D’Wuert zum Sonndég

E weideren Extrait aus dem René Flammang sénger Corona-Chronik (1), mat gewinnt spatzer Fieder geschriwen, en Extrait, deen eigentléch schon sollt de leschte Weekend hei op dëser Plaatz publizéiert gin, vu sénger skurriler Aktualitéit awer nach näischt agebéisst huet. D’Oprégung an d’Polemik ronderëm den oppenen Bréif (2) war awer dank eise Staatsmedien (3) dun dertëscht komm…

Mario Dichter, 06.02.2021 (Bild: Shutterstock)

313ten an 314ten Dag

23ten an 24ten Januar 2021

Et freet een sech esou richteg, dass een elo déi Covid-Variant huet. Do kann een nämlech dat Spill mat der Angscht ongehënnert weider feieren. Elo ass et net méi eisen esou vertrauten Virus deen eis bedreet, nee elo ass et déi béis Variant. An do musse mer elo erëm ganz wachsam sinn, soss helt déi béis Variant ons erëm an.

Dat ass d´Argumentatioun fir dee ganzen Covid-Wahnsinn nach weider ze verlängeren. Et gëtt also net opgehalen mat Vermuddungen an „ech mengen dat wär esou“ Politik ze maachen. Firwat och, dat huet jo bis ewell fantastesch geklappt.

Et ass zwar iwwerhaapt näischt vun all deenen Horrorszenarien agetratt, mee dat spillt keng Roll. D´Haaptsaach ass mir hunn virgesuergt, hunn aus lauter Virsuerg ons Wirtschaft an ons ganzt Land widder d´Mauer gefuer, hunn fir d´Panik ze schieren déi Doudeg emetikettéiert, hunn aus normalen Grippekranken Covidkranker gemaach, hunn ons al Matmënschen nach weider agespaart, natierlech alles nëmmen zu hirem beschten.

An hunn esou ganz niewebäi der Kanzlerin Merkel hire Wonsch erfëllt, dass mer hir weisen, dass mer nach ëmmer en Unhängsel vun Däitschland sinn an dass si kann beschléissen, wie dat Land hei ze funktionéieren huet.

Fir dat ze beweisen, hunn mer dann och elo d´Covid Moossnamen mol verlängert bis den 21ten Februar, also direkt 6 Deeg méi laang wie de Lockdown an Däitschland soll gëllen. An och déi béis Restauranten a Caféen däerfen bis dohin Vakanz maachen. Dat alles, well se sech net geschéckt hunn. Strof muss sinn!

Oder ass et, dass mer net wëllen, dat déi „Preisen“ bei ons „saufen a friesse“ kommen? D´Madamm Merkel huet dat nämlech net gären. A well mer Réckgrad hunn, erfëlle mer dann der Madamm Merkel dëse Wonsch. Et muss jo schliisslech een d´Soen hei am Land hunn.

A wann schonn Bettelen an Lenerten séch zesummen mat der Madamm Von der Leyen als Holzpärd erweisen, muss eben déi eisern Kanzlerin hier. Si huet esou Saachen jo schonn an hirer Jugend däerfen tränéieren an huet dat jo deemools schonn ganz gutt hikritt, also eng Fra mat Erfarung.

Schliisslech gehéiert Lëtzebuerg jo schonn séit laangem zu Däitschland, de Simon huet eis dat jo schonn gewisen.

Et fält mir just eppes op, an dat ass, dass hei zu Lëtzebuerg, nees eng kéier duerch eis Press, esou gemaach gëtt wie wann mir dat eenzegt Land wären, dat un Däitschland grenzt.

Dat ass allerdéngs net de Fall. Am ganzen grenzen 9 Länner un Däitschland. Di Länner hunn also déi gläich Problemer mat engem Merkel wie mir. Firwat héiert een, wann et em Grenzproblemer geet, nëmmen eppes vun Lëtzebuerg?

Och an deenen anere Länner fueren d´Läit iwwert Grenzen an dat anert Land schaffen. Och do ginn et Problemer wann de klenge Grenzverkéier agestallt gëtt. Firwat kuckt e Bettel net mat all deene Länner zesummen géint e Merkel ze goen? Oder ass dat schonn net méi méiglech?

An där EU schéngt an der Tëschenzäit esou villes net méi méiglech ze sinn, wat bis elo virun 11 Méint wéi a Bëtong gegoss war. Esou z.B. ons offe Grenzen. Am Wort gëtt elo schonn eng Formuléierung gebraucht, déi ganz bedenklech ass an déi op allerhand hiweist.

Do gëtt schonn vun den offene Grenzen als Dilemma geschwat. Esou schwätzt onst Ursula elo och schonn dovunner, dass Grenzpendler esou vill wie méiglech vun den Beschränkungen missten ausgeholl ginn.

D´Gewiichtung leit op der Formuléierung „esou vill wie méiglech“. Also gëtt sech schonn mat de Gedanken erëmgeschloen, och de klenge Grenzverkéier ze verbidden. Bei ons gëtt natierlech gemaach, wie wann dat just Lëtzebuerg géif betreffen, mee wie ech am Ofschnëtt uewendriwwer schonn erkläert hunn, betrëfft dat am ganzen 9 Länner.

Esou wie d´Saachen an der Tëschenzäit an der EU lafen, wäerten des evt. Grenzsécherungen vun Däitschland als Erpressungsmettel gebraucht ginn. Dat beschte Beispill dofir ass jo d´Aschwenken vum Bettel op d´Merkellinn, wou een kann gesinn dass des Erpressung schonn hir Friichten dréit. Mir loossen elo ons Restauranten an ons Caféen eng ganz Woch méi laang zou wie Däitschland. Dat ass 100%éch e Knéifall virum Merkel.

An wie een gesäit brauche mir och elo keng héich Infektiounszuele méi, elo geet et schonn duer dass onst Lenert Angscht huet. Well hat Angscht huet, muss d´ganzt Land elo mol nach bis den 21ten Februar am Deellockdown bleiwen.

Mir sinn also elo schonn esou weit, dass e ganzt Land lahm geluecht gëtt, well eng Madamm Lenert Angscht huet. Et muss een sech elo d´Fro stellen, wat et dann gëtt wann der Madamm Lenert hir Angscht net méi verschwënnt, wann si ënnert enger Angschtzpsychos leit?

Muss dann dat ganzt Land immobiliséiert ginn, bis si nees geheelt ass, oder villäicht fir ëmmer an deem Zoustand bleiwen, well si jo Angscht huet? Op wat fir engem Punkt si mir ukomm? Hei gëtt engem Land en onwidderbréngleche Schued zougefügt, mat där Begrënnung, eng Madamm Lenert hätt Angscht.

Ticke mir eigentlech nach richteg?

An och onse Premier schéngt un dëser Krankheet ze leiden, waren et virdrunner déi héich Infizeiertenzuelen, déi si selwer erbäigezaubert hunn, duerch hir Teststrategie, esou ass et elo d´Angscht virun där neier Virusvariant.

Esou wie dat ganzt sech do presentéiert, wäerte mir wuel ni méi aus dësem Däiwelskrees vun „ech mengen“ an „ech hunn Angscht“ an „elo kennt nees eng nei Variant an dann nees eng nei Variant“ méi erauskommen.

An esou geet dat ganzt do weider bis zum Zangtnimmerleinsdag. Et ass ze gesinn, dat et bei där ganzer Saach, wann iwwerhaapt, schonn laang net méi em d´Bekämpfung vun enger Krankheet geet, mee villméi drem, dem Rockefeller seng Agenda ze erfëllen, nämlech ons Gesellschaft an hir Wirtschaft esou vill wie méiglech ze schiedegen.

Et ass de ‚Great Reset‘, deen hei virbereet gëtt. Et soll eng nei Weltuerdnung erschafe ginn. Mir ginn also an en Experiment eragestouss, wou keen Mënsch weess, wat fir en Enn dat ganzt kréie wäert.

Mir lafen an der Tëschenzäit den verschrouwenen Iddien vun e puer alternden Milliardären no, déi mengen, si missten d´Herrschaft iwwert d‘ ganz Welt iwwerhuelen.

Alles Saachen, déi mer fréier an Science-Fiction-Filmer gesinn hunn. Elo sollen se, nom Wonsch vun e puer verréckten Elitten, Wierklechkeet ginn. A mir alleguerten sinn d´Versuchskanéngercher.

A keen Mënsch schéngt eppes dovunner ze mierken.

Si mer dann eigentlech schonn alleguerten komplett verblöd? Oder sinn mer schonn dohinner komm, dass keen méi denke kann?

Wann een dat ganzt do geséit, fillt een sech em 100 Joer zeréckversat. Deemools war et och an den Zwanzeger Joren, wou d´Welt ugefaangen huet, duerchzedréien. Mat de Folgen wat bei deem ganzen erauskoum, si mer haut nach am gaangen drun ze schaffen.

Déi, déi eppes mierken, ginn einfach, och nom Plang vum Här Rockefeller, diffaméiert, als verreckt un de Pranger gestallt an fir de Moment nach monddout gemaach. Et wäert wuel net méi laang daueren, bis se enges aneren Doudes stierwen.

An dat schlëmmst ass, ons Politiker maachen dat Spill do einfach mat.

Wa mer d´Welt aus deem Brëll gesinn, ass an der Zukunft alles méiglech, well hei geet et net méi em Fakten, mee em Wënsch an verschruewen Virstellungen.

An och Politiker aus net méi EU-Länner schéngen des Geleehenheet, vum mengen an Angscht hunn a schüren, ganz gutt gebrauchen ze kennen, fir vun hirem Versoen ofzelenken. Esou huet elo de Boris des Méiglechkeet fonnt, fir d´Opmierksamkeet vum Brexitchaos op de Virus ëmzeleeden.

Hien stiliséiert déi nei Variant, déi jo anscheinend aus sengem Land staamt, zu där geféierlechster Variant vum Virus em, déi d´Welt bis elo gesinn huet. A prompt ziddert alles virun där neier Variant an déi mannst kucken op de Chaos, deen duerch de Brexit am Land ugeriicht gin ass.

Wëssenschaftler versichen zwar nees eng kéier, dat ganzt als komplett Ligegeschicht dohin ze stellen, mee wie mer wëssen déngt dat guer näischt méi, well wann esou eng Geschicht bis viral ginn ass, gëtt et keen hale méi. Virun allem, wann der esouvill do sinn, déi des Variant och gutt gebrauche kennen. Well eppes huet des Kris ganz genee bewisen, wann esou eng Geschicht bis lass getrëppelt ass, krit se eng Eegendynamik, déi praktesch net méi ze bremsen ass.

Mir sinn dann elo och an där gloreicher Situatioun, dass all déi, déi eng aner Usicht hunn, einfach als Verschwierungstheoretiker kennen ofgestempelt ginn.

Dofir suergt schonn eis Regierungstrei Press!

René Flammang, 26.01.2021

  1. https://nues-am-wand.lu/fallzuelen-oder-wei-deif-kenne-mer-nach-falen/
  2. https://nues-am-wand.lu/offener-brief-von-lehr-und-erziehungspersonal-zusammen-mit-besorgten-eltern-bezueglich-der-maskenpflicht-an-schulen/
  3. https://nues-am-wand.lu/causa-offener-brief-eine-erste-bestandsaufnahme/

12 thoughts on “D’Wuert zum Sonndég”

  1. Jos. Reinard sagt:

    Da haben wir noch einmal Glück gehabt. Durch den ab Montag beginnenden Homeschooling
    hat sich unserer Regierung noch etwas Zeit verschaft, um wie vom Santésvertreter versprochenen,
    mit den 120 Unzufriedenen ins Gespräch zu kommen.
    Bertelsmann RTL hat sich schon des Maskenproblems in einem “unwissenschaftlichen”, von der eigenen Redaktion durchgeführten Selbsttest angenommen. Erstaunt war ich doch, als ich im Journal vom
    06.02.21 (ab Min.5:00) erstmalig, vom schon seit 6 Jahren bestehenden “House of Biohealt” und dem
    neuen Bioinkubator? gehört habe, wo unter anderen Start Up’s, auch die Firma Siemens die begehrten
    PCR-test herstellt und welweit vertreibt.
    Ein Mann, der ebenfalls wie René Flammang, mit spitzer Feder schreibt, möchte ich der Leserschaft
    nicht vorenthalten https://www.kenfm.de/steuergelder-versunken-im-ozean-der-bloedheit-von-hermann-ploppa/ Dies kann uns ja nicht passieren, stellen wir doch seit geraumer Zeit, bei Santé Services
    des Hôpitaux Robert Schuman unsere eigenen zertifizierten, sowohl chirurgischen als auch neuerdings
    FFP2 Maskent her. freundlichst

  2. Tom Levy sagt:

    Merci, Här Flammang.
    Mir sin am Totalitarismus ukomm. Wéi Der soot, d ‚Parallellen sin erschreckend, an d‘Bevölkerung schléift weider.
    Absolut blamabel d‘Haltung vun eisen Politiker.
    MbG
    Tom Levy

  3. roger sagt:

    Ganz gudden Artikel
    Leit solle mol ufaenken nozedenken a net mei alles Glewen wat mir vun deenen Erzielt kreien.
    Eis Medien sinn och dorunner Schold dei erzielen eis nemmen wat se daerfen well soss keng Euro’en mei fleissen.
    Dei Teststrategie ass de kompletten Bloedsinn den en gesinn huet et kascht just Geld a brengt glat a guer neischt

  4. Minettsdapp sagt:

    Wéi een op eng ganz subtil Manéier vun de Medien manipuléiert gëtt duerch d’Verbreedung vun Angscht a falschen Donneee, kann een sech am exzellente Reportage “Ceci n’est pas un complot” vum Bernard Crutzen op youtube ukucken.
    Et gesäit een am Film datt Propaganda an dëse Zäiten esou eng grouss Roll spillt wéi virun 80 Joer.

  5. Paul sagt:

    Dat ganzt wär net méiglech wann d’Medien hir Aufgab géife maachen als den 4e pouvoir.

    Si hunn sech einfach prostituéiert a sinn nach just d’Handlanger vun der Politik.

    Et ass nees wéi deemools.

    Die Presse ist ein Erziehungsinstrument, um ein Siebzig-Millionen-Volk in eine einheitliche Weltanschauung zu bringen.

    Adolf Hitler, 1934

  6. Jolanda sagt:

    Merci fir den super Resumé!
    Et ass just nach fir ze katzen wat hei ofleeft. Dei Merkelhörigkeit ass fir sech ze schummen.
    Wiesou vetriet eisen Premier eigentlech nit eis, sein Volkek?
    Hien ass doch fir genee dat gewielt gin?!
    Si sollen emol ophalen mat dem onnotzen Large Scale Testing, ophalen Leit ze testen dei gesond sin an Steiergelder fir neischt ze verpolveren!
    Weil dann wiere mir kee Risikoland mei, geifen et och nit mei ginn an dei ganz Zersteirung keint ophalen.
    Awer fir dat breicht en halt eppes Aneres wei dei Arschkriecherei vun eisen do uewen.
    An Birger, dei emol selwer geifen ufänken ze denken und nit ze Tausenden an dei Testzentren pilgeren.
    Ech mierken grad, dat ass e bessen vill verlangt
    Wahrscheinlech ZE FILL.

  7. Chantal sagt:

    …eng Eegendynamik, déi praktesch net méi ze bremsen ass. Dat ass de richtegen Ausdrock!!!

    Ech sinn mëttlerweil SCHOCKEIERT wei d’Leit brav an ouni mol nëmmen irgend eppes a Fro ze stellen nach ëmmer weider trëppelen, de Kapp an de Sand, Mask un, souguer am Bësch oder mutterséilen aleng op der Strooss oder am Auto. Stellt sech da keen mei irgend eppes a Fro? Ënner anerem dei ganz akut Fro: Wer soll das bezahlen? …….schléicht sech elo lues a lues den 1. Abrël un als nächste Stëchdaag? Quo Vadis, gesonden Mënschenverstand!

  8. Tom Müller sagt:

    Et ass erfreelech dass emmer méi Leit erkennen dass et net d\’Aufgab vun de Medien ass d\’Bierger objektiv z\’informéieren etc mee fir si op Regierungslinn respektiv NWO-Linn ze bréngen! Erstaunlecherweis ginn awer déi wéinegst Leit deen neidege Schrett weider an informéieren sech mol onofhängeg vun de Lige-Medien iwwert den zweete Weltkrich amplaz, wat dat Thema betrefft a wou d\’Virgoensweis praktech déi selwecht wéi beim \’Corona\’ ass, alles blann ze gleewen an emmer rem d\’Geschicht vum \’béisen Daitschen\’ erofzeleieren. Dat Buch \’Der Krieg der viele Väter hatte\’ ass jiddferengem z\’empfehlen deen sech mol eng Kéier abseits de staatleche Lige-Medien iwwert dat Thema informéiere well!

    1. René Flammang sagt:

      Moien Här Müller.
      Ech sinn grad drunn e Film iwwert den Ufank vun den 20er Joeren ze realiseieren.D´Paralellen sinn erschreckend. Virun allem wat d´Finanzen ubelaangt. Awer och wat d´Eropkommen vum Hitler an dem totalitäre Staat ubelaangt.Et sinn all des Saachen déi de Läit einfach net bewosst sinn.Si laafen wie d´Lemmingen deenen no die sech d´Recht ugeeegent hunn dem Vollek ze erklären wat se därfe soen an wat net. Dat ass och eppes wat aus där Zäit bekannt ass.
      Et ass erschreckend wéi wéineg geduecht gett.

      René Flammang

      1. Tom Müller sagt:

        Moien Här Flammang,
        jo, ech mengen d’Mass vun de Leit leeft emmer wéi Lemmingen duerch d’Weltgeschicht, onofhängeg wéieen politeche System grad besteet. Wat ech gemengt hu war, dass déi selwecht Medien déi emmer méi Leit zurecht als Lige-Medien erkennen eis jo net nemme beim Corona-Thema beléien mee soubal et zum Thema zweete Weltkrich kennt da get de Staatsmedien blann gegleeft an dat wat der vill hinne beim Corona-Thema virgeheien (Eensaitegkeet, net zu Wuert komme loosse vun der Géigesait, stigmatiséieren a bestrofe vu Leit déi anerer Meenung sinn etc) stellen si awer net an Zweifel wann et em Thema zweete Weltkrich geet; do kann oder soll hinnen déi jo als Ligner entlarvt sinn, all Wuert gegleeft ginn. Déi selwecht Instanzen déi eis erzielen dass Corona een ‘Killervirus’ ass, hunn eis och hir Versioun vum zweete Weltkrich a vum ‘béisen Daitschen’ ageimpft woubai déi 2 Varianten absolut net der Wourecht entspriechen

        1. René Flammang sagt:

          Moien Här Müller.
          Dat ass net nëmmen mam zweete Weltkrich esou. Ech muss fir meng ganz Filmer ëmmer nees ganz vill Recherchen maachen. Dobäi stoussen ech op déi ongleewegst Ligen a Falschbehaaptungen déi an onsen Geschichtsbicher an an onser ganzer Literatur ze fanne sinn.
          Dir hutt do z.B. deen Preisenhaass, deen hei a Lëtzebuerg grasséiert. Dat gëtt alles duergestallt wei wann mir säit éiwegen Zäiten géint d´Preise gewiescht wären( Preisen dowéinst well dat Land dat deemools un ons gegrenzt huet, Preussen war)
          D´Wourecht ass awer eng ganz aner. Mir louchen vun 1815 bis 1918 zesummen mat den, herno, Däitschen an engem Bett. Mir waren net nëmmen Member vum Deutschen Bund, an haten net nëmmen eng Arméi déi an den Deutsche Bund integréiert war ,mee waren och vun 1842 un mat Däitschland zesummen am Zollverein.An dat bis zum Enn vum éischte Weltkrich.
          Dass Létzebuerg esou do steet wéi et do steet, ass zum gréissten Deel dem däitschen Zollverein ze verdanken .Vun 1922 un sinn mer dunn mat der Belsch an d´ UEBL gaangen.
          Mee hei am Land gëtt déi Zäit wou Lëtzebuerg mat Däitschland op dat enkst verbonne war, net gären ernimmt. Esou guer eis Historiker doen sech ganz schwéier domadder an eréischt séit kuerzem huet eisen Staatsarchiv sech méi staark mat där Zäit, dat eng ganz wichteg Zäit fir onst Land war, auserneegesat an esou guer verschidde Kolocken an eng grouss Ausstellungen doriwwer gemaach.Den Historiker deen dat alles gemaach huet war selwer erstaunt iwwer dat wat en do erausfonnt huet.
          Ech hunn déi ganz Entweckelungen iwwregens a verschidde Filmer thematiséiert.
          Wei der gesitt ware mir nach ni d´Land vun der absolutter Wourecht, éischter de Géigendeel.

          1. Tom Müller sagt:

            Moien Här Flammang,
            natierlech hutt Dir absolut Recht domadder, dass eis Geschicht méi wéi enk mat der daitscher verbonnen ass a mir wat eis Geschicht, Kultur a Sprooch (ons Daitscht, moselfränkischer Dialekt) betrefft menger Meenung no éichter zum daitsche Raich (wat och emmer ausschliesslech negativ duergestallt get) gehéiere missten. Vun deene Versich wou Franzousen eis oder Daitschland ugegraff hunn oder eist Ländchen ‘ofkafe’ wollte mol guer net ze schwätzen.
            D’Geschicht vum zweete Weltkrich mat dem daitsche Raich als absoluten Täter an d’Alliéiert als ‘Befraier’ get jo an der ganzer ‘westlecher Welt’ sait Gebuert an d’Käpp vun de Lait eragehummert obwuel och dat net méi weit vun der Realitéit kéint eweg sinn.

Schreibe einen Kommentar zu Jolanda Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.