Caraba – Leben ohne Schule

Film

Präsentatioun vum Film zesummen mam Initiator Bertrand Stern, de 25. Oktober 2019 am Ciné Scala zu Dikkerech. Wéi kéint eng Gesellschaft ouni Schoul ausgesinn. D’Visioun gëtt unhand vu 5 Jugendlechen duergestallt, ënnermoolt mat ureegenden philosopheschen Dialogen. Trailer

Doku oder Zukunfstvisioun? – Commentaire vum Raquel  

Ganz interessanten a gudde Film!

Ech muss zwar zouginn, dass ech wärend dem Film gemëschte Gefiller hat, well ech bis bal zum Schluss nët wousst an nët verstanen hunn wat dat mat Homeschooling ze dinn huet. Ech sinn nämlech dovun äusgaang, dass de Film eng Art Dokumentarfilm wier iwwer Homeschooling, wi verschidden Familien doheem léieren mat hire Kanner, wi se e bestëmmtenen Programm duerchginn a wéi se sech organiséieren, well d’Kanner jo de ganzen Dag doheem sinn.

Mä de Film ass ganz anescht opgebaut, éischter philosophesch, eng Zukunftsvisioun wi eng Gesellschaft ouni schouleschen Drock a Programm fonctionnéiere kéint. Ze soën de Film handelt iwwer Homeschooling ass also nët di richteg Formuléierung.

Et ginn 5 verschidden Kanner, Jugendlecher, gewisen, di scheinbar planglos hiren Dag verbréngen ouni richteg ze wëssen wéi et weidergoë soll an hirem Liewen. Di besuergte Gesiichter dann och nach vun verschidden Elteren hu mech irritéiert, well et ass fir mech eriwwer komm wi wann se sech géife Suerge maachen iwwer d‘Zukunft vun hire Kanner an de Film sollt jo awer eppes Positives weisen, an zwar wi flott et ass ouni Schoul. Esou zumindest hunn ech mer et virgestallt. Et huet sech awer dunn och eräusgestallt dass et esou ass.

Zimlech zum Schluss also huet de Film mech richteg gepak, well de Message vum Film, sou wi ech e verstan hunn, mech einfach impressionnéiert huet. Et ass grad di scheinbar Planglosegkeet di mech faszinéiert huet, well et muss een am Liewen nët ëmmer alles direkt verstoën an de ganze Plang virun An hunn. Wann ee Vertrauen a sech selwer huet a keng Angscht, mécht een instinktiv dat Richtegt, dat wat engem selwer (sengem Wiësen) entsprécht.

Tatsächlech hunn di 5 Haaptpersonnagen sech de ganzen Dag beschäftegt mat deem wat se am Léifsten an am Beschte kënnen ouni sech beaflossen ze loossen a vun hirem richtege Wee ofzekommen. Dat kristalliséiert sech zum Schluss ganz kloër eräus wann den Zuschauer gewuer gët wat fir eng Beruffer di 5 Persounen spéider äusüben. Si sinn di ganzen Zäit hirer Intuitioun nogaangen a woussten genau wat se géifen maachen an hunn hir Bestëmmung nët äus den An verluer. Dat war méiglech, well si sech fräi entfale konnten, well se nët an engem Schoulsystem gefaange waren, deen hinnen seet wat se interessant ze fannen hunn a wat se wéini ze léieren an ze wëssen hunn.

Einfach nëmmen genial!

Esou stellen ech mer nämlech glécklech an entspaante Kanner vir, am Aklang mat sech selwer, well se fräi sinn sech dat Wëssen unzeeegenen dat se dee Moment bräuchen a weiderbréngt.

Jiddereen weess nämlech am Beschten wéini de richtegen Zäitpunkt ass eppes Bestëmmtenes ze léieren. Sou wi jiddereen eben vu sech äus geléiert huet z.Bsp. goën a schwätzen, ouni Zwang, no sengem  Rhythmus, no senge Besoinën.

Dofir ass Homeschooling och nët di richteg Approche a mengen An, well et soll jo nët drëm goën den Programm vun der Schoul trotzdeem duerchzegoën, just dann eben doheem. Jo doheem sëtzt een dann guer nët esou laang derbäi, wat jo schonn déck positiv ass. Vill Elteren maachen am Fong näischt aneschtes wi Homeschooling, just mat Stress a mam groussen Ënnerscheed, dass d‘Kanner nach derbäi trotzdeem stonnelaang roueg an der Schoul sëtzen mussen! De Programm ass nämlech esou vast, dass d‘Schoulstonnen nët duer ginn! An et ass leider just Quantitéit keng Qualitéit!

Ech ginn lo nët weider op dee Punkt hei an, well dat erëm esou e vast Thema ass. Hei trotzdeem e puer Beispiller:

Ech ka mech nët erënneren Lëtzebuergesch a Portugisesch geléiert ze hunn andeems ech Säiten a Säiten Vokabelen (a wat fir eng!) a Grammaire (oft sou komplizéiert!) gebéchst hunn…

Ass et wichteg Trilliarden rechnen ze kënnen oder wochelaang Dreiecker ze studéieren?…

Därfen d‘Kanner an der Schoul kritesch denken an analyséieren an sech dozou äusseren oder gesäit d‘Realitéit nët éischter esou äus, dass si e virgeknaten Programm ouni ze hannerfroën, erëmgi mussen?…

Fir op den Homeschooling zréckzekommen, ass et jo esou, dass een och rëm nët ganz fräi ass deem nozegoën wat ee selwer fir richteg fënnt, mä et gët een erëm gezwongen eppes ze léieren wat een Aneren fir richteg hällt. Sou bleift d’Kreativitéit awer op der Streck, well een dann op eng Manéier „virprogramméiert“ gët. Do ass alt erëm nët di néideg Plaz fir d’Vertrauen an di eege Fähegkeeten. Ass natiirlech schonn immens positiv an gutt dass mer hei zu Lëtzebuerg di Méiglechkeet hunn an d‘Kanner do vill méi fräi sinn wi an der Schoul. Mä et geet nët wäit genuch, well e Programm deen een doheem duerchgoë muss an och nach  kontrolléiert gët, ass nët richteg. Am Film ass och dofir guer keng Riets iwwert ierjend welchen Programm.

Ech muss hei präziséieren, dass d‘Associatioun Alli den Homeschooling nët an deem Sënn wi hei beschriwwen, vertrëtt, och wann et oft sou praktizéiert gët, mä villméi ënnerstëtzt a verteidegt d’Alli d’Recht op Bildung sou wéi dat an der Konventioun vun de Menscherechter virgesinn ass, eben dass et e Grondrecht ass sech fräi ze entfalen. De Film CaRabA weist eis wi et geet…

E Kand wëll nämlech vu sech äus eppes léieren an interesséiert sech och fir Villes, dat gesäit een och gutt am Film. D’Kanner kommen selwer drop dass liesen, rechnen a schreiwen an hirem Liewen wichteg ass an dann léieren s‘et och, well se de Sënn doranner gesinn.

Di ganz Ofhängegkeet vu Computerspiller, Fernseh an deen M‘en-Foutisme, kënnt dat dann nët och dovun dass d‘Kanner einfach nëmmen an eng Form gepresst ginn, si sech upasse mussen, hir eegen Talenter verkannt bleiwen an sou nët wëssen wee se sinn a wat se wëllen, an se sech dann eben sou duerch den Dag schleefen? Wann d’Kanner maache kéinten wat si interesséiert, dann wiren se mat voller Begeeschterung derbäi a bräichten keng onnéideg a sënnlos Oflenkung, well si sech wuel géinge spieren an hirer Häut.  

Fir mech ass et kloër, dass wann d‘Kanner wi se kleng waren esou vill selwer geléiert hunn ouni Drock a Schoul, firwat soll dat ebeemol aneschtes sinn, wann se e bestëmmtenen Alter ereecht hunn? Firwat sollen se dann ebeemol mat 6 Joër nët méi selwer eens ginn mat hiren perséinlechen Fähegkeeten?

D‘Kanner a Jugendlecher bräuche Begleeder a Leit déi hinnen noläuschteren, déi se an hirem aktuelle Wëssen ënnerstëtzen an se nët forcéieren an eng bestëmmten Richtung ze goën. Empathesch Mënschen di de Kanner, hirem Wiësen, an hirer ënnerlecher biologescher Auer vertrauen an hinnen ze verstoë ginn, dass hire Wee genau de richtegen ass egal ob den Aussenstehenden nët direkt versteet wou de Wee dann lo hiféiere soll.

Wat ginn eis Genien verluer duerch d‘Schoul!

Nei a flott Beruffer géifen bestëmmt entstoën!

Ech sinn der Meenung, dass wann d‘Kanner an d‘Schoul misste goën fir léieren ze schwätzen, goën an Velofueren an nach all di aner wonnerbar Saachen di se vum selwen léieren mat vill Spaass, Begeeschterung an Virwëtz, kéinten et di Meescht am Lycée mol nach nët, well d‘Schoul een nët fuerdert a bild, mä verréckt mécht an depressiv… 

Zitat vun engem Kand: „ D‘Schoul ass e Gefängnis wou mer forcéiert ginn ze schaffen!“ Dat seet jo alles…

Wi schéin dogéint am Film gewise gët wat äus engem ka ginn wann ee sech fräi entfalen därf!

Well d’Schoul ass jo kee Garant eppes geléiert ze hunn. Do gët een souwisou just a Kategorien agedeelt (ganz gutt, gutt, manner gutt, guer nët gutt an hoffnungslos) an et geet een guer nët op di eenzel Talenter an. D‘Kanner di dann an de Schoulsystem passen hunn di gréissten Chancen e gudden Beruff ze kréien.

Mä wat ass iwwerhaapt e gudde Beruff? Zeechent sech e gudde Beruff äus duerch méi Schoul?  Bedeit dat dass e Beruff wou ee vill Schoul bräuch méi wichteg ass? Bedeit dat dass ee méi Kompetenzen huet, well ee laang an d‘Schoul gaangen ass? Bedeit vill Schoul méi Intelligenz? Ass nët all Beruff wichteg deen dem Mënsch an der Gesellschaft notzt?

Wa mir Erwuessener missten fonctionnéieren wi d‘Kanner an der Schoul, dann misste mer jo och alleguer dat selwescht kënnen an eis fir dat selwescht interesséieren.

Als Erwuessener hu mer och verschidden Interessien a verhalen dat wat eis interesséiert an de Rescht vergiesse mer. Leider ware mer och Kanner di an d’Schoul gaange sinn an also och vergiess hunn wee mer wirklech sinn. Da gi mer oft schaffen a Beräicher di eis guer nët zousoën, well mer halt mussen Suën verdingen an et eisen Dramberuff nët gët oder mer domadden nët iwwerliewe kënnen. Wann een d‘Leit freet ob se hiren Dramberuff maachen, ass d‘Äntwert oft NEE. Wi traureg!

Mir läuschteren nët op eis a liewen nët, mä fonctionnéieren an engem System deen mer sou acceptéieren a virgelieft kréien. 

De ganzen System ass awer leider faul a fir eppes ze bewierken, bréngt et näischt sech iwwer den System opzereegen an ze hoffen dass deen sech ännert, mä vill méi géif et eppes bréngen domadden unzefänken seng Kanner „ganz einfach“ nët méi an d’Schoul ze schécken, well se sech dann fräi entfale kënnen mat all den positiven Konsequenzen.

Natiirlech ass dat nëmmen machbar (sou eng Zukunftsvisioun wi am Film) wann nach vill aner Saachen sech änneren, well et hänkt ALLES zesummen…

Raquel, am November 2019

Kleng Remarque: Am Film gët dat Wuert Kand nët gären benotzt, well et eng negativ Konnotatioun huet, an deem Sënn, dass direkt mol viräusgesat gët, dass e Kand nët all Rechter huet wi en Erwuessenen an och gesot muss kréien wéi e Wee et anzeschloën huet.

Hei fannd der Infos iwwer “Homeschooling” zu Lëtzebuerg.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.