Fallzuelen – oder wéi déif kënne mer nach falen ?

Aktuellen Auszuch aus dem René Flammang séngem Buch, wou en zënter dem Ufank vun der „Kris“ dru schreiwt an selbstverständlech ëmmer nach virun dru schreiwt, vu dass besote „Kris“ jo partout keen Enn wëll fannen, och wann eigentlech keen esou richtig ze wësse schéngt, firwat. Mat spatzer Zong a mat der néideger Portioun bëssegem Humor beschreiwt de Produzent vu opklärende Filmer wéi „Lëtzebuerg am Krich“ oder „ARDENNEN Wanter 1944-45“ (Foto) doran, wéi absurd d‘Ëmstänn ronderëm déi sougenannten Corona-„Pandemie“ sinn a berifft sech dobäi virun allem op déi „offiziell“ Quellen à la ‚Luxemburger Wort‘‚ ‚RTL‘ a Konsorten.

De René huet sech iwwert vill Joëren intensiv mat de Schrecken vum 2ten Weltkrich auserneen gesat a gesäit tëscht verschiddensten totalitären Muechtergräifungen an den aktuellen Entwécklungen am Kontext vun enger erbäigeriedener an duerch näischt beluechtener „Pandemie“, déi een wuel als hybride Krich kann a muss bezeechnen, duerchaus Parallelen, déi selbstverständléch nët ze tolleréieren sin…ganz am Géigendeel!

Merci Ren fir Däin onermiddléchen Asaz a fir de klengen Abléck an Déng ablécklech Aarbecht!

Mario Dichter, 23.12.2020 (Bilder: Shutterstock/Privat)

20.12.2020:

Losse mer emol kucken wéi d´Fallzuelen sech laut letzb. Wort vum 13. Dezember un dann wierklech entwéckelt hunn. E Sonndeg goufen 1313 Tester gemaach, dovunner waren der 182 positiv. Dei ginn dann einfach als krank positiv agestuuft, obschonn jo an der Tëschenzäit all Kand misst wëssen, dass dat net esou ass an ass dat eent näischt mat deem aneren ze dinn huet.

239 Patienten géifen momentan an de Klinicken behandelt ginn, dovunner 50 op der Intensivstatioun. E Méindeg goufen dann nees 11201 Tester duerchgefouert an 349 Tester waren Positiv, also schonn e groussen Ënnerscheet zum Sonndeg.

238 Patienten waren dunn am Spidol, dovunner 48 op der Intensivstatioun. Also och hei sinn d´Fallzuelen erofgaangen. Et ass just komesch, dass ëmmer manner Leit sech « ustiechen » , et awer ëmmer méi Doudeger ginn. Esou sinn et der um Méindeg direkt 8 méi. Et wären elo 418 Opfer.

Et gëtt gesot si wären mam Coronavirus gestuerwen. Mam heescht net um. Also et weess keen u wat déi Leit wierklech gestuerwe sinn, dofir misst eng Obduktioun gemaach ginn. Wat awer, wéi bei all deenen aneren Doudesfäll, ni gemaach gouf.

Ech hunn iwwregens an der Tëschenzäit vun 6 Leit matgedeelt krut, dass bei hinnen Leit, déi un enger Longenentzündung oder engem Häerzinfarkt oder aneren Doudesursaachen gestuerwen sinn, einfach op Covid emetikettéiert goufen. Een Affekot ass där Saach op de Grond gaangen an huet vum Dokter verlaangt e misst erëm déi richteg Doudesursaach op den Doudeschäin schreiwen. No éischten Weigerungen (well et hei och em vill Geld pro Covid-Doudegen geet), huet den Dokter dann herno de richtegen Doudeschäin dann dunn awer erëm ausgeschriwwen.

Där Fäll sinn ewell iwwerall ze bemierken. An iwwerall beschwéieren d´Leit sech, dass hir Verstuerwen fir des Lige mëssbraucht goufen. Dat ass also net nëmmen en eemolege Fall. Mir kréien also hei permanent Ligegeschichte verzielt.

Mee losse mer mat der Analys weiderfueren.

ET HUET EEN ELO GEMIERKT, DASS EEN Tester nees muss an d´Luucht fueren, wëllt een déi neidech Fallzuelen erreechen. Dofir ginn dann en Dënschdeg nees 13900 Tester duerchgezunn, also genee 2699 méi wie nach den Dag virdrun. A schonn fend een erëm 595 Positiver, déi een direkt erëm zu Infizéierten erkläert. Also schonn nees eng Ligen. Well 595 Positiver heescht jo bekanntlech net 595 Infizéierter.

An obschonn een elo esou vill méi positiv Fäll huet, ginn d´Fäll an de Spideeler zeréck. Elo sinn der nëmme méi 235 an de Spideeler. Den Dag virdrun waren et der nach 238. D´Zuel op der Intensivstatioun bleift bei 48. Doudeszuelen klammen em weider 3 Fäll op 421.

Den Dag drop ginn dann nees 12787 Tester gemaach an nees 434 Positiver festgestallt, déi direkt nees zu Infizéierten ëmfunktionéiert ginn. Innerhalb vun engem Dag falen d´Hospitalisatiounen vun 235 op 230 erof. Och d´Intensifbehandlungen ginn em eng Persoun op 47 erof.

Den aneren Dag ginn dunn erëm 13015 Tester gemaach an nees 449 Positiver festgestallt. Dei Flux nees als Infizéiert verkaf ginn. Also schonn nees eng Ligen. Haut fält d´Zuel vun den Hospitalisatiounen op 226 erof. D´Zuel vun den Intensivpatienten fält och vun 47 op 43 erof.

Wann een sech dat ganzt hei ukuckt, muss een feststellen dass d´Zuel vun den Kranken an de Spideeler net klemmt, mee villméi fällt. Och d´Beleeung vun den Intensivbetter klemmt net , mee fällt. Ausserdeem sinn d´Zuelen vun den Testpositiven vun iwwer 800 den Dag op, wei ech haut héieren hunn, op 390 den Dag zeréck gaangen. Wou kann een also vun enger dramatescher Entwécklung no uewe schwätzen, wann een des Zuelen gesäit?

Et ass dermadder ganz kloer ze erkennen dass hei ganz aner Ursaachen hannendrun stinn wie d´Klammen vun de beluechten Spidolsbetter, dat ons hei dauernd virgelunn gëtt. Well genee de Géigendeel ass de Fall. Wat sollen also des dauernd Ligemärercher?

Haut den 20ten Dezember um 9 Auer kennt um Radio dass bei 13800 Tester nëmme méi 339 Positiver fonnt gi wären. D´Zuelen an de Klinicken sinn op 218 erofgaangen d´Intensivpatienten sinn op 39 gefall. An awer gëtt genee de Géigendeel behaapt.

An England ass elo nach méi eng schlëmm Variant vum Virus fonnt ginn. De Virus behëlt sech also ganz genee esou wie am Covid Plang vum Rockefeller verlaangt gëtt. Et besteet also keen Zweiwel méi, dass dat ganz genee no dësem Plang ofleeft. Och an Holland soll dësen Virus schonn opgetrueden sinn. D´Situatioun spëtzt sech also, genee wie am Rockefeller Plang verlaangt, zou. Dat ass also elo déi drëtte Phas, genee esou wie et am Rockefeller Plang verlaangt gëtt.

Di zweet Méiglechkeet, wat hannert deem ganze stécht, sinn Brexit Verhandlungen. Vun Bréissel aus wëllt een Drock op England ausüben fir d´Brexit Verhandlungen dach nach am Sënn vun der EU ënner Dach und Fach ze kréien. Vir den Drock weider ze erhéigen hëllt een elo eng Mutatioun vum Virus als Virwand fir d´Land komplett ze isoléieren. A Wierklechkeet ass et méi wie sécher soss näischt wie en dreckegt an hannerhältegt Spill, vir d´Englänner weech ze kachen. Ech liesen elo grad, dass dëse Sonndeg eng Frist, déi EU Abgestorbenen den Englänner gesat hunn, géif oflafen.

Do kennt déi Virusmutatioun wei geruff. Et ass wei ech schonn méi dacks gesot hunn, dee Virus ass eng richteg“ Gabe Gottes“.

Op där anerer Säit huet een erëm e gutt Drockmëttel fir den EU Bierger den neien Vaccin ze verkafen. Et gëtt jo schonn gesot, dass en och géint des nei Variant vum Virus géif gräifen. Et ass ze schéin fir wouer ze sinn.

Do ass eng ganz nei Variant vum Virus entdeckt ginn, déi bis elo keen kannt huet an wou bis elo keen Mënsch weess wie geféierlech en ass. Zur gläicher Zäit seet een awer dass de Vaccin och géint dëse Virus géif gräifen. Et ass also schonn nees d´Gebrüder Grimm Stonn. Mir kommen anscheinend aus deene Märechersstonnen guer net méi eraus.

Mee mir hunn ons schonn esou un déi Märercher gewinnt, dass mer schonn guer net méi ouni esou eng Märchenerzielung richteg schlofe kënnen. Dat passt och alles esou gutt. Et ass jo elo d´Joreszäit vun de Chreschtkennercher, vun de Schof, de Kéi an den Ieselen am Stall.

Et gëtt engem direkt waarm em d´Häerz. Endlech emol erëm eng schéin Geschicht, déi een un seng Kandheet erënnert. Et ass nëmme gutt dass mer elo endlech eng Regierung fonnt hunn, déi dem Verlaangen no ëmmer méi Märercher, esou gären no kennt.

Do ass d´Geschicht vun der Transparenz. An déi Transparenz ass och ouni rosaen Brëll ze gesinn an ze spieren. Esou guer d´Fassaden vun den Seniorenheemer ginn all Dag méi transparent. D´Leit kennen elo esou guer virun der Fassad stoe bleiwen wann se wëllen hir schwéier geschützten Elteren oder Grousselteren gesinn. Dat ass alles elo méigeleg.

A wéi néideg dat alles ass, gesäit een jo och dorunner dass den Altersduerchschnëtt vun den Covidopfer bei 83 Joer läit. Et ass also ganz kloer des Grupp, déi haut am meeschten vum Doud bedreet ass. Et ass haut eben alles anescht wie fréier. Deemools , virun 75 Joer ,waren et déi 18- bis 30 Järeg déi am meeschten gestuerwe sinn. Mee am Krich ass dat eben esou, déi 83järeg kennen net méi esou séier lafen.

Mee och dat huet sech haut komplett verännert, haut stierwen eben déi 83 järeg éischter, also muss een déi extrem gutt schützen, wëllt een se wéinstens nach e puer Méint ënner ons halen.

A mir sinn jo haut esou eng human Gesellschaft ginn, dass mer déi, déi ons am meeschten kaschten, och wëllen am meeschten schützen. Dat ass jo awer eng Selbstverständlechkeet. Et ass dann och gutt wann een dat Negativbeispill vun Schweden huet. Do ass et anscheinend och esou, dass déi iwwer 83 järeg am meeschten an der Covid Kris gestuerwe sinn. An och si hu gemengt si hätten net genuch opgepasst. Bei esou vill Wourecht gëtt et engem richteg waarm em d´Häerz.

Och ons belsch Noperen suergen sech ëmmer méi em hir Noperen. Well se esou verseucht sinn, mussen se elo alleguerten en negativen Covid Test bei sech hunn wann se an dat Land era wëllen. Och si kennen bestëmmt de Covid Plang, well si hunn elo Angscht déi drëtte Well kennt virum Verfallsdatum ageschleeft ginn. De Verfallsdatum, ass laut Plang, jo awer eréischt am Februar.

Mee dorunner gesäit een och wie néideg eng Ustrengung vun onser Regierung ass endlech vun deem verziwten Image, deen d´Lëtzebuerger bei onse Noperen hunn, erof ze kommen. Et ass en Image deen ons Gesondheetsministesch mat vill Méi a ganz vill Geld a Suergfalt opgebaut huet, vir ons nees eng Kéier un d´Spëtzt vun Europa ze katapultéieren. An et muss een soen duerch hir enorm Teststrategie ass dat hir och bal gelongen.

Den klengen Nieweneffekt ass allerdéngs dass ons ganz Noperen mat esou verziwten Noperen näischt méi wëllen ze dinn hunn. Elo kennt ee natierlech soen, da sollen se et sinn loossen, mir brauchen si jo net.

Do huet eis nei Gëttin dann natierlech de Problem, dass dann hei am Land d´Rieder ufänken stell ze stoen.

Et setzt een zwar an der Regierung all Hiewel a Beweegung fir dem gréngen Partner säi Wonschziel vun engem Null Wuesstem an evt esouguer engem Minuswuesdemprogramm ëmzesetzen, mee esou genee wëllt een dëst dann awer net maachen.

Well lues a lues mierkt een, dass trotz grandiosen gréngen Iddien, dann a beemol dat Geld feelt dat een dem Land esou grousszügeg verschreift, fir dass ons Wirtschaft an domadder dat ganzt Land, net awer un dëser Rosskur futti geet.

Fazit ass, mir mussen ganz séier mat eisen Infizeiertenzuelen erof. An dat muss nees eng Kéier esou gemaach ginn dass déi Persoun déi haaptsächlech hannert deem ganzen Dilemma stécht, net weider beschiedegt gëtt. Schliisslech ass si zum beschten Päerd am Stall eropgeréckelt. Esou en Tromp kann een elo net wéinst esou enge Klengegkeeten verspillen.

Als eenzeg Leisung fir aus deem Dilemma erauszekommen ouni d´Gesiicht oder déi ganz Persoun ze verléieren, ass also en Lockdown. An et ass wie eis Gëttin richteg gesot huet, mir mussen elo eben nach emol op d´Zänn bäissen, wëlle mer et packen erëm zu den normalen Natiounen ze gehéieren.

Mat anere Wieder, hir Teststrategie ass voll an d´Box gaangen an dat kann een elo duerch e Lockdown verstoppen.

Wéi hunn se beim éischten Lockdown gesot? E Lockdown mécht een nëmmen wann een net méi weess wée et weider soll goen. An natierlech ass dat och elo eng gutt Reklamm fir d´Impfung. Dass d´Leit elo alleguerten gesinn wée wichteg dach esou eng Impfung ass, wëllen se net fir all Zäiten an engem Lockdown versénken.

René Flammang, 20.12.2020

An hei nach ganz aktuell :

281ten Dag

22.12.2020

En ass elo beschloss, den zweeten Lockdown. Deen bei ons, genee wie soss iwwerall, ni méi sollt kommen. Elo ass en awer do. Wie parhasar fält hien vum Himmel. An d´Chreschtkennercher stinn mat oppenem Mond do. Si staunen net schlecht wat fir e schéine Kaddo ons léif Regierungsmataarbechter sech ausgeduecht hunn, fir hier Scheewercher ze beglécken. Si wëllen och elo ganz gutt dorobber oppassen dass mer ons och elo an den iwwerflëssegen Geschäfter, déi jo a Wierklechkeet keen Mënsch brauch, net méi ustiechen. Ech fannen et zwar absolut positiv, dass een geséit wie besuecht déss Läit vir hiert klengt Vollek sinn. Et ass eng Suergfalt déi een fréier bei onse Regierungen ëmmer vermësst huet. Freier war dat alles e wéineg ze lasch an ze flappseg, dofir huet een sech elo entschloss des Feeler vun fréier net méi ze maachen an e wéineg besser op seng Scheewercher opzepassen. Dass déi Astellung vun fréier net richteg war, geséit een jo dorunner dass doduercher dëse Virus sech konnt , virun allem an de Gehierer, festsetzen.An et ass och eréischt do wou en seng ganz Geféierlechkeet kann richteg zur Geltung bréngen.

 Et ass dofir och net verwonnerlech, dass iwwerall Politiker sech Gedanke maachen, wie se net nëmmen den Mëssbrauch vun der Sproch kennen ënnerbannen, mee villméi och dat ganzt geféierlecht Denken kennen ënner Kontroll bréngen. Do ginn et haut jo awer ganz aner Méiglechkeeten wie zu Zäiten vum Adolf, dem Stalin, dem Här Ulbricht an dem Här Honecker. Mir sinn jo technologesch net stoe bliwwen. Nee mir sinn esouguer esou intelligent ginn, dass onsen eegene Kapp net méi duergeet, fir alles ze denken, wat et haut esou ze denke gëtt. Dofir hunn ons Regierungen och gären op d´Hëllef vun esou Enthusiasten wie Bill Gates, George Soros oder Rockefeller zeréckgegraff. Schliisslech ass et dëse Läit gelongen den normalen Denkprozess, deen heiansdo nëmme ganz lues virun sech geet, duerch Auslagerung, enorm ze beschleunegen.

 Et kann een nëmme frou sinn dass mer ons kleng Gehierer mat esou Denkprozesser elo net méi brauchen ze belaaschten. Des Läit, ganz dacks och als Wueltäter vun der Gemeinschaft ugekuckt, hunn et esouguer färdech bruecht, dass haut Deeler vum Gehier kënnen an Täsch ausgelagert ginn. De grousse Virdeel ass dass do och aner Intresséierter d´Méiglechkeet hunn matzedenken. Do war et fréier, an deenen klenge Käpp, schonn méi schwéier fir eranzekommen.

 Et ass nëmme gutt dass mer haut esou nodenklech Politiker hunn, déi ons dann och onbedéngt un all deenen Neierungen wëllen Deel huele loossen. An dat ganz selbstlos. Winni hunn mer dat an onser ganzer Humaniteitsgeschicht schonn emol erlieft. Absolut Selbstlosegkeet an dat wuer een hikuckt. Et ass e schéint Gefill wann een esou ëmsuergt ass. Wann een och geséit dass komplett friem Läit sech Gedanken iwwert engem séin Liewe maachen. Solidaritéit wuer een hikuckt. Mir sinn drop an drun an e ganz glécklechen Zäitalter eranzerutschen. Mee wie ëmmer, déi meescht mierken näischt dovunner, si sinn esou domadder beschäftegt un hirem neie Gehier an der Täsch ronderëmzedokteren, dass se keen kloren Gedanke méi kenne faassen. De Problem ass an der Tëschenzäit, dass een fir e Gedanken ze faassen och muss e Gehier hunn. Et geséit nämlech esou aus wie wann der vill nach just en Huelraum géifen mat sech ronderëmdréien. Freier hunn se do ëmmer gemengt do wär Stréi dran. Mee den Nodeel ass, dass Stréi och nach brenne kann. Do ass da schonn méi sécher e Vakuum. Wie een weess kann sech Feier net an engem Vakuum ausbreeden. Dat huet natierlech och séin ëmwelttechneschen Virdeel. Do wou net esouvill dran ass, brauch een net esouvill mat sech ronderëm ze schleefen. An et kann och näischt brennen. Also et besteet absolut Sécherheet, dass sech näischt entzünde kann. Logesch Iwwerleeung. Energie gespuert. An Energie gespuert ass gläich eppes vir d´Ëmwelt gemaach. A fir an des schéin nei Welt kennen anzedauchen, muss een deen schwieregen an energieintensive Prozess vum Denken aneren Läit iwwerloossen. Wann een sech dat emol ausrechent, wat dat fir en Energiegewonn ass, wann nach just een brauch ze denken. Dat ass wierklech d´Léisung fir all eis Energieproblemer. Deen aneren Virdeel ass, wann keng Energievergeudung méi stattfënnt, brauch keng Energie méi hiergestallt ze ginn. An nees eng kéier hunn mer Energie gespuert an hunn eppes géint d´Äerderwiermung gemaach. Wei een geséit, sinn mer voll an der Kreeslafwirtschaft dran. Et kennt een dat ganz elo nach weider denken, mee wie mer aus dësem Beispill gesinn hunn, ass den Denkprozess energieopwendeg.

Fazit, wëlle mer eppes fir eis Äerd maachen musse mer Energieverschwendung op der Säit loossen. An net nëmmen dat, mir mussen se mat alle Mëttelen bekämpfen. Et muss een sech elo mol ausrechnen wat dat fir en Energiegewonn ass, wann 7 Milliarde Mënschen net méi mussen denken an dat alles vun engem oder och villäicht 6 Wessenden iwwerholl gëtt.

Dat kann dach nëmmen eng glécklech Zukunft ginn. An dat bescht ass, mat engem Schlag ass déi ganz Äerderwiermung Geschicht. Dofir ass et och verständlech wann Perséinlechkeeten wie d´Madamm Merkel der Meenung sinn, dass mer nach just eng Weltregierung brauchen. Si huet dat bestëmmt zu Davos héieren, wou een sech a leschter Zäit anscheinend vermeert mat esou Denkschemaen muss ronderëm schloen.

Mee loste mer net ze vill denken…

René Flammang 22.12.2020

4 thoughts on “Fallzuelen – oder wéi déif kënne mer nach falen ?”

  1. monique sagt:

    Ech hoffen dass endlech d’Leit erwächen an ophéieren wi Schof engem Leithammel no ze lafen….. wann se alleguër e bësse giffen nolauschteren wat eis agetriichtert gëtt, an dat giffen analyséieren, da giffen der vill mierken wéi mer alleguër ver….. gin.

  2. Chantal sagt:

    Här Flammang, Dir schwätzt mer aus dem Bauch eraus!¨Ma wou sinn all dei aner Leit hei am Land, wou d’selwecht denken??????????? Mir kannen jo bal nëtt dei eenzeg sinn?!

    1. Monique sagt:

      Jo…. dat stëmmt. Wou sinn all di aner Leit, a winni erwächen se?

  3. Joseph+REINARD sagt:

    Dem René seng Zuelen sin interessant, esou wei seng Iwerléung mam Brexit.
    Lo kennt da vleicht eisen neien Militärfliger an den Asatz, dén ass jo an der
    Belsch stationneirt, wou jo och de Pfizer/Biontec Impfstoff hirgestallt get?
    Wann elo +- 13000 Bierger sech freiwelleg mat engem net valideierten PCR testen lossen, froen ech mech weivill Invitatiounen dann verscheckt gin ?
    Et gesait aus wei wann dei Zuel elo wou Impfen mei no kennt, och Akzeptanz vun de Bierger geif uweisen., frendlechst.

Schreibe einen Kommentar zu Monique Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.