINN! Mënsch, fräi, souverän!”

  1. Alliance de la Lumière sagt:

    Villmools merci Raquel et Filomena. de Karine, Alliance de la Lumière <3

  2. filomena sagt:

    Oui raquel,
    c’est magnifiquement dit , nous est la vie, nous est le gardienne et le gardian de l’amour sur terre, devant cela touts obstacles disparaissent car la vie connais son chemin, l’amour est le chemin toujours,
    avec cette article tu a donner des ailes a mon cœur. merci

  3. Maz sagt:

    Nët schlecht, allerdings: Persoun kënnt vun per sona: duerch Klang.
    Villäicht erklärt dat, firwat d’ Leit och emmer méi haart schwetzen, emmer méi jäitzen (also och an normalen Situatiounen) an ëmmer méi Kaméidi maachen

  4. Moes Claude sagt:

    Super geschriwwen Raquel

  5. Marianne Wirtz sagt:

    O wei wouer… as mer direkt an Herz gangen.. Merci fir desen Beitrag.. do waren souviel sachen dobei dei ech och fillen… Merci

Schreibe einen Kommentar zu Marianne Wirtz Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.