Déidléchen Impfdesaster weltwäit!

Den René Flammang hëlt am Kader vun sénger „Corona-Chronik“ (1,2) déi aktuell Ëntwëcklungen a puncto Impfungen ënnert d’Lupp, déi daat dokumentéieren, waat kritésch Zäitgenossen aus allen Beräicher zënter laangen viraussoën; een eenzégen Desaster, deen scho ville Mënschen d’Gesondheet an zum Deel och d’Liewen kascht huet!

Liest dozou och eng aktuell Ergänzung vum 17.02.2021

Mario Dichter, 17.02.2021 (Bild: Shutterstock)

14.2.2021

Ech hunn elo just eng Noriicht vum Dr. Reiner Füllmich an dem Viviane Fischer vum Coronaauschuß iwwert Facebook kritt, (haut den 14.2.2021 um 12:00 Auer), déi dem Faass de Buedem aschléit.

Déi hunn en Interview mat engem Altenfleeger aus engem Berliner Altersheim gemaach.

Dat wat do erauskoum, iwwertrefft alles wat mer bis elo héieren hunn. Et ass allerdéngs eng Bestätegung vun eppes, dat ech schonn méi laang ugeduecht hat. Ech hunn nach ëmmer gemengt, dass dat net kennt sinn.

No dësem Bericht vum Coronaausschuß ass et elo awer zur batterer Realitéit ginn.

An deem Altersheem zu Berlin goufen 31 Patienten geimpft, vun deenen sinn an der Tëschenzäit der 8 gestuerwen an 11 Patienten sinn schwéier krank.

Den Altenfleeger hat Probleemer, den Affekoten des fierchterlech Noriichten matzedeelen. Den Dr. Füllmich huet all Eenzelheeten nogefrot, dobäi koum eraus dass ongeféier 12 Zaldoten an Uniform mat engem Dokter an dat Altersheem erakomm sinn an systematesch ugefaangen hunn, déi ganz Läit praktesch zwangszeimpfen. Et gouf net no Virerkrankunge gefrot, guer neischt. Et gouf nëmmen drop lass geimpft.

No der Ausso vum Fleeger, hunn d´Zaldoten d´Läit, do wou se grad stoungen, soutzen oder louchen, ugehalen an den Dokter huet d´Läit op der Platz geimpft. De Mann war nach fassungslos wie en dat ganzt verzielt huet. E sot en hätt esou eppes nach ni an senger ganzer Karriär matgemaach. Et wär onvirstellbar wat do géif oflafen.

Dat selwecht géif anscheinend och an aneren Altersheemer geschéien. Dat ganzt ass esou onvirstellbar, dass et kaum ze gleewen ass. Allerdéngs gesäit et aus wie wann dat Wierklechkeet ginn wär, wat mer schonn méi laang gefaart hunn.

Et muss een elo kucken wat dorobber follegt, net dass et e Fake ass, fir den Füllmich zesummen mat sengem Coronaauschuß vun der Bildfläch ze kréien. Vu, dass mer mëtten an engem biologeschen an an engem Propaganda-Krich drastiechen, ass et ganz gutt méiglech, dass dat gemaach gouf fir den Füllmich vun der Bildfläch ze kréien.

Dat ganzt war nach net emol eng Stonn online, du war et schonn net méi op Facebook an och net méi op Youtube ze fannen.

Ech hunn herno nach dat ganzt Netz ofgesicht fir nach eng Spuer vun deem ganzen ze fannen, et war näischt méi do. Um Füllmich sengen Internetsäiten an dat sinn der honnerten, waren ëmmer nees Markéierungen ze fannen, mat der Bemierkung, dësen Beitrag ass vun Youtube geläscht ginn. Vun dësem Beitrag war allerdéngs keng Spuer méi do.

Et muss een elo mol dat ganzt weider verfollegen fir ze gesinn wat weider passéiert. Well war et keen Fake, dann ass dëse Beitrag deen Wichtegsten, deen de Coronaauschuß bis elo gemaach huet an dat hätt ganz bestëmmt Konsequenzen.

An deen ganzen Kontext passt och eng Meldung aus dem letzb. Wort vum 9te Februar, wou festgehale gëtt, dass Südafrika en Impfstopp verhaangen huet, well Problemer mat der Impfung opgetruede sinn. Do gëtt zwar nëmmen vum Impfstoff vun Astra Zeneca geschwat.

An anere Länner wie z.B. der Belsch, Däitschland, Norwegen, Frankräich, England, Israel an och hei zu Lëtzebuerg asw. gin awer och schonn Doudesfäll oder schwéier Komplikatiounen no Impfungen festgestallt, esouguer vermeerten „Ausbréch vun Covid“ no den Impfungen.

An iwwerdeems en an Südafrika d´Impfaktioun mat Astra Zeneca gestoppt huet, fänkt een hei zu Lëtzebuerg elo grad domadder un. A wei ech onst Land kennen, wäerten hei absolut keng Problemer opdauchen.

15.2.2021

Ech krut elo nei Informatiounen vum Dr. Füllmich an dem Viviane Fischer iwwert dat, wat ech gëschter geschriwwen hunn. Et huet sech elo erausgestallt, dass dat keen Fake war, mee batter Realitéit! Et ass net ze gleewen wat do leeft.

Mee et sinn och elo aner Medien déi mat op den Zuch opsprangen. Ech hunn grad en groussen Artikel vun der Welt hei leien, déi och op déi ganz Verfilzungen vun der Wëssenschaft an Pharmakonzerner mat der Politik hiweisen. Di Bezuch huelen op dat, wat den Seehofer schonn am Fréijoer 2020 mat Wëssenschaftler ausgemaach huet an Gefällegkeetsgutachten bei dëse Läit bestallt an och kritt huet.

Den Dr. Füllmich schwätzt an sengem neien Video vum Corona Untersuchengsauschuss vun Vëlkermord deen hei ofleeft, gekoppelt un d´Impfung. Si hunn och schonn Klo bei der Berliner Polizei gefouert, do schéngt awer anscheinend keen Intressen un deem ganzen ze hunn.

Et stellt sech elo d´Fro, wie dat ganzt da soll weider goen, well wann déi Institutiounen, déi d´Strofverfolgung solle maachen emol net méi aschreiden, gesäit een wie weit mer schonn komm sinn.

Zousätzlech zu den Informatiounen vum Dr. Füllmich hunn ech hei nach aner Ënnerlagen leien, déi beweisen, dass och an aneren Altersheemer dat gläicht ofleeft. Hei ass z.B. en Artikel aus dem Bild, wou drop higewise gëtt, dass am Krees Oldenburg zu Emstek och 5 Persounen an engem Altersheem gestuerwen sinn, déi schonn déi zweeten Kéier geimpft goufen.

An iwwerdeems sech an onsem Nopeschland d´Situatioun all Dag ëmmer méi zouspëtzt, gëtt hei am Land gemaach wie wann dat ons alleguerten näischt géif ugoen. Ons Regierung fiert hire Kurs onberéiert weider, iwwregens hoergenee d´selwecht wie all déi aner Regierungen an der EU.

Et ass néierens ze mierken, dass eng Regierung géif ufänken de Réckgang anzeleeén. Am Géigendeel, si schéngen sech esou sécher ze fillen, dass se dat ganzt nach verschäerfen, ganz nom Motto; a wien béit eis den Aarm? Dobäi spëtzt sech d´Situatioun ëmmer méi zou. Ëmmer méi Rechtsverletzungen déi an de leschte Méint vun deenen eenzelen Regierungen un hiren eegene Vëlker gemaach goufen, kommen zum Virschäin. Dat ganzt ass reegelrecht am gaangen op d´Spëtzt zouzelafen an keen schéngt et méi kennen ze bremsen.

Mir stinn an enger Situatioun, wie ech se bis elo nach ni a mengem Liewen erlieft hunn.

Iwwerdeems heefen sech d´Noriichten vun iwwerall an der Welt, wou den Pfizer-Impfstoff agesat gëtt, déi vun schwéieren Komplikatiounen bis hin zum Doud vun Patienten schwätzen, déi mam Impfstoff behandelt goufen.

An Israel klammen déi soug. „Infektiounszuelen“ no den Impfungen drastesch an d´Luucht, a Läit, déi virdrun gesond waren, erkranken no der Impfung. Esou sinn 4500 Mënschen, déi virdrun gesond waren, no der éischter Impfung géint de „Virus“ a bemol als positiv getest ginn. Och klammen Doudeszuelen an Israel séit der Impfung em dat dräifacht. Normalerweis misst et jo de Géigendeel sinn.

Hoergenee datselwecht, wat jo och an Däitschland festgestallt gouf. An Norwegen gouf d´Impfung jo direkt gestoppt, well no den éischten Impfungen 23 eeler Mënschen gestuerwe sinn.

Nodeem wat ech bis elo feststelle konnt, aus all deenen Horrormeldungen déi mer aus der ganzer Welt virleien, wat d´Impfung ugeet, leit Doudesrat bei alen Patienten bei ganzen 25%. Eppes Onvirstellbares, wat hei ofleeft. An ons Regierungen, déi jo do solle sinn fir d´Vëlker ze schützen, maachen iwwerall deen makaberen Impfzenario mat.

Si ginn un, fir d´Populatiounen virun engem déitleche „Virus“ ze schützen, (deen, sollt ët en da gin, laut WHO net méi geféierlech ass wie eng staark Gripp,) an dreiwen déi, déi se virginn wëllen ze schützen, an d´Ärem vun dësen Impffanatiker.

Och an Amerika, wou d´Impfungen den 20ten Dezember ugefaangen hunn, ass séit Ufank vun den Impfungen Doudeszuel em 200% geklommen. Als Beispill den 28.12.2020 louchen Doudeszuelen bei 1296 pro Dag. Den 17.1.2021, also praktesch 20 Deeg nom Impfstart, louch Doudeszuel bei 3557 pro Dag. Normalerweis hätten d´Zuelen missten stagnéieren oder esouguer missten erofgoen. De Géigendeel war awer de Fall.

Komescherweis ass an Länner, déi net esou richteg mat hirer Impfcampagne ukomm sinn, wie z.B. an Frankräich, oder och bei ons, d´Zuel vun den „Infizéierten“ an den Doudegen entweder stagnéiert oder esouguer erofgaangen.

Deen selwechte Phänomeen just an ëmgedréinter Aart a Weis ass och an England ofgelaf. Do gouf den 4.Dezember 2020 mat der Impfcampagne ugefaangen. Deen Dag hat England 414 Doudesfäll ze bekloen. 46 Deeg méi spéit sinn Doudeszuelen trotz der Impfung, oder grad dowéinst, em 300% geklommen. Den 20ten des 1ten 2021 louchen se bei 1610 Opfer.

No all deem wat mer an der Tëschenzäit iwwert deen ganzen Desaster wëssen, missten des Impfungen direkt gestoppt ginn.

All des Tatsaachen sinn ganz licht am Internet nozesichen an sinn fir jiddereen, deen sech intresséiert zougängeg.

En aneren Phänomeen gëtt engem ze denken. Dat ass, dass Medezinner déi de soug. „Covid“ mat anere Mëttelen wie den Impfstoffer wëlle bekämpfen an dat och elo schonn séit Méint mat Erfolleg gemaach hunn, elo a bemol op d´Ofstellgleis dirigéiert ginn. An dat ganz dacks mat deenen Argumenter, dass net genuch Datematerial zur Verfügung géif stoen, fir ze beweisen, dass des Präparater wierksam wieren.

Hei ass een also ganz genau. Komescherweis ass een bei den Impfstoffer, wou déi negativ Folgen all Dag méi däitlech un Dagesliicht trieden anscheinend net esou grouss intresséiert. Well obschonn an de leschten Deeg d´Beweiser sech heefen, ginn des anscheinend net fir voll geholl. Dat sinn schonn komesch Virgäng, déi een zimmlech ratlos do stoe loossen.

338ten Dag

17.2.2021

Eppes, wat een och nach stutzeg muss maachen, dat ass dass mir hei dauernd mat neie Virus-Varianten bombardéiert ginn, an de Länner wou des sollen hierstamen a wou se ganz schlëmm sollen optrieden awer déi maanst eppes dovunner  mierken. Wie ech haut bei mengen Recherchen konnt erausfannen ass dat z.B. bei der südafrikanescher Variant esou.

En net Mainstreammedienmaacher huet nämlech en etlech Bekannten a Frënn an Südafrika, déi alleguerten vun deem ganz schlëmme Virus bis haut näischt héieren a gemierkt hunn. Deenen hire Berichter no géif an Südafrika alles ganz normal verlafen, vun där hei héichgespillten Panik, keng Spuer.

Et kann een jo awer net unhoulen, dass mer schonn nees vun onse Mainstreammedien un der Nues eremgefeiert ginn. Am anere Fall misst een jo dann unhoulen, dass des Läit d´Vollek wollten manipuléieren. Esou eppes kann een sech bei esou engem eeschten Thema einfach net virstellen.

Wat allerdéngs och nach ze denke gëtt, dat ass, dass ech op engem 84 säitegen Dokument, dat an mengen Ënnerlagen ze fannen ass, dausende vun Doudegen no den Impfungen kann fannen, an onse Mainstreammedien awer just nëmmen vun eenzelen Malaisen geschwat gëtt.

Dat ass eppes, dat den Normalverbraucher villäicht als ganz normal emfent, well hien der Meenung ass, dass et engem bei deenen Impfstoffer villäicht emol e wéineg schlecht kann ginn, oder wie en anere Mann gemellt huet, dass hien op der rietser Kierpersäit kengerlee Gefill méi hat, oder dass och nach ganz Klinicken hu mussen zäitweis zoumaachen well no der Impfung dat ganzt Personal ausgefall ass.

Dat sinn jo nom Här Drosten ganz normal Niewenerscheinungen, déi een net sollt iwwerbewäerten. Hien mengt jo et sollt een elo net ufänken déi ganz Impfaktioun schlecht ze rieden, wéinst e puer souer Ëmstänn.

Et muss een natierlech wëssen, dass den Här Drosten zu deem auserliesene Krees gehéiert, deen zesummen mam Här Gates, dem Här Tedros, dem Här Wieler an eenzelen Konzerncheffen aus Pharmagruppen, virun der Pandemiedeklaratioun, 2019 am Bundeskanzleramt mat den CDU/CSU-Granden zesummekomm ass, wou iwwer déi Plandemie geschwat gouf, déi dee Moment nach guer net do war. Dat war wéi gesot 2019, wie nach keen Mënsch un eng Plandemie geduecht huet.

Dat sinn also déi selwecht Läit, déi eis haut wëllen un der Nues eremfeieren an ons mat hire Vaccinen wëlle beglécken. Et sinn och déi selwecht Läit, déi zesummen mat de Mainstreammedien dofir wëlle suergen, dass d´Vollek dobaussen näischt vun deem soll mierken, wat hei gespillt gëtt. Well d´Realitéit ass eng ganz aner.

An engem Impfreport, deen d´ganz Welt mat abezitt an praktesch deeglech déi eenzel Fallzuelen vun deenen eenzelen Länner notéiert, (am Intenet ze fannen ënnert https://hpv-vaccine-side-effects.com/covid-19-vaccine-side-effects-world-map/) kommen ganz aner Zuelen zu Dag.

Do ginn z.B. fir den 4.2.2021 an Amerika ganzer 653 Doudeger an 15821 Patienten mat méi oder wéineger schwéieren Niewewierkungen erwähnt, wouvun der 4174 hu mussen hospitaliséiert ginn, dovunner der 2792 op Intensivstatiounen.

Den 12.2.2021 ass e jonkt Meedchen no der zweeter Impfung an de Koma gefall.

Den 9.2.2021 gi fir Europa 395 Doudeger vun der European Eudra Vigilance Database op Grond vun Impfungen mat Pfizer a Moderna genannt. Ganzer 30146 Läit hate Nierwewirkungen. Vun ganz staark bis méi schwaach.

Dat sinn an nëmmen zwee Deeg 1048 Doudeger an Amerika an an Europa. Dat sinn déi offiziell Zuelen, déi jidderengem zougängeg sinn, also och onse Gesondheetsapostelen, déi ons jo anscheinend virun allem wëlle schützen. Wei een kann feststellen ass dat net ganz gelongen.

A well dat esou ass, kréien d´Bierger esou beonrouegend Zuelen an den Mainstreammedien och einfach net matgedeelt. Et wëllt een jo schliisslech keen Spillverdierwer sinn. An et wëllt een kengem d´Hoffnung houlen oder d´Geschäft futti maachen. Do muss dann d´Realitéit e wéineg bescheinegt ginn. Et ass jo fir e gudden Zweck. Déi iwwerbevölkert Welt gëtt alt nees e puer vun hiren Äerdebierger lass. Wann een domadder dem Här Gates an aneren hiren Häerzenswonsch kann erfëllen, mécht een dat jo gären. Den Här Gates weist sech bei esou Saachen jo och ëmmer gären vun senger beschter Säit.

An der Belsch stierwen dann den 7.2.2021 vun 467 Geimpften der ganzer 21. Erëmzefannen ënnert: https://www.nieuwsblad.be/cnt/dmf20210204_95294740

An Singapur sinn 113.000 Mënschen geimpft ginn, 432 kruten schwéier Komplikatiounen, wouvun der 3 en anaphylakteschen Schock erlidden hunn.

Den 28.1.2021 mellt VAERS/CDC aus Amerika nees eng kéier 329 Doudeger duerch Covid Impfungen.

Ech sinn elo op Säit 23 vum Report ukomm, am ganzen besteet en aus 84 Säiten. Méi brauch ech jo net ze soen.

Aus wat fir engem Grond kréie mir déi Saachen, déi jo fir jiddereen zougängeg sinn, net vun onse Medien an onsem Gesondheetsministère matgedeelt? Hunn déi Läit keen Internet? Wëssen se ieren net, wie Recherche gemaach gi? Oder intresséiert et si net? Et kann een jo net unhoulen, dass dat aus schlechtem Wellen gemaach gëtt.

Oder sinn se esou feifilleg, dass se dem Lëtzebuerger esou Noriichten net wëllen zoumudden? Wie een ëmmer nees kann noliesen sinn se dach alleguerten esou em ons Gesondheet besuergt.

René Flammang

  1. https://nues-am-wand.lu/fallzuelen-oder-wei-deif-kenne-mer-nach-falen/
  2. https://nues-am-wand.lu/dwuert-zum-sonndeg/

One thought on “Déidléchen Impfdesaster weltwäit!”

  1. 1984 sagt:

    Hat schon e puer mol probéiert e Commentaire op rtl.lu ze posten, deen net an de Mainstream gepasst huet. All Kéier gouf en zensuréiert, et pour cause. Domat gesäit een wéi d’Vollek och hei zu Lëtzebuerg vun de staatlech subventionnéierte Medien manipuléiert gëtt. Et brauch ee net bis a China ze goen.

Schreibe einen Kommentar zu 1984 Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.